Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum
Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn
Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn
De Mickael Harpon schéngt net méi als „presuméierten Täter“ gehandelt
Am UN-Sécherheets (UNSC) konnten sech d‘Memberen op neits net zu
Um Samschdeg Nomëtteg war den TGV 9269 um Wee vu Lausanne op Paräis. Tëscht Dole a Frasne, an der Géigend vun der Schwäizer Grenz ass et schliisslech zur ellener Kollisioun komm. Esou huet d’Police erkläert, datt et „een TGV-Accident am Bësch vu LaJoux mat fräilaafenden Déieren“ ginn ass, wëll hiren Terrain net richteg ofgeséchert war.
Och den TGV 9269 huet Schuet dovu gedroen © TFI
Déi 237 Passagéier am Zuch si mam Schock dervu komm. Eng Madamm, déi beim Virfall am Zuch souz erkläert, datt et een traurege Moment war. Et denkt een un de Bauer an un déi aarm Béischten. D’Veterinäre ware schnell op der Plaz.
Bei den doudegen Déieren ass een Deel direkt op der Plaz verstuerwen, anerer hu missten duerch hir grav Blessuren ageschléifert ginn. Laut TFI sollen d’Kéi 5 verschidde Bauere gehéiert hunn, déi hir Déieren op enger Wiss regruppéiert haten.
Den Zuchverkéier ass wärend de Sécherheetskontrollen ënnerbrach ginn. D’Ermëttlungen zur genauer Ursaach vum traurege Virfall sinn am gaangen. Eréischt am Juli 2017 ass een TGV am Departement vun der Sarthe an ee Grupp Kéi gerannt.
Opmaacherfoto: vun Twitter