Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees
International Neiegkeeten

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees

Zanter enger Rei Joren, ka sech d‘Direktioun an de Verwaltungsrot

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung
International Neiegkeeten

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung

Organiséiert vu „Spiridon 08 “, ass de Beetebuerger Laf de

geek
Den Star Wars Day, erkläert
International Neiegkeeten

Den Star Wars Day, erkläert

Et ass de 4. Mee an iergendwéi ass iwwerall Star

#TellEurope: Net all d‘EU-Spëtzekandidaten hunn Europa am Sënn

Wa sech kee fir d‘Europawahlen interesséiert, hunn d‘Politiker e liicht Spill

#TellEurope: Net all d‘EU-Spëtzekandidaten hunn Europa am Sënn

Datt et iwwerhaapt Spëtzekandidate gëtt, wou dach de Bierger selwer nëmmen Deputéierter wiele kann, déi dann am Zesummeschloss (Fraktioun) d‘Posten a Mandater verginn, ass bosseg genuch, a fir vill Leit net wierklech demokratesch. Kee Wonner dat haaptsächlech Journalisten den Debat vun de Spëtzekandidaten zu Bréissel verfollegt hunn…

An hei huet engem direkt d‘Iwwerschrëft vum Europaparlament op de Mo geschloen: „D‘Kandidate fir d‘Presidentschaft vun der EU“. Moderéiert gouf dat wat als Debat bezeechent gëtt, vun dräi Leit. Eng Persoun aus Däitschland, Finnland a Frankräich, hu ganz an der Traditioun vun „Eurovision“ fir wéineg Häerzklappe bei den Zuschauer gesuergt, an no den éischte Sätz dierft gezappt gi sinn.

 

EuropaDobäi sollten d‘Leit virun hire Bildschiermer wëssen, datt déi Politiker déi do hiert Gesiicht an déi sëlleche Kamerae gehalen hunn, alleguerten d‘Mandat vum EU-Kommissiounspresident am Bléck hunn, net awer zwéngend eng pro-europäesch Politik vertrieden, a fir eenzeler ganz am Eescht net emol de Bierger am eegene Land de Beweeggrond fir d‘Kandidatur ass. Et geet ëm Muecht a Geld.

D‘Favoritte sinn d‘Serviteure vun der Wirtschaft

A well d‘Bierger vun den europäesche Memberlänner – zwar duerchaus d‘Avantage vun der Unioun unerkennen, de System „Europa“ awer ni op eng verständlech Manéier erkläert kritt hunn – éischter onintresséiert d‘Campagne verfollegen, an op de Wahlplakater vill Politiker aus der „zweeter Rei“ zu Gesiicht kréien, muss et erlaabt si festzestellen, datt den Debat gëschter nëmmen eng Show war.

Wien dann awer deelgeholl huet, huet och Uspréch. Esou den däitsche Manfred Weber dee vun der EPP zum Spëtzekandidat geküürt gouf an och d‘Nofolleg vun „eisem“ Jean-Claude Juncker wëll untrieden. Säin direkte Géigner ass e Politiker dee sech selwer als Sozialdemokrat definéiert, wat awer um Numm vu senger politescher Famill muss geleeë sinn. Rieds ass vum Frans Timmermans.

Europa

Den Hollänner huet mat sengem Ufanks-Statement dann och emol mat engem esouwuel utopesche wéi onhaltbare Verspriechen „iwwerrascht“: „Et ass un der Zäit datt grouss Konzerner endlech Steiere bezuelen, datt mir europawäit e Mindestloun aféieren an datt mir de Klimawandel ganz uewen op d‘Todo-Lëscht vun der zukünfteger EU-Kommissioun setzen“. Dat kann een esou soen…

Fir de Mann aus Bayern, deen dem Viktor Orban ideologesch eppes ze nosteet, muss et eppes ze gewot gewiescht sinn, sech mat engem prezise Statement ze lancéieren, an hie sot dann och: „Ech wëll déi nächst Kommissioun, eng Kommissioun vum Neiufank nennen, enger neier Ära, déi vum Optimismus déi der Welt weist: Mir kënnen als Europäer esouvill erreechen“. Dat ass Inhalt?

Interessant d‘Agräife vum Margrethe Vestager aus Dänemark (EU-Kommissärin fir Konkurrenz) déi fir déi „liberal“ als Spëtzekandidatin optrëtt. Si steet eigentlech op der Säit vun der Wirtschaft mee behaapt: „Fir mech ass et am wichtegsten, datt dir als Europäer d‘Méiglechkeet erhalen dat Liewen ze liewen, dat si liewe wëllen, datt si derzou gehéieren an eng fair Chance erhalen“.

Eppes „Géigegewiicht“ gefälleg?

