Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Keng Privatiséierung vum ëffentleche Gesondheetswiesen
Neiegkeeten

Keng Privatiséierung vum ëffentleche Gesondheetswiesen

Nodeems d‘Presidente vun der Verwaltungsréit vun de véier Spidol-Zentren zu

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof
Neiegkeeten

Saudescht Geriicht géint Doudesstrof

Zwee Joer nom Mord um saudesche Regimmkritiker Jamal Khashoggi sinn

surprise
Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest
Neiegkeeten

Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest

De Sozialversécherungsminister Romain Schneider huet en Dënschdeg, déi fir 2018

Temporär Mesuren am Kontext vun der Immigratioun

Temporär Mesuren am Kontext vun der Immigratioun

Den Ausseministère informéiert de Public datt:

Zukünfteg sinn déi kuerz Sejoure vun engem Familljemember aus der Europäescher Unioun vun de Reesbeschränkungen a Richtung Lëtzebuerg ausgeholl.

Als Familljemember gëllt: 1) De Conjoint oder de registréierte Partner (Pacs); 2) den direkten Nofolger vum EU-Bierger oder sengem Conjoint/registréierte Partner, wann d‘Kand méi jonk wéi 21 Joer ass.

Och fir déi kuerz Sejoure vun engem Familljemember aus engem sougenannten Drëttstaat ass vun der Reesbeschränkung ausgeholl:.

Als Familljemember gëllt: 1) De Conjoint oder de registréierte Partner (Pacs); 2) den direkten Nofolger vum EU-Bierger oder sengem Conjoint/registréierte Partner, wann d‘Kand méi jonk wéi 18 Joer ass.

Och de kuerze Sejour fir Leit där hire Liewenspartner zu Lëtzebuerg residéiert ass vun de Reesbeschränkungen déi Persounen aus Drëttstaaten betreffen ausgeholl. Déi Betraffe mussen hei awer engersäits en Engagement (Prise en Charge) beim Büro fir Päss, Visaen a Legalisatiounen ënnerschreiwen an, anersäits de Beweis erbréngen, datt d‘Relatioun laangjäreg an nohalteg ass, wéi och datt et ee reegelméissege Kontakt gëtt.

Als Beweiser zoulässeg, fir d‘Attestatioun vu gemeinsamen Aktivitéiten, gëllen: 1) Stempelen an de Päss; 2) Fliger Billjeeën / Boarding cards; 3) Nowäis vun enger gemeinsamer Wunneng am Ausland.

D‘Autorisatioun fir d‘Entrée op den Territoire ënnerläit och weiderhin den normale Konditiounen, esou wéi am Kader vum kuerze Sejour ugewannt ginn.

Fir déi Kategorie vu Leit déi betraff sinn, muss eng Demande Expresse per e-Mail un de Büro vun de Päss, de Visaen a Legalisatiounen (service.visas@mae.etat.lu) geriicht ginn, fir datt eng spezifesch Attestatioun kann ausgestallt ginn. Fir all weider Froe steet iech de Büro vun de Päss, de Visaen a Legalisatiounen ënnert der e-Mail Adress service.visas@mae.etat.lu oder dem Telefon 247 88 300 zur Verfügung.

Den Ausseministère weist nach drop hin, datt all temporär Restriktioune fir d‘Ressortissanten aus Drëttstaaten fir d‘Entrée op de Lëtzebuerger Territoire, déi mam groussherzogleche Reglement betreffend déi temporär Restriktiounen a punkto Immigratioun, bis zum 31. Dezember 2020 verlängert ginn.

matgedeelt vum Ausseministère, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Max Böhme / unsplash

Ähnlech Sujeten Areesbeschränkunge, Areesbestëmmunge, Ausseministère, Familljemember, Immigratioun, Pass, Visa
Nächsten Artikel Virrechten Artikel