Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E gesellegt Spill fir Mënschen ab 18 Joer
https://moien.lu/dating-with-bipolar-ii/

E gesellegt Spill fir Mënschen ab 18 Joer

Nom „Adventskalenner“ vu LaPunta Sàrl, elo „Béier vir Véier“, e

like minded dating site
https://moien.lu/dating-with-bipolar-ii/

fortnite custom matchmaking supported keys

An de 37 Joer déi hien de Simbabwe „gefouert“ huet,

Britescht Parlament verwiert sech dem straffe Brexit-Zäitplang
https://moien.lu/dating-with-bipolar-ii/

Britescht Parlament verwiert sech dem straffe Brexit-Zäitplang

Et ass wierklech e Leidenswee fir de Boris Johnson, deem

Terror iwwert Europa: E Réckbléck

Terror iwwert Europa: E Réckbléck

Zanter 2015 muss sech Europa mat enger gréisser Zuel un Uschléi, déi all vum islamesche Staat (IS) revendiquéiert goufen, ausernaner setzen. Fir ee bessere Versteesdemech vun der Situatioun an och fir ee kloren Iwwerbléck op d’Ausmooss vum Terrorismus ze erlaben, bidde mer hei an Zesummenaarbecht mat der AFP ee Réckbléck op d’Evenementer vun de leschten zwee Joer.

Frankräich: ee schwéieren Tribut

Säit 2015 hunn islamesch motivéiert Attentater vum IS ronn 240 Mënschen a Frankräich d’Liewe gestuel. Déi éischt Attack, geleet vun zwee Bridder, déi sech selwer als Al-Qaida Militante bezeechent hunn, hat de 7. Januar 2015 de Sëtz vun der satirescher Wochenzeitung „Charlie Hebdo“ getraff. Bilan: zwielef Doudeger. Zwee Deeg méi spéit ass ee koschere Supermarché d’Ziel vun engem Attentäter ginn a véier Mënschen hu bei der Geiselnam hiert Liewe gelooss.

Och hei huet den Ugräifer, deen den Dag virdrun eng Polizisten ëmbruecht hat, sech als Member vum IS bekannt. Wéi d’Auteure vun der Attack op de Charlie Hebdo, ass och hie vun der Police erschoss ginn.

Den 13. November dunn sinn Attentater zu Paräis op de Concertssall „Bataclan“ géint verschidde Bistroen a Restauranten, esou wéi een Uschlag beim „Stade de France“ zu Saint Denis gemaach ginn. Dës hannerlëschteg Dote goufen och vum IS revendiquéiert. De Bilan ass schrecklech, insgesamt stierwen heibäi 130 Mënschen a méi wéi 350 ginn der blesséiert.

Uschlag vum 14. Juli

2016 gëtt et nei Attacken op Polizisten an Zaldoten. Um 14. Juli, gëtt de Nationalfeierdag vun engem Uschlag zu Nice, op der „Promenade des Anglais“ zum Horror. En Tunesier huet ee Camion an d’Mënsche gestéiert a konnt eréischt gestoppt gi wéi hie vun der Police erschoss ginn ass. Och hei ee grausame Bilan: 86 Doudeger an iwwer 400 Blesséierter. Keng 14 Deeg méi Spéit, de 26. Juli, kritt ee Paschtouer a senger Kierch zu Saint Etienne-du-Rouvray den Hals duerchgeschnidden.

Den 20. Abrëll 2017 schéisst ee Mann zu Paräis mat enger Kalaschnikow op eng Camionnette vun der Police, déi op de Champs-Elysées stationéiert huet an trëfft ee 37 Joer ale Polizist déidlech. Hie gëtt weider Raffalen op déi aner Polizisten of, blesséiert der zwee, an och eng däitsch Touristin, gëtt getraff, iert den Ugräifer, ee Fransous vun 39 Joer, kann erschoss ginn. All déi Dote si vum IS revendiquéiert ginn.