Elo gëtt et natierlech och Konkurrenz fir déi genannte Spëtzekandidaten. An net nëmmen datt et hei keen eenzege Kandidat gëtt, deen och nëmmen den hauch vun enger Chance hätt sech, iwwert e Mandat am Europaparlament erauszekommen, déi meescht daache politesch näischt an hunn och net den europäesche Gedanken als prioritär ideologesch Ausriichtung fir hir Politik gewielt.

Am beschten opgetrueden ass déi däitsch Vertriederin vun de gréngen, Ska Keller, déi schonn eppes Erfarung zu Stroossbuerg gesammelt huet, an den „alen Hären“ gehéierlech op de Sak geet, wat ee begréissen dierf an och sollt. Hir Chancen op der Virsëtz vun der EU-Kommissioun? Déi huet et ni ginn, an éischter konvertéiert déi polnesch Regierung zum Islam, wéi datt e grénge President gëtt.

Europa

D‘Ska Keller vun den däitsche grénge war, wann een eng Meenung zum Debat huet, déi eenzeg éierlech Persoun déi sech um Debat bedeelegt huet. (ScrSh)

Fir den Nico Cué aus Spuenien, dee fir déi europäesch lénk untrëtt ass d‘Ausgangslag keen Deit besser, woubäi dat och dorunner ka geleeë sinn, datt et mat der Kommunikatioun nach net „Topp“ ass, an déi meescht Iddien zudeem och en éischter utopesche Charakter hunn. Och nach mat derbäi, dee vun der Fraktioun vun de Konservative a Reformer, de Jan Zahradil. Dee brauch elo keen…

Woubäi den tschechesche Faschist, dee wéi et sech ënnert gudde Populiste gehéiert, mat der Migratioun „ausenanersetzt“ a gëschter en ongehéierlech doucen Toun benotzt huet, fir seng Iddien ze vertrieden: „Mir mussen eng aner Léisung fannen: Mir sollten déi souverän Rechter vun de Regierungen a Parlamenter an de Memberlänner respektéieren, ob se Asyl gewähren oder net“.

De lénken Nico Cué huet de Chômage – besonnesch dee vun de Jonken – an der EU an de Fokus gedréckt. E Sujet dee wuel wichteg ass, mee net de Gros vun den Europäer Interesséiert wat schued ass well: „Fir eis ass kloer: wa mir géint d‘Aarmut an Ausbeutung kämpfe wëllen, musse mir nees zu besseren Aarbechtskonditiounen an onbefrist Aarbechtsverträg zeréckfannen“, an deem ass esou.

Eng gewëssen Iwwerhieflechkeet muss sinn

Chômage an Aarbechtskonditiounen, datt ass e Sujet, vun deem sech och e Manfred Weber an e Frans Timmermans eng Plus-value erhoffen. Dofir ass et wichteg ze wëssen, datt kee vu béiden e seriéise Virschlag huet wéi een dem Problem ka begéinen, well si sech an dësem Punkt nach net mat hire respektive Lobbygruppen a soss geaartet Influenzer op eng gemeinsam Linn verstännegt hunn.

Dat léisst sech zum Beispill dorunner Festmaachen, datt d‘Ska Keller enorm Opportunitéiten am Kontext vum Ausbau vu klimafrëndlechen Energië gesäit, wat vun der Industrie awer net gewollt ass a folgerichteg weder vum Weber nach vum Timmermans als probat Mëttel géint de Chômage unerkannt ginn. Woubäi de Manfred Weber versprécht d‘EU bis 2050 Klimaneutral ze maachen.

Europa

Esou al gëtt de Mann mat zimlecher Sécherheet net, an esou kann ee jo roueg eppes verspriechen, wann et sech nëmme gutt unhéiert. Hien huet nämlech am selwechte Saz och gemengt, datt een den CO²-Emissiounshandel auswäite misst. De Mann ass e Witz, do allerdéngs e schlechten, mee et këmmert hien net. Him kann näischt geschéien, esoulaang kee sech fir Europa interesséiert…

Wien elo eppes daacht fir zu Stroossbuerg a Bréissel säin Onwiesen ze dreiwen, léisst sech net mam néidegen Eescht bestëmmen. De Problem besteet engersäits doranner, datt si engem méi wéi nëmmen d‘Gefill vermëttelen, datt um Enn d‘Wiel vun de Bierger esou interpretéiert gëtt, wéi se den Industriellen a Finanzjongleuren an de Krom passt. Anersäits, datt keen d‘EU verstanen huet.

Bedenkt een, datt och national aktiv Politiker d‘EU-Wahl ass „Schicksalswahlen“ verklären, vill Populiste besser Aussiichten op e Mandat hunn, wéi esou Politiker déi wierklech Europa am Häerzen droen an och kompetent wieren. Europa ass e komplexe Sujet, a mir hunn dëse Projet de falschen Hänn iwwerginn. A well e geschichtsresistent ass, léiert een näischt draus a mécht weider.

Ähnlech Sujeten #tellEurope, EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Frans Timmermans, Manfred Weber, Ska Keller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel