Search

You may also like

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“
International Neiegkeeten

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“

Wann d’Angela Merkel als grouss Favoritin an d’Bundestagswahle geet, esou

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?
International Neiegkeeten

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?

Eigentlech sollten ab dem 1. Abrëll d‘Leit, déi an Éisträich

Elo soll de Bau erzwonge ginn
International Neiegkeeten

Elo soll de Bau erzwonge ginn

Um Donneschdeg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding, an net wéi een

Islamisteschen Terrorakt zu Paräis

Islamisteschen Terrorakt zu Paräis

An der Mëttegstonn sinn zwee Journalisten am onmëttelbaren Ëmfeld vun der fréier Redaktioun vu „Charlie Hebdo“ mat engem Messer attackéiert ginn. De franséischen Inneminister Gérald Darmanin huet dës Dot als Terrorakt bezeechent. Siwe Persounen si vun der Police verhaft ginn.

Paräis

Op der Tëlee huet den Inneminister erkläert, datt et kaum Zweiwel gëtt, datt et sech bei dëser Attack ëm ee „weidere bluddegen Ugrëff op eist Land handelt“. Hien huet eng Enquête ordonéiert, fir ze ermëttele firwat d‘Bedreeung an dëser Strooss ënnerschätzt ginn ass, och wann d‘Redaktioun vun der Satire-Zeitung schonn zanter enger Rei Joren hire Sëtz net méi an dësem Quartier huet.

De Virfall huet sech géint 12 Auer zu Paräis an der Rue Nicolas Appert zougedroen. Bei den Affer handelt et sech ëm zwee Mataarbechter vun der Produktiounsfirma „Premières Lignes“, déi ënnert anerem fir de Fernseesender „France2“ Reportage realiséiert. Esou wéi et de Premierminister Jean Castex erkläert, ass de Journalisten hiert Liewen net a Gefor. Si haten eng Zigarettepaus gemaach.

Paräis

Weider heescht et, datt d‘Police kuerz no der Dot zwou Persoune verhaft huet, wouvunner eng vun der Staatsanwaltschaft als den Haaptverdächtege presentéiert ginn ass. Heibäi handelt et sech ëm en 18 järege Pakistani. Beim der zweeter Persoun ass zur Stonn just gewosst, datt si männlech ass an 33 Joer als soll sinn. Weider Detailer si säitens dem Procureur nach net matgedeelt ginn.

Gewosst ass an der Tëschenzäit awer, datt nach fënnef weider Persounen an enger Wunneng zu Pantin (Paräis) – dat am Kontext vun enger Perquisitioun – festgeholl goufen. Domadder sëtzen elo siwe Verdächteger hanner Gitter. Frankräich ass ëmmer nees d‘Zil vun terroristeschen Uschléi. Den Ament leeft grad de Prozess géint Ënnerstëtzer vun enger Terrorserie aus dem Januar 2015.

Paräis

Deemools waren d‘Redaktioun vun der Satire-Zeitung Charlie Hebdo an eng koscher Epicerie vun Terroristen ugegraff ginn. 17 Mënschen – dorënner 12 Mataarbechter vu Charlie Hebdo – hunn heibäi hiert Liewe verluer. De Pakistani, deen als méiglechen Täter ugesi gëtt, war der Police scho bekannt. Hie soll wéinst illegalem Waffebesëtz an Uwennung vu Gewalt verurteelt gi sinn…

mat indymedia/par

Related topics 11. Arrondissement, Charlie Hebdo, islameschen Terror, Journalisten, Messerattack, Paräis, Rue Nicolas Appert
Next post Previous post