Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten
https://moien.lu/preston-hook-up/

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten

Pyongyang huet um Samschdeg eng spektakulär Entscheedung geholl a bekannt

dating forster nsw
https://moien.lu/preston-hook-up/

https://moien.lu/oxy-hookup/

Ob als geckege Pirat, tollpatschege Vampir oder och verréckte Besëtzer

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik
https://moien.lu/preston-hook-up/

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik

Nodeems den eenzegaartegen Duo CHAiLD & MAZ mat der Single

Télétravail fir eis belsch Frontalieren: alles Täuschung?

Télétravail fir eis belsch Frontalieren: alles Täuschung?

An de leschten Deeg war vill Rieds iwwert d‘Gespréicher tëscht der Belsch a Lëtzebuerg, déi sech op eng méiglech Erhéijung – vu 24 op 69 Deeg – vun de Schaffdeeg ausserhalb Lëtzebuerg bezitt, ouni datt et zu enger Besteierung, am Kontext vum Télétravail duerch de belsche Fisk kënnt.

Op den éischte Bléck, esou den OGBL, mécht dat den Androck eng gutt Nouvelle fir en Deel vun de 45.000 belsche Frontalieren ze sinn, déi vun dëser Moossnam dierfte profitéieren. Schonn 2015 hate Gewerkschaftsvertrieder sech mam zoustännege Minister zesummefonnt, fir dësem konkret Virschléi zum Télétravail ze ënnerbreeden.

Den Télétravail (eng Iddi déi och vun der Demokratescher Partei gefërdert gëtt) wier eng vun den Optiounen, déi zu enger besserer Harmoniséierung vu Beruffs- a Familljeliewe kéint bäidroen. An eng vun de Propose vum OGBL war notamment, d‘Erhéijung vun der Unzuel un Deeg, wou den Télétravail ugewannt ka ginn.

Et ass jo esou, datt an den ënnerschiddleche fiskale bilaterale Konventiounen, eng Begrenzung vun den Deeg, zu deenen de Salarié vun doheem aus fir d‘Entreprise täteg ass, festgeluecht ginn ass. An dat stellt d‘Grondlag duer, fir dat de betraffene Salarié den Télétravail an aller Legalitéit an Transparenz, ouni Benodeelegung am Kontext vum „beschäftegte Frontalier, kann ausüben.

Steierrecht ass kee Sozialrecht!

Nieft der belsch-lëtzebuergescher fiskaler Konventioun, besteet allerdéngs och en europäescht Reglement (883/2004), dat sech der Koordinatioun vun de Sozialversécherungssystemer am europäesche Wirtschaftsraum ugeholl huet.

Dëst Reglement hält fest, datt, wann e Frontalier méi wéi 25% vu senger Aarbechtszäit, physesch am Land wou dëse residéiert schafft, deen automatesch der Sozialversécherung vu sengem Land ënnerstallt ass. Dat bedeit: wann e belsche Frontalier 69 Deeg Télétravail am Joer mécht, deen déi „Grenz“ vu 25% géif iwwerschreiden, an esou der belscher Sozialversécherung ënnerworf ass.

Eppes méi däitlech: de belsche Frontalier géif esou seng sozial Rechter zu Lëtzebuerg verléieren. Dat betrëfft beispillsweis d‘Familljenzoulagen, d‘Pensioun, d‘Krankeversécherung a villes méi.

Wann elo den OGBL de Projet iwwert deen diskutéiert gëtt als „luewenswäert a voller gudder Absichten“ betruecht, esou misst en déi concernéiert Ministeren aus der Belsch a Lëtzebuerg awer op dës Partikularitéit – déi dem europäesche Reglement geschëlt ass – hiweisen.

Ee Schratt nom aneren

Den OBGL ass och der Usiicht, datt et näischt bréngt eng hypothetesch Modifikatioun vum Reglement 883 ofzewaarden, mee dat an éischter Linn – ënner Sozialpartner – d‘Modalitéite vum interprofessionellen Accord iwwert den Télétravail, mussen nei verhandelt ginn.

An dann, am Kontext vun der Harmoniséierung vun der Uwennung vun de Legislatiounen, alle Frontalieren déi selwecht Steier- a Sozialrechter ze garantéieren. Nëmmen esou wier et méiglech, hinnen den Télétravail an aller Legalitéit ze erlaben.

Vun der Gewerkschaft ass an dësem Sënn eng „urgent“ Entrevue mam Ministerpresident vu Wallounien, Willy Borsus, ugefrot ginn. Den OGBL wëll dësem seng Positioune virdroen, an och aner Problemer, wéi d‘Mobilitéit a soss alldeeglech Suerge vun de Salariéeën diskutéieren.

All belsch-lëtzebuergesche Frontalier kann sech vum OGBL berode loossen. Dat kann ee via den Telefon +352 54 05 45 542 oder per e-Mail un frontaliers.belges@ogbl.lu maachen.

Ähnlech Sujeten Belsch, Frontalier, Gewerkschaft, Homeoffice, Lëtzebuerg, OGBL, Teletravail
Nächsten Artikel Virrechten Artikel