Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann

Mat senger déiwer dominanter Stëmm ass de Sänger als Rammstein-Frontmann

dislikemoney
Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck
Neiegkeeten WTF

Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck

D’Reiwereien tëscht dem Kanada an den USA sinn um Héichpunkt,

money
Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht
Neiegkeeten WTF

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser

surprise

D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren

No Copyright-Reform inklusiv Uploadfilter elo dann en „Terror-Filter“?

D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren

Et ergeet dem EU-Kommissär fir d‘Sécherheet an der Unioun, Julian King, senger Gedold wéi sengem Mandat: béides huet en Enn. Säi Gesetzprojet zum Läsche vun Terror-Propaganda am Internet läit zanter 7 Méint um Dësch, an et wier ubruecht datt dësen Dossier elo unzegoen.

Dee läit den Ament onbeaarbecht dem EU-Parlament vir, an et wier tatsächlech ubruecht, sech dësem Thema unzehuelen. Deen ass sécherlech eppes ëmstridden, wat sech allerdéngs och un den zentrale Punkte vum Gesetz festmaache léisst. Esou géif d‘Gesetz d‘Internetplattformen zwéngen Inhalter, déi vun de kompetenten Autoritéite gemellt ginn, bannent enger Stonn ze läschen.

E weideren interessante Punkt: d‘Plattformen erhale mat dësem Gesetz den Optrag „aktiv géint terroristesche Content“ virzegoen. Mee d‘EU-Membere sollen sech och eng Legislatioun ginn, déi et hiren zoustännegen Autoritéiten erméiglecht, a virun allem rechtlech erlaabt, de betraffene Plattformen esou en Uerder, Inhalt ze läschen (an d‘Quell unzeginn), ze erdeelen.

Attentat vu Neiséiland

Fir dës Ongedold mat Fakten an Argumenter ze ënnersträichen, hunn de Julian King an den Dimitris Avramopoulos (EU-Kommissär fir Migratioun), hir Fuerderung zu enger Opnam vum Debat zum Gesetzprojet, mam Attentat vu Christchurch (Neiséiland) ënnermauert. Hei huet e „wäissen Iwwermënsch“ 50 Mënschen ëmbruecht, a seng Dot live iwwert säi Facebook-Account gestreamt.

Wa Facebook an dësem Fall zimlech reaktiv war, esou huet de Video vum Massaker säi Wee och op aner Plattforme, wéi beispillsweis YouTube, fonnt an ass milliounefach a weltwäit opgeruff ginn. Dëser Verëffentlechung war mat „mënschleche“ Moyene net méi bäizekommen, an d‘Plattformen hu misse Filter asetzen, fir dem Video Här ze ginn. An och dat huet anscheinend seng Grenzen…

Ageschränkte Fräiheet

Elo sinn déi sougenannte Filter awer och den zentrale Sträitpunkt an dësem Gesetzprojet, well se grad wéi am Kontext vun der Copyright-Reform, eng Zensur duerstellt. An et soll de Plattformen hire Problem sinn, déi duerchaus ëmstridden Zensur eegestänneg Ëmzesetzen. D‘Géigner vun dëse Filter sinn dann och der Usiicht, datt eenzeg Geriichter entscheeden dierfen, wat „erlaabt“ ass.

An ee vun de berechtegte Kritikpunkte bezitt sech op Material dat wuel „net schéin ze kucken“ mee och net illegal ass. Dat een do engem Polizist kéint d‘Muecht ginn, opgrond der eegener Weltusiicht bei Internetplattformen ze intervenéiere fir Inhalt läschen ze loossen, geet villen ze wäit. Zudeem stellt sech an eiser Welt och d‘Fro vun der grenziwwergräifender juristescher Zoustännegkeet.

Wat ass Terror, wat illegal?

De Problem fänkt dann och scho mat den ënnerschiddlechen Definitiounen un, déi d‘Länner am Bezuch op „Terror“ oder „Illegal“ hunn. Esou kann eppes wat mir zu Lëtzebuerg, esou wéi vum Gesetz virgesinn, als Terrorpropaganda an/oder Illegal bestëmmen, scho beim Noper nees als legal – am Kontext vu bestoende Gesetzer – betruecht ginn. An genee do läit d‘Kromm an der Heck.

Stellt sech also d‘Fro, op mir d‘Recht hunn enger franséischer Plattform den Uerder (ouni dat et dofir e geriichtlecht Uerteel gëtt) ze ginn, Inhalt ze läschen. Ëmgekéiert stellt sech dann och d‘Fro, op mir bereet sinn hinzehuelen, datt muer e spuenesche Polizist, bei eis intervenéiert a mir senger Fuerderung „Content ze läschen“ mussen nokommen. An dat bezitt sech elo just op d‘EU…

Komplizéiert einfach

Elo ass et awer och wichteg drop hinzeweisen, datt déi grouss Majoritéit vun de Memberlänner dës „Direktiv zur Verhënnerung vun der Verbreedung vun terroristeschem Online-Content“ begréisst. Et sinn d‘Detailer am Gesetzprojet déi fir Kappzerbrieches suergen. Esou stellt sech grondsätzlech d‘Fro: „Wéini gëllt een als Plattform?“ Ass all Internetsäit mat Kommentarfunktioun eng Plattform?

Oder déi: „Wéi kann e Mëssbrauch vu staatlechen Autoritéite verhënnert, an d‘Meenungsfräiheet garantéiert ginn?“ Zudeem ass et aus der Siicht vun de Bedreiwer, klenge Plattforme guer net ginn Dag an Nuecht Personal bereetzestellen, déi an deem vum Text festgeluechten Zäitraum reagéieren ze kënnen. Hei mécht sech d‘EU-Komissioun e komplizéierte Virgank eppes ze einfach.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Tumisu/Pixabay

Ähnlech Sujeten Dimitris Avramopoulos, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Internetzensur, Julian King, Propaganda
Nächsten Artikel Virrechten Artikel