Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
International Neiegkeeten

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt

Am ganze Land verdeelt gesäit ee bemoolte Fassaden, mee wie

surprise
Marvel’s The Defenders ass en Experiment, wat net ganz gelénge wëll
International Neiegkeeten

Marvel’s The Defenders ass en Experiment, wat net ganz gelénge wëll

Netflix a Marvel wollten um klengen Ecran dat erreechen, wat

Drénkwaasser schützen
International Neiegkeeten

Drénkwaasser schützen

D‘Krunnewaasser als elementaart Liewensmëttel? Dat ass besonnesch wouer fir d‘Regioun

Terror a Somalia fuerdert bal 100 Affer

Terror a Somalia fuerdert bal 100 Affer

Bei engem Attentat mat enger Autobomm sinn an der somalescher Haaptstad bal honnert Mënschen ëm d‘Liewe komm. Laut den Autoritéite war Bomm war an engem beliefte, Quartier während dem Beruffsverkéier um fréie Muere gezünt ginn. Dosende Persoune sinn deels schwéier blesséiert ginn.

Ënnert den Affer wiere vill Schüler a Studenten, esou den Direkter vum Medina-Spidol, wou bis zur Mëttegstonn bis zu 70 Verletzter an Doudeger „ugeliwwert“ goufen. De Regierungsspriecher Mukhtar Omar huet erkläert, datt d‘Géigend voller Mënsche war, déi entweder ënnerwee ware fir schaffen ze goen, oder eben an d‘Schoul. Wien hannert dem Uschlag stécht ass nach onkloer.

Den Uschlag dierft awer vun der Terrormiliz „al-Shabaab“ revendiquéiert ginn. Si ass déi aktiivste Miliz am Land an huet scho widderholl Uschléi begaangen. D‘Terrormiliz, déi d‘Ideologie vum IS an/oder al-Quaida deelt, bekämpft déi vun der UNO ënnerstëtze Regierung a wëll aus Somalia en islamesche Gottesstaat maachen. Woubäi d‘Terrormiliz net deen eenzege Problem vum Land ass.

Nodeems 1991 „Milizen“ sech zesummegedoen haten, fir den Diktator Mohamed Siad Barre ze stierzen, dee vun den USA agesat gi war, fir géint dat vun der UDSSR ënnerstëtzten Ethiopien ze kämpfen, ass d‘Land net méi zur Rou komm. De gréissten Uschlag hat et virun zwee Joer ginn, wéi ee Camion zur Explosioun bruecht gouf a 600 Affer ze bekloe waren. Och dat war „al-Shabaab“…

Glawen a Korruptioun: e geféierleche Cocktail

Ob sech d‘Terrormiliz al-Shabaab zu dësem Uschlag wäert bekennen, dat hänkt dovunner of fir wéi „populär“ si d‘Aktioun halen. Beim Uschlag 2017, hat d‘Vollek Deeglaang géint d‘Miliz an hiren Terror demonstréiert, firwat sech al-Shabaab ni derzou bekannt huet. D‘Miliz ass iwwermächteg an d‘Somalier hu sech längst ënnerworf, well al-Shabaab wäit Deeler vum Land kontrolléiert.

D‘Terrormiliz ass wahhabittesch (neizäitlech sunniteschen Islam) beaflosst a gëtt vu Saudiarabien „gestäipt“. Si ass gutt ausgerëscht, firwat si och zimlech onbestrooft op „Regierungsgebitt“ agéiere kann. Zudeem huet d‘Organisatioun hir Leit och an der Regierung „ënnerbruecht“ firwat si dann och entspriechend gutt informéiert ass. Et soll awer Unzeeche ginn, datt sech d‘Lag verbessert.

Somalia

Si gesinn sech selwer als Harakat al-Shabaab al-Mujahideen (Beweegung vun der Mudjahedin-Jugend) a gëllen als verlängerten Aarm vun der Terrororganisatioun al-Quaida, där si sech ënnert dem Aiman az-Zawahiri ugeschloss hunn. Esou kann och al-Shabaab vum saudesche „Fundraising“ proftéieren. © KNA (Files)

2011 hat al-Shabaab nach d‘Kontroll iwwer Mogadischu a fir „Auslänner“ war d‘Haaptstad absolut Tabu. Säit 2017 huet dann nees „Fortschrëtter“ ginn, mee déi westlech Marionetteregierung steet elo virun neie Problemer. Déi afrikanesch Unioun (AU) – hat mat der Resolutioun 1725 vum UN-Sécherheetsrot (6. Dezember 2006) – am Kader vun der Missioun AMISOM Truppe geschéckt.

Dës Missioun leeft aus an iergendwellech gescheit Käpp ginn dovunner aus, datt déi somalesch Arméi elo awer misst an der Lag sinn, selwer fir d‘Sécherheet am Land ze suergen. Datt dës Arméi, a besonnesch hir Offizéier bis op d‘Schank korrupt ass, et un al-Shabaab Spëtzel net mangelt an eventuell d‘Haaptstad Mogadischu verdeedege kéint, schéngt wéineg Berécksiichtegung ze fannen.

mat indymedia/nbo

Foto: Beim Attentat ass e Camion benotzt ginn. © Mohamed Moalimuu (Generalsekretär vum somalesche Journalisteverband)

Ähnlech Sujeten al-Quaida, al-Shabaab, AMISOM, Attentat, Mogadischu, Saudiarabien, Selbstmordattentat, Somalia, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel