Search

You may also like

Der Monarchie den „Dicks gebéit“
Auto Neiegkeeten

Der Monarchie den „Dicks gebéit“

Elo wou dem Jeannot Waringo seng Bericht virläit steet fest:

Den US-President animéiert zum duebele Vott
Auto Neiegkeeten

Den US-President animéiert zum duebele Vott

Datt de Locataire vum Wäissen Haus eng zolidd mat der

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun
Auto Neiegkeeten

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Zanter elo zwee Joer schéngt et mat der Konjunktur zu

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Fir de Verkéiersfloss op den Autobunnen zu Stousszäiten ze optimiséieren, wëll een elo déi maximal Vitesse an de Mueresstonnen op 90 km/h limitéieren. Ab der belsch-lëtzebuergescher Grenz zu Sterpenech, bis bei den Echangeur Kierchbierg wëll een dëse Plang op der A6 an A1 ab Méindes, den 3. Juni 2019 testen.

Un de Schaffdeeg (Méindes bis Freides) soll d’Vitesslimitatioun vun 06:15 Auer bis 09:15 Auer gëllen. D’Schoulvakanzen a Feierdeeg sinn vun der Regulatioun ausgeschloss. Donieft gëllt d’Begrenzung och net, wann een Ofschnëtt, duerch ee Virfall oder Accident an den dozou gehéierege Moossname fir den Trafic, anescht ausgeschëldert gëtt.

D’Testphas wäert bis Freides, den 12. Juli 2019 daueren. D’Vitesslimitatioun um Muere wäert, op der genannter Distanz vun 28 Kilometer, duerch Schëlter vum CITA signaléiert sinn. D’Moossname ginn duerch Autoritéiten iwwerwaacht.

Related topics 90 km/h, A1, A6, Autobunn, Kierchbierg, Sterpenech, Stousszäiten
Next post Previous post