Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

11 Moossname fir d‘Entreprisen ze stäipen
Neiegkeeten

11 Moossname fir d‘Entreprisen ze stäipen

An der leschter Plenière vun der Handelskummer, hunn déi 25

Trump: „D‘USA dierfe kee Lager fir Migrante ginn!“
Neiegkeeten

Trump: „D‘USA dierfe kee Lager fir Migrante ginn!“

Hie bleift sech trei, och wa seng Aart a Weis

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…
Neiegkeeten

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Mëttlerweil misst ee sech eens sinn, datt d’Droe vun der

Télétravail: Vill oppe Froen

CGFP-Ënnerriedung mam Minister vu Ëffentlechen Déngscht Marc Hansen

Télétravail: Vill oppe Froen

Mëtt Mee hatt d‘CGFP de Minister vum Ëffentlechen Déngscht, Marc Hansen, mat engem ausféierleche Moossnamekatalog zum partielle Retour op d‘Aarbechtsplaz am Kontext vun der Coronavirus-Kris konfrontéiert.

Zu de Schwéierpunkten déi ugeschwat goufen, gehéiert den zukünftegen Ëmgang mam Télétravail. Am Kader vun enger Visiokonferenz, déi mat der CGFP-Exekutive stattfonnt huet, huet de Minister Hansen den Homeoffice zur ieweschter Prioritéit erkläert.

D‘CGFP widdersetzt sech kengeswees dem onbestreibaren Trend vun der Digitaliséierung. Iert et allerdéngs zu enger flächendeckender Aféierung vun dëser neier Aarbechtsweis am Staatsdéngscht komme kann, muss um gesetzlechen Niveau nogebessert ginn. Dem zoustännege Ressortchef gouf an dësem Zesummenhang eng ganz Palett vu konstruktive Virschléi ënnerbreet.

Grad an Zäite vun enger rasanter Digitaliséierung, muss de Staat senger Virbildfunktioun gerecht ginn. Dobäi dierf de Facteur Mënsch zu kengem Zäitpunkt op der Streck bleiwen. Dee vum Ministère fir den Ëffentlechen Déngscht ausgeschaffte Leetfuedem stellt wuel ee flotten Iddienusatz duer, mee dës gutt gemengte Moossnam geet allerdéngs net duer, fir de ganzen Ëmfang vun dëser neier Entwécklung auszeliichten.

Och wann de Marc Hansen, dee jo och bäigeuerdnete Minister fir Digitaliséierung ass, mat enger systematescher Aféierung vum Homeoffice bei der Bevëlkerung Punkte wëll, dierf dës Zilsetzung net derzou féieren, datt de Staatsdéngscht als Versuchslaboratoire fir onausgeräift Konzepter hierhale muss.

Den Télétravail, dee wärend dem Noutstand wäitgoend ugewannt gouf, dierf beim luese Retour zu enger gewëssen Normalitéit op kee Fall eent zu eent iwwerholl ginn. Nieft alle Virdeeler, déi d‘Schaffe vun doheem aus bidde kann, bleiwe vill spezifesch Punkten ze klären.

Do wou et méiglech ass, trëtt d‘CGFP fir eng alternéierend Teleaarbecht an, bei där ofwiesselnd doheem an op der Aarbechtsplaz geschafft gëtt. Op dës Manéier soll d‘Gefor vun enger sozialer Vereinsamung ënnerbonne ginn. Am Bezuch op eng verstäerkten Notzung vum Homeoffice si kloer, verbindlech an eenheetlech Reegelen erfuerderlech, déi déi Beschäftegt viru méiglechem Mëssbrauch a viru fräier Willkür schützen.

Den Ament llet all Verwaltung oder ëffentlech Ariichtung hir eegen Homeoffice-Reegele fest. Dës Erugoensweis entsprécht net den Uspréch vun engem modernen ëffentlechen Déngscht, fir deen d‘Gläichbehandlung vun alle Mataarbechter sollt maassgeeblech sinn.

Onnéideg, sënnlos Schikanen duerch eng kontraproduktiv Aarbechtsbelaaschtung dierfen net als lästegt Tabuthema ofgewéckelt ginn. No der Iwwerzeegung vun der CGFP dierf den Homeoffice och net dozou genotzt ginn, den Aarbechtspensum duerch déi hënnescht Dier eropzeschrauwen. All geleeschten Aarbechtsstonn muss ausnamslos erfaasst a remuneréiert ginn.

Fir d‘CGFP versteet et sech vum selwen, datt fir de Mataarbechter keng zousätzlech Käschte fir d‘Uschafung vun enger aarbechtsgerechter Ariichtung entstoen dierfen. Déi Verwaltungen, déi net iwwert déi noutwenneg technesch Ausrëschtung verfügen, mussen zäitno opgerëscht ginn.

Och op juristeschem Niveau bleift villes opstoen. Unhand vu wéi enge Kritäre kann een en Aarbechtsaccident am Homeoffice geltend maachen? Nohuelbedarf gëtt et zudeem am Steierberäich, fir datt Mataarbechter aus dem ëffentlechen Déngscht, déi an der Groussregioun liewen an sech fir den Télétravail entscheeden, net benodeelegt ginn. Am Kader vun enger grousser Steierdebatt mussen EU-iwwergräifend Léisunge fonnt ginn, well soss eng massiv Auslagerung vun Déngschtleeschtungen op Käschte vun den hei Beschäftegten dreet.

Vill Ongewëssheet geet et och nach ëmmer a Saachen Dateschutz: kënnen ëffentlech Beschäftegter, onofhängeg dovunner, ob si am Land oder am noen Ausland wunnen, ouni Bedenke vertraulech Dokumenter behandelen? A wien dréit d‘Verantwortung am Fall vun enger Cyberattack?

Froen iwwer Froen, déi enger déifgräifender Äntwert säitens der Regierung bedierfen. Dës ëmfangräich Lëscht ass kengeswees vollstänneg. Si ëmräisst leedeglech déi Erausfuerderungen, déi mat enger flächendeckender Aféierung vum Homeoffice anhier gaange sinn.

D‘Verallgemengerung vum Télétravail elo am Schnellverfaren duerchboxen ze wëllen, andeems all berechtegt Bedenken ausgeblend ginn, géif dat Ganzt zu engem doutgebuerene Kand maachen. D‘CGFP begréisst et dofir, datt de Minister engem weidere Meenungsaustausch mat Daachverband vun allen am ëffentlechen Déngscht beschäftegte schonn zougestëmmt huet.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem Däitschen iwwersat, vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Andreas Palmer / unsplash

Ähnlech Sujeten CGFP, Homeoffice, Marc Hansen, Reprise, Teletravail
Nächsten Artikel Virrechten Artikel