Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rentrée 2020/2021: E Maximum u Presenz gëtt gefuerdert
International Stories

Rentrée 2020/2021: E Maximum u Presenz gëtt gefuerdert

De Changement vun normalem Cours ob SchoulDoheem, Unterrecht a Wiesselklassen

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
International Stories

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
International Stories

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels

EU-Parlament: d‘Tektonik vun de Gruppéierunge virun der EU-Wahl 2019

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels

Tëscht dem 23. a 26. Mee 2019 gëtt an Europa dat neit Europaparlament gewielt. Eng EU-Wahl bei där d‘Bierger d‘Chance erhalen, sech géint „Populismus a Rietsextremismus“ auszeschwätzen. Bei Betruechtung vun den Tendenzen, mussen ee sech froen wou et higeet.

Déi grouss europäesch politesch Familljen, ginn alleguerten duerchzu vun „interne Frakturlinnen“. E Fait deen dem „Wuesstem vum Populismus“ geschëlt ass, mee net nëmmen. Wie mengt, dat „Populismus“ oder „Nationalismus“ zum „Urknall“ innerhalb de Gruppe féiere kéint, dee musse mir hei enttäuschen. Dofir op dëser Plaz eng Iwwersiicht.

D‘EPP an de Viktor Orban

Déi mächteg a konservativ orientéiert „Europäesch Vollekspartei“ (EPP) muss am Virfeld vun den EU-Wahle mat engem „Problemfall“ ëmgoen: dee vum ultranationalisteschen Ungar, Viktor Orban a senger rietsradikaler Fidesz. Géintiwwer den Exzesser vum Orban, deen och nach beschëllegt gëtt, de Rechtsstaat am eegene Land net ze respektéieren, huet de Chef vun der EPP, den däitsche Manfred Weber, d‘Sanktiounen ënnerstëtzt, déi vum Europaparlament gestëmmt goufen.

Et ass awer keng rieds dovunner, d‘Fidesz vum Grupp auszeschléissen. „Ech gi kenger Diskussioun aus de Féiss. Ech baue Brécken tëscht de Leit“, esou de Manfred Weber, deen als Kandidat fir d‘Amt vum EU-Kommissiounspresident gehandelt gëtt. „Verstoussen, dat ass extremiséieren“, esou de franséischen Europadeputéierte Franck Proust (Les Republicains – LR), deen d‘Politik vun der „ausgestreckter Hand virzitt, och wann den Orban den ‚enfant terrible‘ vum Grupp ass“.

Géif een emol vun dësem därege Punkt ofgesinn, esou muss ee feststellen, datt de konservative Grupp EPP zur Stonn nach ganz vereent optrëtt. Dat wier der Attraktivitéit vun den däitsche Koalitiounsparteie CDU an CSU geschëlt, och wann déi am eegene Land un Zousproch verléieren. „Ech gesi keng Partei de Risk agoen, d‘Partei vu Berlin ze verloossen, fir sech wiem och ëmmer unzeschléissen“, resuméiert de franséischen Europadeputéierten, Alain Lamassoure (ex LR)

Déi veronséchert Sozialdemokratie

De Grupp „Sozialisten & Demokraten“ (S&D), déi zweetstäerkste Gruppéierung hannert der EPP, gëtt schonn am Virfeld vun der Europawahl als de grousse Verléierer gehandelt. Eng logesch Konsequenz vum allgemeng erkennbare Gesiichtsverloscht uechter Europa. Iwwerall verléiert déi sougenannte Sozialdemokratie u Buedem: de PS am Frankräich, déi däitsch SPD, d‘PD an Italien. Net ze vergiessen, datt déi britesch Labour nom Brexit net méi vertrueden ass.

„An den Ae vu senge Matbierger, ass d‘Sozialdemokratie net méi kredibel. Si ass Allianzen agaangen an huet säi Réckkräiz verluer“, entziffert de franséischen Europadeputéierte Gilles Pargneaux (fréier PS, haut „En Marche“ d‘Bewegung vum Emmanuel Macron) d‘Situatioun.

