Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

speed dating suffolk
Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini
International https://moien.lu/dating-pulsar-watches/

dating catchphrase

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo

speed dating suffolk
FIFA-WM: Washington mécht Stëmmung géint Russland
International https://moien.lu/dating-pulsar-watches/

FIFA-WM: Washington mécht Stëmmung géint Russland

„Passt op är Handyen an är Computer oder Tabletten op,

Esch-Uelzecht: Don‘t call it „Blummendëppen“!
International https://moien.lu/dating-pulsar-watches/

Esch-Uelzecht: Don‘t call it „Blummendëppen“!

De Club Senior Mosaik vun Esch-Uelzecht gëtt vum Service HELP

Terroralarm an Thailand

Sommet vun den ASEAN-Ausseminister zu Bangkok muss ënnerbrach ginn

Terroralarm an Thailand

Während dem Sommet vun den Ausseminister vun den ASEAN-Staaten zu Bangkok ass et laut den Autoritéiten zu „klengen“ Explosioune komm, esou eng éischt Meldung vun der Regierung. Laut dem Ministerpresident vun Thailand, Prayut Chan-o-cha, wiere Bommen detonéiert.

Éischt Berichter verweisen op Explosioune bei enger Gar an op mannst zwou weidere Plazen. Vun der Police goufen Detonatiounen am Stadzentrum an aus de Faubourge gemellt. Den Ament ass och nëmme rieds vun zwou Fraen déi leedeglech solle blesséiert gi sinn. Esou zumindest en éischte Bilan vun de Rettungsdéngschter. Weider Detailer sinn zur Stonn nach net bekannt.

Thailand

Zu Bangkok huet de Sommet vun den Ausseminister vun den ASEAN-Staaten e Mëttwoch ugefaangen. Deen huet elo missen ënnerbrach ginn, well et an der Haaptstad Bangkok zu Explosioune komm ass. Iwwer Hannergrënn oder méiglech Täter ass zur Stonn näischt gewosst. © ASEAN official

Vun der Regierung gëtt bestätegt, datt de Ministerpresident eng Enquête ordonnéiert huet an d‘Sécherheetsmoossnamen erhéicht goufen. Eng Regierungsspriecherin huet d‘Bevëlkerung opgeruff net a Panik auszebriechen. Zu Bangkok hält sech den Ament och den US-Ausseminister Mike Pompeo op. Ob et sech en terroristeschen Hannergrond gëtt, kann net confirméiert ginn.

mat indymedia/bkk

Ähnlech Sujeten ASEAN, Bangkok, Terrorismus, Thailand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel