Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Naturparkfest zu Housen
International Neiegkeeten

Naturparkfest zu Housen

Wéi all Joer, esou och 2019: de Naturpark Our an

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (19.-20.06.2020)
International Neiegkeeten

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (19.-20.06.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt vun e Freideg, den 19.

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner
International Neiegkeeten

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner

Veräiner, Handel an Horesca Betriber leide staark ënnert de Moossnamen,

Terror iwwer Sri Lanka

Bei Uschléi op Luxushoteller a Kierchen stierwen 297 Mënschen

Terror iwwer Sri Lanka

Op Ouschtersonndeg ass et zu Sri Lanka bannent 30 Minutten zu aacht Uschléi op Luxushoteller a Kierche komm. Den Ament ass nach villes onkloer. Gewosst ass, datt et eng geziilt a koordinéiert Attack war. 13 Persoune goufe verhaft, d‘Regierung gesäit reliéis Extremisten als Täter…

Als éischt Ziler déi genannt goufen, d‘Sankt Antonius Kierch zu Colombo, dunn d‘Sankt Sebastian Kierch zu Negombo (ronn 30 Kilometer vun der Haaptstad ewech) an d‘Zion-Kierch zu Batticaloa (250 Kilometer ëstlech vu Colombo). An der Haaptstad Colombo waren och dräi Luxushoteller (Kingsbury, Cinnamon an Shangri-La) d‘Zil vun den Attentäter. E puer Stonne méi spéit, rebelote.

 

Sri LankaAn engem Vakanze-Logis goufen nach emol zwou Persoune vun enger Explosioun an den Dout gerappt. Zu Dematagoda – engem Viruert vu Colombo – sinn dräi Polizisten duerch e Sprengsaz ëmkomm. No der aachter Explosioun huet d‘Regierung eng Ausgangsspär verhaangen. Relativ fréi hunn d‘Autoritéiten an d‘Regierung, d‘Verhaftung vu 7 verdächtege Männer bekannt ginn.

De Verdeedegungsminister Ruwan Wijewardena huet an enger éischter Stellungnam wësse gelooss, datt een an de meescht Fäll vu Selbstmordattentäter ausgeet. Méi spéit owes, solle Poliziste beim Fluchhafe Bandaranaike eng Rouerbomm fonnt an entschäerft hunn. Zumindest gëtt e Spriecher vun der Loftwaff esou zitéiert. D‘Lag bleift deemno weider ugespaant, d‘Onsécherheet ass grouss.

Traurege Bilan an d‘Sich no de Schëllegen

En definitive Bilan virzeleeë wier den Ament nach net méiglech, huet et owes beim Pressepunkt geheescht. Déi lescht bestätegt Zuele gi vun 297 Affer an nach emol enge 500 – deel schwéier – blesséierten aus. Ville leit géifen an de Spidäler ëm hiert Liewe kämpfen, dorënner och Touristen. Aus dem Tourismusministère heescht 32 Mënschen aus 9 Länner, wieren ënnert de Verletzten.

Sri Lanka

Och ënnert den Touristen huet et Doudeger ginn. Den Ausseministère bestätegt den Dout vun zwee britesche Staatsbierger, dräi Dänen, dräi Inder e Japaner an e Chines. Et wieren zudeem och US-Bierger den Attentater zum Affer gefall, iwwert déi genee Zuel war bis ewell näischt gewuer ze ginn. Et schéngt allerdéngs geséchert, datt kee Lëtzebuerger ënnert den Affer a Verletzten ass.

Zur Stonn huet sech nach keen zur Dot bekannt, oder dës fir sech beusprocht. De Minister Ruwan Wijewardena, huet beim Briefing gesot, datt d‘Police d‘Täter identifizéiert hätt an 13 verdächteg Persoune verhaft goufen. Et handelt sech heibäi ëm Sri-Lanker, woubäi d‘Enquêteure méiglech Verbindungen zum Ausland iwwerpréiwen. Et geet ee vun enger radikalislamistescher Attack aus.

War de Risk bekannt?

Viru kuerzem hat d‘Police sech op Informatioune vun engem auslännesche Geheimdéngscht beruff an op radikalislamesch Gruppen opmierksam gemaach, déi Uschléi op Kierchen an d‘Ambassade vun Indien geplangt hätten. Och den eegene Geheimdéngscht hat vu méiglechen Uschléi „héieren“, mee anscheinend keng Moossnamen zur Ofwier ergraff. Och dat muss elo ënnersicht ginn.

Déi sri-lankesch Gesellschaft gëtt reliéis majoritär vum Buddhismus (70%) gepräägt, mee och déi aner Reliounen: Hinduismus (12%), Islam (10%) an Katholizismus (7%) si vertrueden. Reliéisen „Dissens“ gëtt et tëscht de Buddhisten an de Moslemen. 2018 koum no „Rumeuren“ verstäerkt zu zesummestéiss tëscht Buddhisten am Moslemen. Islameschen Terror war awer bis ewell onbekannt.

Sri Lanka

Et ass dann och déi bis ewell gréisste Well vun der Gewalt zanter dem Enn vum Biergerkrich 2008. Spannungen awer gëtt et och weiderhin nach tëscht den zwou gréissten Ethnien am Land: Tamilen a Singhalesen. Tamilesch Rebellen (Tamil Tigers) hate 26 Joer fir d‘Onofhängegkeet vu Sri Lanka gekämpft. Säit de Biergerkrich bäigeluecht ginn ass, war et net dann och méi zu Uschléi komm.

mat indymedia/col/lon/nyc/rom

Foto: Beim Attentat op dës Kierch solle 64 Mënschen ëm d‘Liewe komm sinn. D‘Wucht vun der Explosioun war esou staark, datt se d‘Gebai deels ofgedeckt huet. (video grab EWTN)

Ähnlech Sujeten Attentat, Hotel, Islam, Kierch, Sri Lanka
Nächsten Artikel Virrechten Artikel