Am Parlament hätt de Grupp u Visibilitéit verluer, erkläert d‘Cheffin vun der franséischer sozialistescher Delegatioun, Christine Revault d‘Allonnes, nodeems et bis Januar 2017 zu enger „technescher Allianz“ mam EPP komm ass, fir eng Majoritéit sécherzestellen. Net ze vergiessen, datt den S&D mat der rumänescher Delegatioun „Problemer“ huet. „Dat net eleng beim Thema Rechtsstaat, mee och bei soziale froen (…) Do hu mir e Sujet“, seet d‘Christine Revault d‘Allonnes.

D‘ALDE an de „Macron-Bonus“

De Grupp vun den Demokraten a Liberalen (ALDE), dee vum „charismateschen“ Guy Verhofstad, féier belsche Premierminister, presidéiert gëtt, gëtt sech iwwerzeegt gestäerkt aus den EU-Wahlen ervirzekommen. Vun elo 68 Mandater, gleewen si fest drun, op iwwer 100 Sëtz ze kommen. Dat duerch den Uschloss vum „En Marche“ Kontingent. Et muss een allerdéngs drop hiweisen, datt zur Stonn eng Allianz nach net beschloss ass.

Den zentristesche Grupp, sollt hien duerch d‘Mandater vun „En Marche“ gestäerkt ginn, kéint sech als „zünglein an der Waage“ presentéieren, wann et drëms geet eng Majoritéit op d‘Been ze stellen. Woubäi et d‘Ongewëssheet gëtt, wéi attraktiv d‘Arrivée vun „En Marche“ schlussendlech wäert sinn. Zudeem muss sech d‘ALDE, am Bezuch op säin tschechesche Partner ANO, déi populistesch Bewegung vum Premierminister Andrej Babis, nach „positionéieren“.

Ekologisten a Lénks Radikal: stabil

D‘Ekologiste profitéiere vun enger allgemeng positiver Dynamik, déi sech duerch besonnesch gutt Wahlresultater (bei eis zu Lëtzebuerg, an der Belsch an a Bayern) erkläre léisst. De Moteur stellen déi ronn 50 Mandater vun „die Grünen“ duer. Hei besteet eng berechtegt Hoffnung bei den EU-Wahlen, weider Mandater ze erhalen. Dobäi muss e wëssen, datt et ënnert den Ekologisten ideologesch Divergenze gëtt: déi nordeuropäesch si liberal, déi südeuropäesch éischter lénks-sozial.

De Grupp vun de „Lénks Radikalen“ (GUE/NGL) kéint engersäits duerch d‘Bewegung vum Jean-Luc Mélenchon, La France Insoumise, zousätzlech Mandater gewannen. Anersäits dierfte Mandater verluer goen, sollt sech déi griichesch Syriza, déi sech éischter „Zentrum-lénks“ orientéiert. An et gëtt intern och differenzéiert Approche bei de Froen zur Immigratioun.

Wat wäert de Brexit bewierken?

Déi grouss „Onbekannt“ bei den EU-Wahlen 2019, betrëfft d‘Zesummestellung vun den dräi konservativen a nationalistesche Gruppen, déi aktuell ronn 150 Mandater fir sech beusprochen. Esou de Grupp vun den Europäesch Konservativ a Reformisten (ECR) – dee gréisste mat iwwer 70 Sëtz – déi eng 20 britesch Mandater verléiert.

An de Grupp EFDD, dee vun der britescher UKIP – der Partei vum Nigel Farage – federéiert gëtt, dierft et nom Brexit net méi ginn. Net ze vergiessen, datt déi rietsextrem vun der ENF (ze deenen de franséische „Rassemblement National“ – fréier Front National) – an déi italienesch Lega Nord gehéieren) während der Legislaturperiod eng Dose Mandater verluer huet, an nach esou knapp op 30 Sëtz kënnt. Déi kéinten zwar eng Koalitioun maachen, mee esou zerstridde wéi si sinn…

mam Jérémy Marot/AFP

Ähnlech Sujeten ALDE, ECR, EFDD, ENF, EPP, Europawahlen 2019, GUE-NGL, S&D
Nächsten Artikel Virrechten Artikel