Dänemark: Uschlag op ee Kulturzentrum an eng Synagoge

En Dän mat palestinensesche Wuerzelen, dee sech dem IS verschriwwen hat, gräift de 14. Februar zu Kopenhagen ee Kulturzentrum un. Hei gouf deen Ament eng Konferenz iwwert d’Fräiheet sech auszedrécken ofgehalen. Ee Cineast sollt dësen hannerlëschtegen Uschlag net iwwerliewen. Well den Attentäter konnt entwëschen, huet dësen nach an der Nuecht ee gleewege Judd virun enger Synagog ermuert iert en dann och vun der Police erschoss konnt ginn.

Belsch: Terror zu Bréissel

Um 22. Mäerz erlieft d’Belsch dee schlëmmsten Uschlag a senger Geschicht. Selbstmäerder bréngen 32 Mënschen ëm a blesséieren der iwwert 340. D’Attentater hunn um Fluchhafen Zaventem esou wéi an der Metrosstatioun Maelbeek fir onvergiesslech Biller gesuergt. Alt nees revendiquéier den IS fir sech dës hannerlëschteg Doten.

Däitschland: déidleche Chrëschtmaart zu Berlin

Den 19. Dezember 2016 war et nees en Tunesier deen sech ee Camion gekroopt hat an op engem Chrëschtmaart zu Berlin an eng Mënschemasse gerannt ass. Et stierwen zwielef Mënschen an et ginn der 48 schwéier verwonnt. Den Auteur konnt entkommen, gëtt awer ee puer Deeg méi spéit bei enger Policekontroll an Italien vun de Beamten erschoss. Och hei iwwerhëlt den IS d’Verantwortung.

Schweden: eng Camionnette als Waff

Eng mat iwwer 100Km/Stonn schnell Camionnette rennt de 7. Abrëll an der Foussgängerzone „Drottninggatan“ an der schwedescher Haaptstad Stockholm an ee Grupp Leit. Hie geréit der eng 20, an ermuert der dovunner fënnef. En usbekesche Bierger deen d’Police ee puer Stonnen duerno konnt festhuelen, revendiquéiert dës Dot als terroristeschen Uschlag.

Groussbritannien: am Zentrum vun der Gewalt

Déi bis ewell lescht Serie vun Uschléi huet an Groussbritannien 2017 fir en traurege Bilan gesuergt. Ugefaange mam 22. Mäerz wou ee Mann säin Auto op der Westminster Bréck an eng Grupp Leit gestéiert huet a véier Mënschen ëmbruecht huet. Iert den Täter am Haff vum Parlament konnt erschoss ginn, hat dësen nach ee Polizist erstach.

Zwee Méint méi spéit huet ee jonke Brit mat libaneseschen Originnen sech zu Manchester an d’Luucht gesprengt. Bei der Sortie vum Concert goufen duerch d’Explosioun 22 Mënschen aus dem Liewe gerappt a weider 116 Mënsche gouf zum deel ganz schwéier blesséiert. Et sollt eng vun de gräisslechsten Dote sinn, wëll hei besonnesch vill Teenager ënnert den Affer ze bekloe sinn.

Um 3. Juni dann, dee bis elo lescht vum IS revendiquéierten Uschlag: Am spéiden Owend war op een neits eng Camionnette an eng Mënschemass op der Londoner Bréck gerannt, iert déi dräi Attentäter erausgeklomme si fir mat Messeren op d’Passante lass gaange sinn. D’Police war zwar schnell op der Plaz a konnt d’Mäerder nach op der Plaz erschéissen, de Bilan bleift awer schwéier. Siwe Mënschen hunn och hei dës Dot net iwwerlieft an eng ronn 50 Mënsche goufen deels ganz schro verwonnt. Bei munche gëtt dann och gefaart, datt se hir Blessuren net kéinten iwwerliewen. Um spéide Sonndegowend huet den IS dann och dësen Attentat revendiquéiert.

Nach am Mäerz war säitens Scotland Yard bekannt gemaach ginn, datt d’Sécherheetsdéngschter säit 2013 eng 13 terroristesch Uschléi konnte verhënneren. Groussbritannien ass dësen Informatiounen no dann och dat Land wat am Ament schéngt d’Haaptzil vun den fanateschen Unhänger vum IS ze sinn.

Ähnlech Sujeten Europa, IS, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel