Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?
Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?

Am Kader vun der Konferenz, déi am Kampf géint sexuell

dislike
Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been
Neiegkeeten

Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been

Am „House of Lords“ ass fir d‘Bäibehale vun der EU-Charta

Wéi gutt kenns du eis Séien?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Séien?

Lëtzebuerg huet net vill Séien, mee si hunn alleguerten hir

Tëscht der Demokratie an dem Staatsrot sti Welten

Tëscht der Demokratie an dem Staatsrot sti Welten

Bei déi lénk ass een éischter verwonnert wéi rosen, well sech iwwert de Staatsrot wonneren da wuel awer net esou ustrengend ass. Mee et muss een den déi lénk gutthalen, datt wann sech de Staatsrot annerhallef Joer Zäit hëlt fir en Avis ze schreiwen, engem de Gedoldsfuedem schonn emol ka räissen.

Annerhalleft Joer also huet et gedauert, fir eng Stellungnam zu enger Propositioun vun den Deputéierte vun déi lénk zur Verfassungsreform ofzeginn. Bei esou enger Zäitfënster fir um Enn am Avis festzestellen: „Éischter wéi eng detailléiert Analys vun den Dispositiounen zu der genannter Propositioun ze maachen, verweist de Staatsrot op seng Avise vum 6. Juni 2012 a 14. Mäerz 2017 déi explizit op seng Positioun vum Inhalt zu engem neie Verfassungstext hiweist“.

Déi lénk dierfen sech dann och zu Recht wonneren, vu datt de Staatsrot mat kengem Wuert op den Inhalt vun der Propose agaangen ass. An si erënneren sech dann och un Zäiten, wou de Staatsrot Gesetzvirschléi vun den Deputéierten an sengem Tirang vergruewen huet. Et war dann och kee einfache Wee hei Remedur ze fannen, mee de Staatsrot hat zu gudder Lescht dann awer en Accord mat der Chamber fonnt, d‘Gesetzvirschléi mat deem néidege Seriö unzegoen, wéie en et mat de Virschléi vun der Regierung mécht.

Zäiten déi esou schéngen eriwwer ze sinn, well déi lénk kënne berechtegt Zweiwel um „Seriö“ hunn, wann no annerhallef Joer eng Äntwert um Dësch läit, déi am Endeffekt keng ass. Elo ass et natierlech och méiglech, datt wëll d‘Propose vun déi lénk sech däitlech vun där vun der Majoritéit vun der kompetenter parlamentarescher Kommissioun ënnerscheet, eng „vertrietbar“ Äntwert politesch net gewollt ass.

Esou huet déi lénk an hirer Propositioun op eng Verdéiwung vun de sozialen an demokratesche Rechter, eng demokratesch Reform vun den Institutiounen (dorënner och de Staatsrot) an op nei Forme vun der Biergerbedeelegung higewisen. Dat sinn dann och alles Punkten, bei deenen och de Bierger an net nëmmen déi lénk, e berechtegen Usproch op eng uerdentlech Äntwert vum Staatsrot huet. Déi lénk weisen dann an hirem Communiqué drop hin, datt den intellektuellen Effort dofir awer net konnt geleescht ginn.

Déi lénk gesi bei dëser Aart a Weis mat Deputéierten a Gesetzesvirschléi ëmzegoen, e Mëssbrauch vum Staatsrot senger Muecht. Dee gëtt dann och senger Roll net gerecht, wann e scho bal mat Veruechtung an ouni déi geréngsten Analys vun enger Propositioun aus der Oppositioun Ofstand hëlt. Fir déi lénk ass dat dann och schlicht an ergräifend déi elementar Prinzipie vun der Demokratie mat Féiss getrëppelt.

En demokratesche Prozess kann awer ëmmer nëmmen da stattfannen, wann déi ënnerschiddlech Virschléi a betruecht geholl ginn an d‘Iddien sech konfrontéieren. D‘Manéier wéi de Staatsrot hei mat der Demokratie ëmgaangen ass, géif dann och d‘Drénglechkeet vun enger déifgräifender Reform vun dëser Institutioun bestätegten. Déi lénk gesäit sech dann och genéidegt d‘Kommissioun vun den Institutiounen an d‘Konferenz vun de Presidenten ze saiséieren, fir dem Staatsrot seng Grenzen opzeweisen.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Staatsrot, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel