Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Explosioun zu Beirut: CARE leescht Nouthëllef
International Neiegkeeten Stories

Explosioun zu Beirut: CARE leescht Nouthëllef

Zwee Deeg no der Explosioun um Hafen vu Beirut weist

surprise
Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist
International Neiegkeeten Stories

Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist

Während mir zu Lëtzebuerg mat engem Präisschëld op der Plastikstut

Video: Wéi d‘Kris vum Coronavirus sech entwéckelt huet
International Neiegkeeten Stories

Video: Wéi d‘Kris vum Coronavirus sech entwéckelt huet

De Coronavirus ass pandemesch, wat heescht datt déi ganz Welt

Tëscht Ovatiounen a verbalem Bashing

Den Optrëtt vum Carola Rackete am EU-Parlament beweist wéi gespléckt d‘Unioun tatsächlech ass

Tëscht Ovatiounen a verbalem Bashing

Zéng ganzer Minutten huet d‘Carola Rackete, Kapitänin vun der Sea-Watch3, sech géintiwwer den EU-Deputéierten ausgedréckt an déi wou him nogelauschtert hunn, goufe mat zréckgeholl an déi Wochen um Mier, wou him an senger Crew ëmmer nees onvirstellbar Zeene virun Ae komm sinn.

Déi jonk Fra huet erzielt wat si erlieft huet, wéi seng „Leit“ mam Leed an dem Doud ëmgaange sinn. Am Sëtzungssall ass et roueg, net emol d‘Klatzkäpp vun der Antiflüchtlingsfraktioun hu randaléiert, wéi d‘Carola Rackete d‘Realitéit am Mëttelmier beschriwwen huet. Et huet och keen seng Fro beäntwert, déi éischter rhetorescher Natur war a sech op d‘Migratiounspolitik bezunn huet.

„Ech krut vill ongewollt Opmierksamkeet, Invitatiounen an Éierungen aus diversen EU-Länner, nodeems mir am Hafen ugeluecht haten. Mee wou dir dann alleguerten, wéi mir iwwert alle méiglech Kanäl ëm Hëllef geruff hunn? Wou waart dir, als ob d‘Ufro no engem sécheren Hafen ëmmer nëmmen d‘Äntwert ‚Tripolis‘ koum?“, esou d‘Kapitänin Carola Rackete am Plenum.

No sengen Ausféierungen hu sech déi meescht Deputéiert erhuewen an der 31 järeger Kapitänin vill Applaus gespend. An och d‘EU-Deputéiert haten eppes bäizedroen an et ass natierlech polemesch ginn. D‘Grief déi sech bei all Diskussioun am Kontext vu Flüchtlingen an/oder Migranten opdinn, goufen natierlech och gëschter nees eppes weider ausgehuewen. Villes war zougespëtzt…

Schwaarzbrong ass d‘EU-Parlament

Vun den Rietspopulisten ass d‘Carola Rackete dann och ganz hirer onséileger Ideologie no ugegraff ginn. De Faschist vum Vlaamse Belang, Tom Vandendriessche, huet d‘Hostilitéiten ageleet: „Dir hutt kee Respekt virun de Gesetzer an dem Rechtsstaat. Dir hutt de Wee vun der Gewalt gewielt. Dir sidd en Deel vum kriminellen Netzwierk, Handlaanger vun de Mënscheschmuggler. Dir hutt an dësem haus näischt verluer, dir gehéiert agespaart“.

Fir e politeschen Acteur, deen sech iwwert all Iwwergrëff deen sech géint „Friemer“ a sengem Land wennt freeë kann, näischt wat elo aussergewéinlech wier. Fir de gréngen EU-Deputéierten Erik Marquardt – dee sech op der Plaz selwer e Bild maache konnt – war d‘Interventioun vum Faschist ze vill Provokatioun, an hien huet e bëssi u Contenance verluer, kritt sech awer nees agefaangen.

„Ech wëll mech nëmme kuerz un déi ‚Kollegen‘ hei wennen, déi menger Meenung no widderlech Aussoe gemaach hunn. Ech wënschen iech nimools a Séinout ze geroden. An anengems sinn ech iwwerzeegt, datt wann dir emol a Séinout wiert, dir iech immens géift freeën, datt et esou Mënsche wéi d‘Carola Rackete gëtt“. Domatter huet hien zwar Recht, zitt awer och den Ierger op sech.

