Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E voll gepaakt Déierchen
Meenung Money

E voll gepaakt Déierchen

E gutt Buch muss keng honnerte Säiten hunn. Et muss

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op
Meenung Money

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op

Den Dënschden 4 August, hunn zwou Explosiounen d’Stad Beirut, Haaptstad vum

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?
Meenung Money

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?

Si hunn et an de Bistroen, am Bus, am Auto

money

Teletravail wier eng Optioun, d‘Politik gëtt domatter awer net eens

Teletravail wier eng Optioun, d‘Politik gëtt domatter awer net eens

Vun doheem aus schaffen – wat eng schéi Virstellung! Ass awer och eng Saach vun der Disziplin a wuel och der Motivatioun. Do wou den „Teletravail“ ubruecht ass an och reell Virdeeler ka brénge sollt en dann och agesat ginn.

Dat bedeit jo net, datt da kee méi op de Büro kënnt oder jiddereen an der ënneschter Box senger Aarbecht nokënnt. Et bedeit schonn emol guer net, datt dowéinst manner géif geschafft ginn. Awer et bedeit, datt ee gewësse Viruerteeler muss lass ginn an och d‘Aarbechtsrecht hei ugepasst gëtt.

Eigentlech dann och net nëmmen d‘Aarbechtsrecht, och steierlech a fir de Krankheetsfall mussen d‘Texter entspriechend ugepasst ginn. A ville eenzel Beispiller leien d‘Virdeeler, wann et gutt organiséiert ass, op der Hand. Kee Stress um Aarbechtswee, méi Liewensqualitéit a besser Disponibilitéit.

De Grond firwat Teletravail zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong stécht ass, datt der vill an Administratioune schaffen an och zu Lëtzebuerg wunnen

An zu Lëtzebuerg ass esouguer den Aarbechtsminister dem „Teletravail“ net feindlech gesënnt. Hie setzt sech dann och fir e Pilotprojet bei den „Administratiounen“ an. Firwat nëmme bei den Administratiounen? Ma well déi meescht déi do schaffen och zu Lëtzebuerg wunnen. A genee do läit d‘Kromm an der Heck.

Et wier just e steierleche Problem, deen den Teletravail zu Lëtzebuerg zum scheitere veruerteelt. Laut EU-Reegele muss e Grenzgänger 80% vu senger Aarbechtszäit och do verbréngen, wou seng offiziell Aarbechtsplaz ass. Ass deem net esou, bezilt de Salarié seng Steieren do wou hie wunnt.

An natierlech gesäit de Nicolas Schmitt weder bei de Noperen nach op europäeschem Niveau eng Léisung. Gutt, d‘Offer vum Pierre Cuny, Buergemeeschter vun Thionville, Raim fir de „co-working“ virun der Grenz ze schafen an esou der alldeeglecher Vëlkerwanderung entgéint ze kommen, ass u sech net schlecht. Mee et bleift d‘Fiskalitéit.

Nujee, op der enger Säit grouss Klimaziler, de Wonsch no enger „alternativer“ Mobilitéit a méi Liewensqualitéit. Den Teletravail, also vun doheem aus schaffen, ass da vläicht net déi geniaalste Léisung, mee eng vu villen Alternativen. Et kann d‘Stroossen entlaaschten, ass fir elengerzéiend eng wierklech Optioun fir „Aarbecht a Famill“ ënnert en Hutt ze kréien.

Nujee, dovunner si mir awer nach wäit ewech. An dat ass oft esou mat einfache Léisungen. Et léisst sech ëmmer eppes fanne fir gutt Iddie schlecht ze rieden. Mir wier et léiwer, wann et eng realistesch Optioun gëtt, et géif ee sech Gedanke maache wéi een dat ëmsetzt, amplaz ze kucke wéi een et verhënnert kritt.

Ähnlech Sujeten Nicolas Schmit, Steieren, Teletravail
Nächsten Artikel Virrechten Artikel