Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of
International Neiegkeeten

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of

Bei sengem Besuch zu Washington, huet den däitschen Ausseminister matgedeelt,

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn
International Neiegkeeten

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert
International Neiegkeeten

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert

Et weess ee wierklech net méi op ee laachen oder

Texas: ACLU fuerdert Fräiloossung vu mannerjäregem Meedchen

Texas: ACLU fuerdert Fräiloossung vu mannerjäregem Meedchen

D‘Affekote vun engem 10 Joer jonke Meedchen, dat keng „Pabeieren“ huet, ënnert infantiler Zerebralparese leit an direkt no enger Operatioun verhaft ginn ass, fuerdere vun de US-Regierung seng Fräiloossung.

„D‘Spidol gëtt och vum Regelwierk vun der Banne-Sécherheet an der Grenzpolice als sensibele Beräich unerkannt, an do sollten eenzeg an Ausnamefäll Interpellatiounen zoulässeg sinn. Kanner an engem Spidol ze verhafte gehéiert sécher net zu den Ausnamen“, ënnersträicht den Michael Tan, en Affekot vun der amerikanescher Union fir zivil Fräiheet (ACLU).

„D‘Handlung vun der Regierung ass illegal, grausam a féiert dozou, datt Eltere mat kranke Kanner keng medezinesch Hëllef méi an Usproch huelen“, esou de Michael Tan deen an engem Communiqué op de Fall vum Meedchen ageet.

D‘Rosa Maria Hernandez ass am Alter vun dräi Méint mat engen Elteren am Texas ukomm. Haut zéng Joer jonk, war d‘Kand mat der Ambulanz an e Spidol vum Texas ageliwwert gi fir un der Gal operéiert ze ginn, wéi Agente vum Awanderung-Departement d‘Gefier kontrolléiert hunn. Si sinn dunn der Ambulanz bis an d‘Spidol nogefuer.

Wéi den Agrëff duerchgefouert an d‘Maria amstand war d‘Spidol ze verloossen, hunn d‘Autoritéiten d‘Kand op der Plaz verhaft. D‘Meedchen, dat ënnert enger Zerebralparese leit, enger Pathologie déi mat der Entwécklung vum Gehir zesummenhänkt, déi sech op d‘Bewegung an d‘Kontroll vun de Muskelen auswierkt, ass elo an engem geschlossen Zenter fir onbegleete mannerjäreg Refugiéeën.

D‘Autoritéite ginn un, keng aner Méiglechkeet gehat ze hunn, wéi d‘Kand an en Zenter ze placéieren, well et keng Pabeiere hat an net vun engem legale Momper begleet ginn ass.

Et ass richteg, datt déi Persoun – en amerikanesche Bierger deen der Famill no steet – déi d‘Rosa an d‘Spidol begleet huet, rechtlech gesinn net d‘Opsiicht iwwert d‘Kand huet. Seng Eltere konnten awer net, well se selwer och keng Pabeieren hunn, mam Kand an d‘Spidol fueren, aus Angscht selwer festgeholl ze ginn.

Update: D‘Rosa Maria Hernandez nees bei senger Famill (4. November)

Den Affekot Michael Tan vun der ACLU huet um spéide Freidegowend déi gutt Noriicht iwwerbruecht, datt dat 10 Joer jonkt Rosa Maria Hernandez fräigelooss ginn ass a nees bei seng Famill dierf. De Recours, oder villméi d‘Plainte vun der ACLU huet Wierkung gewisen, an dat dierf ee begréissen.

„Mir si ganz frou, datt d‘Kand nees heem dierf“ esou de Michael Tan am Communiqué. „Mee och wa mer frou sinn, d‘Entscheedung vun der Grenzpolice sech e klengt Kand an engem Spidol ze gräifen, kann een net entschëllegen. Kee Kand sollt esou engem Erliefnes ausgesat ginn a mir wäerten alles ënnerhuelen, datt esou eppes net méi virkënnt“.

Ähnlech Sujeten ACLU, Mannerjäreg, Meedchen, Texas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel