Search

You may also like

Festival vun de Migratiounen: d‘Editioun 2021 fënnt virtuell statt
International Neiegkeeten

Festival vun de Migratiounen: d‘Editioun 2021 fënnt virtuell statt

Et war scho virun ee puer Wochen duerchgedrongen, datt opgrond

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!
International Neiegkeeten

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!

An enger Summernuecht den Himmel ze bewonneren ass net nëmme

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!
International Neiegkeeten

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!

[onionbuzz quiz-id=161][/onionbuzz] Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg vill

Norwegen: No Terroruschlag sëtzt en 20 järegen am Prisong

Norwegen: No Terroruschlag sëtzt en 20 järegen am Prisong

An engem Viruert vun Oslo, huet e jonken Norweger e Samschdeg en „Uschlag“ op eng Moschee gemaach. Um Sonndeg hunn d‘Autoritéite bestätegt, datt no éischten Ermëttlungen den Tatbestand vun engem terroristeschen Attentat erfëllt ass.

Laut Zeienaussoen, war den 20 järegen Extremist mat zwou Schroutflënten an enger Pistoul zu Baerum an d‘Al-Nur Moschee agedrongen. Et wieren zu dësem Ament nëmmen dräi Gleeweger present gewiescht, vun deenen sech der zwee direkt a Sécherheet bruecht hätten. Laut dem Virstand vun der Moschee, huet sech deen drëtte Mann dem Ugräifer entgéintgestallt.

20 järegenBei der Ausenanersetzung tëscht dem eelere Mann an dem jonken Attentäter si Schëss gefall, esou de Virstand weider. Dat huet e Sonndeg de Spriecher vun der Police esou och kënne bestätegen. De jonken Extremist esou wéi de 70 järege Mann, dee sech behäerzt zur wier gesat huet, sinn heibäi liicht verletzt ginn. Weider heescht et dat den Extremist keng Ausso gemaach huet.

Rietsradikal bis an d‘Hoerspëtzen

Eng Hausduerchsuchung beim Täter – d‘Wunneng ass direkt an der Noperschaft vun der Moschee geleeën – huet eng weider „Iwwerraschung“ bereet gehalen. Hei huet d‘Police d‘Läich vun enger Fra fonnt. Si wier mam vermuttlechen Täter verwannt, esou d‘Police. An dësem Fall huet d‘Police dann och Ermëttlunge wéinst Mord an d‘Wee geleet. A firwat mécht een esou eppes?

20 järegenD‘Äntwert geet aus den Erklärunge vum Pressespriecher ervir: „D‘Ermëttlungen hunn erginn, datt de presuméierten Täter rietsextremistesch Usiichten huet. Hien huet Sympathie fir den norwegesche Politiker Vidkun Quisling (1887-1945) an eng feindséileg Haltung géintiwwer Immigranten entwéckelt“. Hie soll sech och „luewend“ iwwert d‘Attentat vu Christchurch geäussert hunn.

20 järegen

Beim verdächtegen handelt et sech ëm den 21 Joer jonke Philip Manshaus. A sengem leschte Post heescht et: „Well cobbers (Frënn) it‘s my time, I was elected by saint Tarrant (den Täter vu Christchurch) after all. We can‘t let this go on“. D‘Uschléi vun El Paso an Dayton ginn als weider Inspiratiounsquell ernimmt. Dem jonke Mann seng Facebooksäit ass mëttlerweil gespaart ginn.

mat indymedia/svg/

Foto: © Xinhua

Related topics Al-Nur, Baerum, Moschee, Norwegen, Oslo, Philip Manshaus, Rietsextremismus, Terror
Next post Previous post