Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt
International Neiegkeeten

jobs with dating sites

Den 30. Januar huet den Tourismusminister Lex Delles (DP), an

dating in your forties
International Neiegkeeten

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?

Mat engem Bréif vun der „Œuvre Grande-Duchesse Charlotte“, deen un

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!
International Neiegkeeten

HALESTORM um 18. Juni am Atelier!

A manner wéi engem Mount wäert déi US-amerikanesch Hard-Rockband Halestorm

Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert

Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert

Mam Begriefnes vum thailännesche Kinnek, ass um Donneschdeg dat vun der Militärjunta dekretéiert Trauerjoer op en Enn gaangen.

De Kierper vum Kinnek Bhumibol Adulydej, verstuerwen den 13. Oktober 2016 am Alter vun 88 Joer, war bis dohinner am Palais „versuergt“ ginn. Hei huet et eng stänneg buddhistesch Zeremonie ginn, déi reegelméisseg live op der Tëlee iwwerdroe ginn ass.

Am fréie Moien, huet d‘Zeremonie mat der Arrivée vum sengem Fils, dem Kinnek Maha Vajiralongkorn ugefaangen. Dee war mat sengem Rolls Royce an de Palais gefouert ginn, wou hien an senger rouder Militäruniform vu buddhistesche Mënchen empfaange gouf. Laut den Autoritéite, sollen 200.000 Thailänner laanscht d‘Stroossen gestanen hunn.

Et ass allerdéngs net einfach ofzeschätzen, wéi beléift d‘Kinnekshaus ass. Geschützt vun engem Gesetz zur Majestéitsbeleidegung, traut sech keen och nëmmen „schlecht“ ze denken. Richteg ass awer, datt fir vill Thailänner de Kinnek Bhumibol de Papp vun der Natioun war.

Mat iwwer 70 Joer Herrschaft, hat de Bhumibol déi längsten Amtszäit, e Weltrekord. Säi Statut als Hallefgott ass iwwer Joerzéngte gefleegt ginn. De Kult ëm seng Persoun ass ëmmer als Garant vun der Stabilitéit vum Land gesi ginn. E Land dat gezeechent ass vun den déiwe politeschen Differenzen, zerrappt tëscht ultra-Royalisten a Reformer.

Se hunn sech et eppes kaschte gelooss

Fir d‘Begriefnes vum Kinnek, huet weder d‘Militärjunta nach d‘Kinnekshaus, eent vun de räichsten op der Welt, sech lompe gelooss. D‘Zeremonie an de Bau vum Site fir d‘Anäscherung ginn op 90 Milliounen US-Dollar geschat.

Déi beschten Handwierker vum Land, hu méintelaang um Site geschafft. Kreaturen aus der Hindu- a Buddhismusmythologie goufe sculptéiert. Et sollen der iwwer 500 sinn, déi de Site ëmginn. Dee soll de Bierg Meru duerstellen, wat fir d‘Buddhisten den Iwwergang tëscht der Welt vun de liewegen an den doudegen duerstellt.

Héich Gäscht aus dem Ausland an kinneklech Familljen aus der ganzer Welt, esou d‘Kinnigin Maxima vun Holland, d‘Kinnigin Sofia vu Spuenien an d‘Kinnigin Mathilde vun der Belsch, sinn ugereest, fir dem Verstuerwenen de leschte Respekt ze erweisen.

Am Cortège opgefall, de Generol Prayut Chan-O-Cha, Chef vun der Militärjunta an Auteur vum Putsch am Mee 2014. E Putsch dee soll zur Verdeedegung vun der Monarchie stattfonnt hunn. De Bhumibol war do scho gesondheetlech ugeschloen. Elo stellen sech der vill d‘Fro, wéi eng Ausriichtung de Kinnek Maha der Monarchie wäert ginn.

E Bléck op d‘Geschicht

  • 9. Juni 1946: De Bhumibol klëmmt am Altär vun 18 Joer op den Troun, nodeems säi Brudder ënnert mysteriéisen Ëmstänn am Palais Verstuerwen ass.
  • 5. Mee 1950: Wéi de Bhumibol seng Studien an der Schwäiz ofgeschloss hat, ass hien zréck an Thailand fir gekréint ze ginn, eng Woch no senger Hochzäit.
  • Oktober 1973: Honnerte Leit stierwe bei Demonstratioune géint d‘Militärdiktatur. De Kinnek mécht seng éischt politesch Interventioun an deem hien de Premierminister opfuerdert d‘Land ze verloossen. De Bhumibol ernennt méi spéit e neien.
  • Mee 1992: Honnertdausende Mënsche ginn zu Bangkok op d‘Strooss. De pro-demokratesche Mouvement fuerdert d‘Aféierung vun engem ziville Regimm. Vill Leit stierwen. De Kinnek convoquéiert d‘Leader vun der Arméi an dem Mouvement an de Palais, kritt se iwwerzeegt sech virun de Kameraen ze „verdroen“. D‘Stierwen op de Stroossen huet en Enn an de Premierminister ass averstanen den Hutt ze huelen.
  • 11. Oktober 1997: De Kinnek ënnerschreift déi 16. Verfassung vum Land. Dat geet als grousse Schratt a fir déi politesch Reformen a méi Demokratie ugesinn.
  • 19. September 2006: No laange Méint vum Protest an der Lämung vun der Regierung, setzt e Militärputsch de Premierminister Thaksin Shinawatra, deen zu deem Ament bei der UN-Generalversammlung of. Beim Putsch ass keng Drëps Blutt gefloss an de Generol Sonthi Boonyaratglin kritt schnell eng Entrevue beim Kinnek.
  • August 2009: De Kinnek hält eng aussergewéinlech Ried, déi op der Tëlee an am Radio iwwerdroe gëtt. Hei warnt hien d‘Bierger, datt d‘Land kéint dem Ënnergang geweit sinn, sollten sech déi ënnerschiddlech politesch Fraktiounen net versöhnen.
  • September 2009: De Kinnek kënnt an d‘Spidol Siriraj zu Bangkok, hien huet eng Longeninfektioun.
  • Abrëll-Mee 2010: De Bhumibol bleift roueg, während op de Stroossen, d‘Arméi sech zolidd mat de „rouden Hiemer“ (pro Thaksin) ausenanersetzt. Iwwer 90 Leit stierwen an honnerte gi blesséiert.
  • August 2013: De Kinnek verléisst d‘Spidol a bezitt mat de Kinnigin Sirikit Quartéier a sengem Palais zu Hua Hin.
  • Dezember 2013: No neien Opstänn fuerdert de Bhumibol vu senge Landsleit sech ze besënnen. Säit Deeg huet d‘Gewalt iwwerhand geholl, a vill Manifestante wëllen d‘Premierministesch Yingluck Shinawatra, dem Thaksin seng Schwëster, stierzen.
  • 22 Mee 2014: D‘Arméi Putscht.
  • August 2014: De Kinnek ass am Spidol fir eng Kontroll. Hien ernennt de Generol a Chef vun der Militärjunta, Prayut Chan-O-Cha zum Premierminister.
  • 3. Oktober 2014: De Bhumibol muss nees an d‘Spidol, wou hien un der Gal operéiert gëtt. Hie muss uschléissend sechs Méint am Spidol bleiwen.
  • Mee 2015: De Kinnek muss op e neits an d‘Spidol. Hie soll et bis zu sengem Doud net méi verloossen.
  • 13. Oktober 2016: Den Doud vum Bhumibol ass offiziell, säi Fils Maha Vajiralongkorn iwwerhëlt d‘Geschäfter.
  • 26. Oktober 2017: No iwwert engem Joer Trauer, gëtt de Bhumibol, esou wéi et vun der Traditioun virgeschriwwen ass, ageäschert.

mam Sally Mairs an Sippachai Kunnuwong/AFP

Foto: Och nach ee Joer nom Dout vum Kinnek Bhumibol, si vill Thailänner ganz ergraff. Elo no engem vun der Militärjunta dekretéierten Trauerjoer, gëtt de Kinnek mat groussem Opwand ageäschert. © Ye Aung Thu/AFP

Ähnlech Sujeten Bhumibol, Staatstrauer, Thailand. Kinnek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel