#Metoo ass keng Iwwerraschung, mee eng traureg Erënnerung un eis Realitéit als Fraen
Iwwert déi lescht 24 Stonnen huet sech mäin Facebook Feed
Am September 2016 war dat neit Gesetz iwwer d‘Déngschtleeschtunge vun
Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch
Um haitege Virmëtteg soll et am Munitiounslager vun der Lëtzebuerger Arméi um Waldhaff zu engem schwéieren Tëschefall komm sinn. Dobäi sollen op mannst 4 Persounen uerg blesséiert gi sinn.
De Parquet bestätegt, datt et géint 10:30 Auer haut de Moien am Camp um Waldhaff zu enger Explosioun komm ass. Am Hanger vum Militär waren zu dësem Zäitpunkt 4 Persounen am Gaangen mat Munitioun ze schaffen. Bei der Explosioun sinn zwou Persounen ëm d’Liewe komm, zwou weider Persounen si blesséiert dovu komm, dovun eng a kriteschem Zoustand.
Zwee Magistrater vum Lëtzebuerger Parquet sinn momentan op der Plaz vir d’Ermëttlungen opzehuelen.
Weider Informatioune wäerten nach bekannt gemaach ginn.
Am spéiden Nomëtteg ass des weideren eng Pressekonferenz geplangt, bei der genau Tatsaachen vermëttelt wäerte ginn. Mir halen Iech um Laafenden!