Well et esou schéin an de Kontext passt, dierf een d‘Ausso vum europäeschen AfD-Deputéierten, Nikolaus Fest – nee esou ee Numm kann s de net erfannen – net ënnerschloen. Et dierf een awer als Entschëllegung virausschécken, datt säin Intelligenzquotient op „Goldfësch-Niveau“ geleeën ass. „Här Marquardt, ech hunn net wëlles mam Schlauchboot no Libyen ze fueren (…) ech wäert also net esoubal a Séinout geroden“, esou ee vun deenen, dee verstanen huet ëm wat et heibäi geet.

Wann dann awer keen eng Léisung wëll?

Wann een dann nees eppes Distanz zur ongleeflecher Dommheet, déi grouss Deeler vum Europa-Parlament beherrscht, geet an sech dem Kär vum Sujet zouwennt, sollt alle politeschen Acteuren, wéi och deenen aus der Zivilgesellschaft eigentlech kloer sinn, datt de Problem rekurrent ass, an egal aus wéi engem Wénkel een et betruecht, hei zwéngend eng Léisung muss fonnt ginn.

Déi wäert et wuel och nach net nächsten Dënschdeg ginn, wann den däitschen „Horst“ – och alles wéi just kee Frënd vun allem wat Friem an dozou och nach Aarm ass – e Staatebündnis virstelle wëll, déi Migranten no feste Quote bei sech wëllen ophuelen. Den Horst Seehofer schéngt awer tatsächlech beméit sech der Realitéit stellen an den „Noutléisungen“ en Enn bereeden ze wëllen.

Den Horst Seehofer, däitsche Bundesinneminister mat bayresche Wuerzelen, war gëschter an der Tierkei, wou et och ëm d‘Flüchtlingen a Migrante gaangen ass. Hien huet zu Ankara sengem Homolog Süleyman Soylu fir dat tierkescht „Engagement an der Flüchtlingskris“ e grousse Merci gesot, woumatter kloer war, bei dëse Gespréicher komme Mënscherecht a Rechtsstaat net vir.

Et geet ëm Geld net ëm Frëndschaft

Firwat esou frëndlech? Kéint ee sech froen, woubäi jo gewosst ass, datt de Sultan Recep Tayyip Erdogan nach rezent domatter gedreet huet d‘Flüchtlingen op Europa lasszeloossen, wann et net geschwënn nees Geld vu Bréissel gëtt. D‘Griiche beschwéieren sech elo schonn doriwwer, datt d‘Tierken hir syresch Flüchtlingen iwwert d‘Ägäis a Richtung Europa „verschécken“.

E Fait deen den tierkeschen Inneminister dementéiert. Säi Land géif sech un all Verflichtungen aus dem Accord vun 2016 halen, an dat net aus humanitäre Grënn, mee well een zu senger Ënnerschrëft géif stoen, wat een esou vun der EU net behaapte kéint. Eng Erklärung dozou, wéi et méiglech ass, datt 2019 schonn ëm déi 50.000 Mënschen de genannte Wee notze konnten, huet de Mann awer net.

Dat huet de Mann aus Bayern dozou animéiert dem Süleyman Soylu unzebidden, datt däitsch Beamte kéinte bei der Grenziwwerwaachung eng Hand upaken. Den tierkeschen Inneminister huet net drop reagéiert awer dem Horst Seehofer ugebueden, him eng Lëscht anzereeche wourauser ervirgoe soll, wat ee alles maache kéint. Hie misst dat nach just mam Chef am Detail klären.

An de Chef wëll eng „Sécherheetszon“ a Syrien ariichten, wou dann déi an der Tierkei liewend „arabesch“ Syrer sollen ugesidelt ginn. Dofir misst d‘Tierkei a Syrien amarschéieren, wat esou politesch weder vun Däitschland, nach der EU oder den USA ënnerstëtzt gëtt. Et kéint also ganz dorops erauslafen, datt de Sultan elo awer neit Geld vun der EU kritt, wann hie „brav“ bleift.

mat indymedia/sxb/bru/tlv/ber

Foto: D‘Carola Rackete wollt sech kee Numm maachen, mee de fréieren italieneschen Inneminister Matteo Salvini hat der Kapitänin hir Aktioun net einfach esou geschléckt, mee dofir gesuergt datt si an de Prisong koum. Wuel nëmme ganz kuerzzäiteg, awer laang genuch déi jonk Damm op der Welt bekannt ze maachen. © ONG Sea-Watch

Ähnlech Sujeten Carola Rackete, EU-Migratiounspolitik, EU-Parlament, Sea-Watch, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel