Search

You may also like

Paul Galles neie CSV-Generalsekretär Adjoint
Neiegkeeten

Paul Galles neie CSV-Generalsekretär Adjoint

Op Propositioun vum CSV-Generalsekretär Félix Eischen, huet de CSV-Nationalcomité e

Fir e bessere Schutz viru beruffsbedéngte Kriibserkrankungen
Neiegkeeten

Fir e bessere Schutz viru beruffsbedéngte Kriibserkrankungen

Iwwer 120.000 Fäll vu beruffsbedéngte Kriibserkrankungen trieden all Joer an

Wa sech d‘Waffenhändler d‘Hänn reiwen
Neiegkeeten

Wa sech d‘Waffenhändler d‘Hänn reiwen

D‘Marillyn Hewson ass un der Spëtzt vum mäerdereschste Konzern deen

Terrorgefor och fir Lëtzebuerg?

Terrorgefor och fir Lëtzebuerg?

No den etlechen Terrorattentater a Frankräich an Éisträich, hunn sech déi CSV-Deputéiert Laurent Mosar a Serge Wilmes mat enger dréngender Fro (3087) un d‘Regierung geriicht, fir gewuer ze ginn, op sech a Punkto terroristescher Gefor op alles virbereet ginn ass.

Laut dem Regierungsplang – gemengt ass de Plang Vigilnat / InfoCrise – soll d‘Bevëlkerung ëmmer iwwert den neiste Stand vun der Bedreeung informéiert ginn. Well elo weder dem Laurent Mosar nach dem Serge Wilmes bekannt ass, datt d‘Online-Plattform InfoCrise elo hei eng „Mise au Point“ gemaach hätt (déi lescht Aktualitéit ass vum Dezember 2018), muss d‘Regierung dat maachen.

Woubäi net déi ganz Regierung. D‘Froe goufen hei vum Premierminister Xavier Bettel (DP), der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) an dem Minister bannenzeg Sécherheet Henri Kox (déi gréng) beäntwert. An hirer Äntwert bestätegen déi dräi Minister, datt et tatsächlech eng Reunioun vun den zoustännege Ministèren a Verwaltunge ginn huet, fir d‘Situatioun ze analyséieren.

Heibäi wier ee sech eens ginn, datt een den Niveau vun der Alerte bei „2“ beléisst. D‘Gefor wier also ganz reell mee abstrakt. Wat ee sech drënner virstelle muss, ass bestëmmt um genannte Site beschriwwen, mee et muss ee schonn deck Loscht duerno ze sichen, zemools och dës vun der Regierung bedriwwe Säit d‘Landessprooch net beherrscht. Mee wat een net weess, mécht net hees.

Et geet jo esou gesinn och déck duer ze wëssen, datt behaapt gëtt et géif stänneg op d‘Evolutioun vun der Lag gekuckt an analyséiert. Et schéngt dann och net néideg gréisser Mesuren ze ergräifen. Woubäi dann awer duerchblécke gelooss gëtt, datt d‘Police „déi méi sensibel Plazen“ am Land méi staark beopsiichtegt. Domadder ass et also och weiderhin am Marieland „roueg“ an d‘Gefor relativ.

Illustratioun: © Fred Moon / unsplash

Related topics CSV, InfoCrise, Islamismus, Laurent Mosar, Lëtzebuerg, Regierung, Serge Wilmes, Terror, Vigilnat
Next post Previous post