Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sécher nëmmen eng Fritte, mee eng vum Francis
International Money Neiegkeeten

Sécher nëmmen eng Fritte, mee eng vum Francis

Et gi Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann, an et

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
International Money Neiegkeeten

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!

Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech also un

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger
International Money Neiegkeeten

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger

Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger

money

Thailand: Tourismusindustrie an de Fäng vum Coronavirus

Ee vun de vun de wichtegste Wirtschaftssecteure vum südostasiatesche Land läit um Buedem

Thailand: Tourismusindustrie an de Fäng vum Coronavirus

Wann ee sech déi wierklech flott, am Optrag vum thailänneschen Tourismusministère gemaachten, Video-Clippen „Amazing Thailand“ op YouTube eranzitt, da kann ee scho verstoen, firwat et d‘Leit dohinner zitt. An nee et fléien net nëmme Sextouristen an dat südostasiatescht Land. Den Tourismus ass eng wichteg Akommesquell… also zumindest war et dat, bis de Coronavirus komm ass.

Tëscht Februar an Abrëll sinn d‘Hoteller a soss Herbergen ausgebucht, mee och soss herrscht an Thailand generell éischter „Undrang“. Dëst Joer awer ass och a Südostasien, wéinst dem Covid19, alles anescht. Zanter Mäerz dierf keen Auslänner méi an d‘Land areesen, an anescht wéi bei eis zu Lëtzebuerg gëtt et do kee Konjunkturpak vun der Regierung, d‘Faillite generaliséiere sech.

2019 huet den thailänneschen Tourismusministère ronn 40 Milliounen Touriste gezielt. Dës Gäscht hu mat hiren Ausgabe ganzer 11% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) generéiert. Et ass folgerichteg net ee Secteur, op deen d‘Regierung zu Bangkok verzichte kann. Fir d‘Acteuren aus dësem Secteur, déi sech mat politeschen Demonstratiounen, Tsunamien, an anere Krisen ëmmer nees hu missen nei erfannen, ass d‘Covid19-Kris allerdéngs wéinst den zougemaachte Grenzen oniwwerwannbar.

Ee vun de groussen an der Branche „Go Vacation Thailand“ huet zanter Mäerz en Drëttel vu senge Mataarbechter missen entloossen, déi aner mussen zolidd Gehaltsupassungen (bis zu 50%) verdaue fir net ganz ouni Pai do ze stoen. „Mir hunn ëmmer erëm Krisen auszehalen“, esou den Tobias Fischer, deen zanter zwee Joerzéngte fir d‘Entreprise an Thailand aktiv ass. „Mee esou eng Kris an dësem Ausmooss, dat ass nei. D‘Summergeschäft ass zu 100% ausgefall, op et am Wanter besser gëtt, kann aktuell keen an der Branche ofschätzen“, esou de Profi.

Angscht ass schlecht fir de Business

Och aner sougenannt „Big Player“ wéi d‘Entreprise vum Schwäizer Lutzi Matzigs „Asian Trails“ – déi nieft dem Reesbüro och eegen Hoteller bedreift – steet mëttlerweil mat Réck zur Wand. „Fir den Ament kënne mir d‘Hoteller dank de Bankkreditter halen“, esou de gestanene Geschäftsmann, dee beklot, datt d‘Regierung net den Effort mécht mat de Vertrieder vun der Branche ze schwätzen.

„Mir hu mat eise Verbänn kee Geld oder soss Hëllef gefuerdert. Mir wëllen datt d‘Grenzen nees opgemaach ginn, datt d‘Touristen nees bei eis dierfe kommen. Mee et gëtt weder eng Äntwert nach sinn Entrevue virgesinn. Dobäi hu mir Konzepter, mat deenen de Schutz vun den Touristen an den Eenheemesche gläichermoosse gewäert ass, och wann et natierlech keen 100% Schutz gëtt. D‘Thailänner hunn eng Angscht virun dësem Virus, dat ass net ze gleewen“, esou de Lutzi Matzigs

An Thailand ass, bezunn op d‘Covid19-Pandemie, eigentlech kaum betraff. Hei liewe laut den offiziellen Zuele ronn 70 Millioune Mënschen. D‘Zuel vun den Infektioune läit liicht iwwer 3.000 an et huet bis haut 58 Affer ze bekloen. Sécher ass alle Affer eent ze vill, mee am internationale Vergläich, schléit sech dat südostasiatescht Land ganz Daper. Neiinfektioune gëtt et zanter Méint net méi an d‘Regierung hätt gären datt dat och esou bleift.

De Problem ass allerdéngs, datt hei eng ganz Branche riskéiert deraart u seng Grenze bruecht ze ginn, datt déi no der Kris vu Grond op muss nei opgestallt ginn. Honnertdausende Jobs hänken hei drun an et dierft schwiereg ginn, nei Investoren opzedreiwen, wann erkannt gëtt wéi liicht sech et eng Regierung mécht an net wierklech gewëllt ass den Dialog zouzeloossen.

E Fait deen den Tanes Petsuwan vun der staatlecher Tourismusverwaltung bei engem Meeting am Juli am Foreign Correspondents Club zu Bangkok wuel bedauert huet. Mee och hie konnt net soen, ob et auslänneschen Touristen zu Enn vum Joer nees wäert erlaabt ginn anzereesen. Mee eng Ausso huet hie sech net verknaff: „Och wann d‘Touristen am Wanter zeréck dierfen, wäert sech alles veränneren. Massentourismus a grouss Reesgruppe wäert et keng méi ginn, an dat trëfft esou och op vill Hoteller a Tourismusentreprisen zou“.

mat indymedia/puk/bkk

Foto: Bangkok ouni Touristen ass eng doudeg Stad. Déi Eenheemesch hunn net déi erfuerderlech Kafkraaft, fir de Business um lafen ze halen. © Tan Kaninthanond / unsplash

Ähnlech Sujeten Bangkojk, Covid19, Grenzschléissung, Thailand, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel