Search

You may also like

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop
Neiegkeeten

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela
Neiegkeeten

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Bréissel huet um Méindeg d’Entscheedung getraff nei Sanktioune géint de

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!
Neiegkeeten

Mat gesonder Ernierung de Kriibsrisiko senken – Entscheet dech richteg!

Nodeems bei der leschter Campagne “Entscheet dech richteg” vun der

Télétravail fir Grenzgänger sollt bis 2021 méiglech sinn

Télétravail fir Grenzgänger sollt bis 2021 méiglech sinn

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie huet sech den Télétravail fir vill Salariéeën aus der Grenzregioun wärend dem Etat de Kris an dem Confinement bewäert. Elo geet drëms ze klären, kann et eng Léisung mat eisen Nopere ginn, dësen Arrangement bis zum 31. Dezember 2020 ze verlängeren? Am beschte wier et generell eng fir all Säite besser Léisung ze fannen.

Streng geholl ass et jo esou, datt op EU-Niveau vereenbaart ass, datt ee bis zu 25% vu senger effektiver Schaffzäit, vun doheem aus schaffen dierf, ouni sech am Heemechtsland musse bei der Sozialversécherung unzemellen. D‘Affiliatioun bei der Sozialversécherung (CNS) wier domadder net a Fro gestallt. Am Kontext vun der Coronaviruskris war d‘Reegel flexibel gehandhaabt ginn.

Elo heescht et dann awer Uecht doen, wëll dës Reegelung bezitt sech net op d‘Besteierung vum Akommes. Hei gëtt et tëscht Lëtzebuerg a sengen Nopere sougenannt bilateral Accorden, déi awer bis Joreswiessel „agefruer“ goufen. Ansonsten heescht et, datt déi steierlech Uewergrenz fir déi Däitsch Pendler 19 Deeg, d‘Belsch 24 an d‘Fransousen 29 Deeg, bedréit. Och dat sollt méi ginn…

Dat generell ze verlängeren ass keng einfach Aufgab fir de Finanzminister, well hie muss mat all Land am eenzelen en Accord fannen. An natierlech wier et, bezunn op d‘Gläichstellung esou wéi dat an eiser Verfassung verankert ass, wann et mat allen dee selwechten Deal kéint ginn. Et dierf ee jo och net vergiessen, datt jo jiddereen elo d‘Virdeeler vum Télétravail misst erkannt hunn.

Nieft der „Schutzfunktioun“ am Kontext vun der nach ëmmer bestoender Pandemie, huet den Télétravail jo och nach eng Rei weider Avantagen, déi net méi vun der Hand ze weise sinn: et gëtt manner Verkéier op de Stroossen, den ëffentlechen Transport ass an de Spëtzestonnen net méi grad esou iwwerlaascht an fir déi meeschten ass et e Gewënn u Liewensqualitéit a Geld.

Et sollt een dann och dovunner ausgoen dierfen, datt de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) dee jo och emol Chef vun der Handelskummer war, weess wéi eng Argumenter sozialwirtschaftlech relevant sinn. Säi gréisste Problem sollt dann och den „Accord“ u sech sinn, mee et esou higebéit ze kréien, datt all d‘Partner sech op eng Linn eenegen, fir dat kee bevir- oder benodeelegt gëtt.

Illustratioun: © Charles Koh / unsplash

Related topics Belsch, Beruffspendler, Däitschland, Finanzministére, Frankräich, Grenzgänger, Pierre Gramegna, Teletravail
Next post Previous post