Search

You may also like

Nee! zur moderner Sklaverei
International Neiegkeeten

Nee! zur moderner Sklaverei

Gëschter am Nomëtte war virum Sëtz vun der europäescher Kommissioun

dislike
Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen
International Neiegkeeten

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“

Burkaverbuet: De Staatsrot an d‘Regierung ginn sech net eens
International Neiegkeeten

Burkaverbuet: De Staatsrot an d‘Regierung ginn sech net eens

Mat engem Gesetz zum Vermummungsverbuet, dat beim Staatsrot einfach keen

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?

Fir „die Grüne“ am Bundestag schéngt den Zäitpunkt gënschteg fir eng onpopulär Moossnam

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?

Déi gréng am däitsche Bundestag haten hiren Antrag zur Geschwindegkeetsbegrenzung schonn am Mee agereecht, an elo soll de Bundestag den 18. Oktober driwwer befannen, op et net awer vläicht „vernënfteg“ wier d‘Vitesse op den Autobunnen ze reglementéieren.

Laut dem gréngen Deputéierte Cem Özdemir wier „en Tempolimitt e Gebuet vun der Vernonft fir eng opgekläerte Gesellschaft am 21. Joerhonnert“. Als President vun der Verkéierskommissioun am Bundestag huet de Politiker, deen zuweilen enger lëschteger Zigarett net ofgeneigt ass, awer och erkannt, datt iwwer Tempolimitt an Däitschland ze schwätzen, politesch mindestens esou brisant ass, wéi an den USA iwwert eng Verschäerfung vun de Waffegesetzer ze schwätzen.

Déi gréng Fraktioun am Bundestag huet awer eng Strategie am Sënn, déi duerchaus Aussiichten op Erfolleg huet. Zum engen ass en Tempolimitt vun 130 Km/H op der Autobunn am Katalog vun de Moossnamen zum Klimaschutz enthalen, deen déi gréng Fraktioun Ufank September beschloss huet an mat deem si gedenken d‘GroKo an Zochzwang ze bréngen. Am Klimaschutzprogramm 2030 ass dovunner awer net emol am Usaz rieds. An et geet och net nëmmen ëm Klimaschutz.

Wann et wuel unhand der aktueller Stëmmung sécherlech net verkéiert ass, Klimaziler vun der Bundesregierung als Argument fir en Tempolimitt unzeféieren, esou ginn déi gréng awer nach e ganze Schratt méi wäit. Esou hunn déi gréng „ de Wonsch vun der Bundesregierung aus dem Joer 2011“ nach emol ervirgeholl, an deem déi d‘Zuel vun de Verkéiersaffer bis 2020 ëm 40% reduzéiere wollten. En Zil dat d‘GroKo – wéi bei der Reduktioun vun den Zäregasemissiounen – net emol am Usaz erreecht huet. Elo also soll d‘Regierung zum handele „gezwonge“ ginn?

De Klimapak soll et erméiglechen

Elo muss een natierlech bemierken, datt och déi am Klimapak uviséiert Ziler mam Tempolimitt op allen Autobunne besser ze erreeche sinn. D‘Geschwindegkeet wier an ass jo och eng zimlech effizient Moossnam fir de Klimaschutz, wann een sech op d‘CO²-Emissioune bezitt. Dat wëssen och déi zoustänneg – awer leider net kompetent – Minister, mee keen ass bereet och nëmmen am Usaz seng politesch Carrière dem Klimaschutz an der Verkéierssécherheet ze afferen.

Datt déi gréng also mat hirem Antrag duerchkommen, dierf een elo schonn ausschléissen. Vun der Unioun gëtt eng Geschwindegkeetsbegrenzung kategoresch refuséiert, bei de Sozialiste sinn all d‘Membere vun der Fraktioun gefuerdert sech un d‘Koalitiounsdisziplin ze halen a géint den Antrag ze stëmmen. Eenzeg d‘Ëmweltministesch – si gesäit hei eng Opportunitéit – deen um Parteidag 2007 gestëmmten Tempolimitt, nach emol ze debattéieren. Dat awer éischter Rhetoresch…

Fir de Verkéiersminister Andy Scheuer (CSU) – en erkläerte Géigner vum Tempolimitt dee jo och iwwerzeegt ass datt Elektroschrott de Klima rette kann – géif sech d‘Geschwindegkeetsbegrenzung géint de „Mënscheverstand“ riichten. Fuerderungen déi Ierger a Belaaschtunge mat sech bréngen an de Wuelstand och nach bedreeë kann hien net zouloossen. Datt et dobäi ënner Ëmstänn och ëm Liewensqualitéit kéint goen, ass der Intelligenzbestie aus Bayern entgaangen.

Fir d‘Police an d‘Rettungsdéngschter ass déi vun déi gréng virgeluechte Propose dann awer net esou schlecht, wéi déi vun der Autosindustrie finanzéiert Politiker et versichen duerzestellen. Dës „Beruffsorganisatiounen“ gi wuel zou net „Klimakompetent“ ze sinn, hätten awer vill Erfarung am Kontext vun der Verkéierspolitik. Fir si ass et zanter Joerzéngten net nozevollzéien, datt dës sécherheetsrelevant Geschwindegkeetsbegrenzung net längst agefouert ass.

mat indymedia/ber

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Related topics Andy Scheuer, Däitschland, Klimapakt, Tempolimitt, Verkéierssécherheet
Next post Previous post