Search

You may also like

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen
Kultur Neiegkeeten

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen

MODERN, INCLUSIV, TEAMORIENTÉIERT, SOLIDARESCH, FEMINISTESCH; dat ass de Motto vum

Asselborn fuerdert Fräiloossung vum Nawalny
Kultur Neiegkeeten

Asselborn fuerdert Fräiloossung vum Nawalny

De Lëtzebuerger Jean Asselborn (LSAP) ass den déngschteelsten Ausseminister bannent

Een neit Buch mat ale Lidder: Den zweete Band mat Lëtzebuerger Wierker
Kultur Neiegkeeten

Een neit Buch mat ale Lidder: Den zweete Band mat Lëtzebuerger Wierker

Lëtzebuerger Lidder sinn en Deel vun eiser Traditioun a Kultur.

Tenet – Kann den Drëtte Weltkrich verhënnert ginn?

Tenet – Kann den Drëtte Weltkrich verhënnert ginn?

Nom Lockdown gouf et héich Zäit fir e Besuch am Kino. Den Trailer zum Film Tenet huet mech direkt ugesprach. Ma, ech kann net wierklech soen, wat ech vum Wierk hale soll. D’Handlung ass nawell e Rätsel a schwéier ze léisen Et däerf e keng Minutt verpassen.

Duerch de Science-Fiction Aspekt gëtt et nämlech een Deel vun der Zäit, deen hannerzeg leeft, wat sech Inversion nennt. Wat wëll eis d’Zukunft domat soen? Ass et eng Krichserklärung oder éischter perséinlecher Natur?

De Protagonist vum Film – dee keen Numm huet, gëtt dozou rekrutéiert den Drëtte Weltkrich ze verhënneren. D’Codewuert dofir ass Tenet, méi gëtt en net gewuer. Souwuel hien, wéi och de Spektateur mussen de Rescht selwer erausfannen.

Natierlech kritt de Protagonist bei senger Missioun Hëllef vun enger Wëssenschaftlerin. Allerdéngs huet e stänneg d’Gefill, datt se méi weess, wéi si zougi wëll. Ass dat esou?

Tenet

No enger Zäit schafft de Protagonist mat engem geheimnisvolle Partenaire zesummen, den Neil – gespillt vum Robert Pattinson. Ech hätt e bal net erkannt. Wat verbënnt déi zwee ënnerschiddlech Charakteren? A wat léiere mir iwwert Zäit? Wéi huele mir se wouer? Wat maache mir draus?

Ech denke, Logik siche mir bei deem Film fir näischt, ma dofir gi mir awer gutt 150 Minutte laang ënnerhalen. Trailer sinn do nach net mat gezielt.

De Christopher Nolan ass iwwregens och bekannt fir Filmer, wéi “Memento” an “Dunkirk”. An dem Protagonist säi realen Numm ass John David Washington, säi Papp, den Denzel Washington ass eis alle bekannt!

Mol kucken, wat eis fir d’nächst erwaart …

Virwëtzeg genuch? Da maacht Iech een eegent Bild aus dësem Agenten-Zukunfts-Spektakel.

Related topics Christopher Nolan, Drëtte Weltkrich, Film, Filmrezensioun, Inversioun, John David Washington, Kino, Komplexitéit, Kritik, Science Fiction, Tenet
Next post Previous post