Search

You may also like

D‘Europaparlament an de Brexit
International Neiegkeeten

D‘Europaparlament an de Brexit

A 15 Deeg ass et esouwäit, dat sinn d‘Brite baussent

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op

Den 12. Mäerz fannen d‘Sozialwahle statt, a wie gëschter am

dislike
Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker
International Neiegkeeten

Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker

Datt bei engem Indiespill den Entwecklerteam iwwerschaubar ass, si mer

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“

Déi vun der russescher Regierung „kontrolléiert“ Televisiounschaîne Russia Today (RT) huet um Méindeg bestätegt, sech de Fuerderunge vun den US-Autoritéiten ënnerworf ze hunn, a sech als „Agent vum Ausland“ agedroen ze hunn. Eng Fuerderung op déi Moskau verséchert huet eng passend Äntwert ze hunn.

„Tëscht der Wiel vun ‚enger Enquête duerch d‘Justiz‘ an dem ‚Enregistrement als Agent vum Ausland‘ hu mir eis fir déi zweet Optioun entscheet. Mir begréissen déi amerikanesch Aart vun der Meenungsfräiheet an all déi wou nach dru gleewen“, huet d‘Margarita Simonian, Chefredaktesch vum ex-Russia Today, sech ironesch op Twitter zu Wuert gemellt.

Scho leschten Donneschdeg hat déi russesch Televisiounschaîne bekannt ginn sech dem sougenannte FARA-Gesetz (Foreign Agents Registration Act) ze ënnerwerfen. E Gesetz, dat all Gesellschaft déi e Land representéiert, oder eng auslännesch Organisatioun dozou zwéngt, reegelméisseg den US-Autoritéite Ried an Äntwert ze stoen, iwwert seng Verbindung mat deem Land oder der Institutioun. Geschitt dat net, kënnen der Gesellschaft hir Konten agefruer ginn.

Den US-Justizministère huet um Méindegowend an engem Communiqué matgedeelt: „FARA begrenzt net d‘Meenungsfräiheet an och net den Inhalt vun den Informatiounen“ Mee d’Interim-Ministesch Dana Boente huet ënnerstrach: „D‘Amerikaner hunn e Recht drop ze wësse wien, am Optrag oder fir auslännesch Interessen, an den USA versicht d‘Regierung oder déi ëffentlech Meenung ze beaflossen“.

De Verdacht an d‘Uschëllegung ass net nei

Am Fall vu Russia Today an der Presseagence „Sputnik“ hunn déi amerikanesch Autoritéit schonn oft de Verdacht ausgedréckt an Uschëllegunge gemaach. Béid Medie géife vu Moskau kontrolléiert an hätten de Optrag d‘Propaganda vum Kreml ze verbreeden. Zudeem geet esouwuel RT wéi och Sputnik verdächtegt, d‘Wahlcampagne zur US-Presidentschaft beaflosst ze hunn.

RT hätt als offiziell Missioun eng „alternativ Siicht“ an en „Iwwerbléck vun der russescher Positioun“ am Ausland ze vertrieden an ze verbreeden. D‘Televisiounschaîne, déi wëlles huet dës Fuerderunge viru Geriicht ze kontestéieren, gëtt un vum US-Justizministère eng Frist gesat kritt ze hunn, fir sech dëse Fuerderungen ze ënnerwerfen.

D‘Fuerderunge vu Washington sinn um Samschdeg vum russesche President Vladimir Putin als „Ugrëff op d‘Meenungsfräiheet“ bezeechent ginn. De Putin huet dann och kloer gestallt, datt „et eng adequat Äntwert“ vu Moskau wäert ginn.

An der „klenger Kummer“ vum russesche Parlament soll dann och schonn e Mëttwoch e Gesetz gestëmmt ginn, dat als Géigemoossnam zu den US-Fuerderunge betruecht ka ginn. Esou zumindest d‘Erklärung vum Vizepresident vun der Douma, dem Piotr Tolstoï. Domatter kéinten US-Medien, wéi „Voice of America“ a „Radio Free Europe / Radio Liberty“, zwee vum US-Kongress finanzéiert Radiosender, och gezwonge ginn sech als „Agente vum Ausland“ registréieren ze loossen.

Et soll dann och haart driwwer nogeduecht gi sinn, eng ähnlech Mesure fir CNN ze ergräifen. D‘Aussoe vun de russeschen Deputéierte sinn hei awer extrem kontradiktoresch. Et wäert ee mussen den Debat zum Gesetz a seng Ofstëmmung ofwaarden, fir hei Gewëssheet ze hunn.

mat AFP

Foto: © Kirill Kudryavtsev/AFP

Related topics Radio Free Europe, Radio Liberty, Russia Today, Sputnik News, Voice of America
Next post Previous post