Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!
how to stop getting dating ads Stories

https://moien.lu/anime-dating-games-for-ios/

D‘Asbl Sea Shepherd Lëtzebuerg, organiséiert dëse Samschdeg 14. Abrëll nees

dating problems reddit
how to stop getting dating ads Stories

Belsch Waffenhändler am Gléck

Laut dem gëschter verëffentlechte Rapport vum wallounesche Waffen-Observatoire, huet d‘Regioun

Dem Dalai Lama säi Bréif un d‘Greta
how to stop getting dating ads Stories

Dem Dalai Lama säi Bréif un d‘Greta

Déi 16 järeg Ëmweltaktivistin, déi et mat hirem Schoulstreik zur

The 100 – Déi aner Dystopie

The 100 – Déi aner Dystopie

Science Fiction presentéiert sech a ville Formen: et liest een ënnert anerem vu schwaarze Lächer, Aliens, Liewen op anere Planéiten, spektakulären Raumschëffer a moderner Technik. Mir huet dem Kass Morgan seng Trilogie ‘The 100’ et ugedoen, ech géif soen, dass dat awer éischter labber Sci-Fi ass – Eng Dystopie. Gutt, et ass riets vun enger Raumstatioun, der Ark, mä dat ass eréischt den Ufank vun der Geschicht.

Kass Morgan: The 100
Heyne

No engem Atomkrich, hu sech déi läscht Iwwerliewend vun der Mënschheet op eng Raumstatioun geflücht. Dat ass elo 300 Joer hier, an där Zäit huet sech eng streng Gesellschaftsform entwéckelt. E Grupp vun 1OO jugendlechen Verbriecher, kritt déi eemoleg Chance aplaz der Doudesstrof, erof op d’Äerd ze fléien, fir ze kucken, ob nees Liewen méiglech ass.

Eng Aventure, ob déi kee virbereet gouf. Op der Ark, am Weltall erliewe mir mat verschiddene Charakteren d’Virbereedungen op de Start an de Start selwer. Dës Geschicht liese mir, aus de verschiddene Charakterperspektiven, et gëtt een och gewuer, wéi d’ Protagonisten an dës Situatioun komm sinn, a wéi se sech weider entwéckelt hunn. De Fokus läit dorop um Clarke, dem Bellamy a senger Schwëster Octavia, dem Wells an dem Glass.

Interessant dorunner ass, dass dës Jugendlech aus deenen verschiddensten soziale Schichte kommen, dat mécht een Deel vun Charme aus, a weist eis, dass och do net alles esou perfekt ass, wéi et soll. Op der Äerd ukomm, geet villes schif, d’Jugendlech musse sech mol sortéieren. Schnell ass kloer, dass ee Liewen, een Iwwerliewen, ouni Recht an Uerdnung net méiglech ass. Lues a lues, baue si sech een neit Liewen op, d’Äerd ass wonnerschéin an eenzegaarteg. Mä ass se och sécher?

E beemol kënnt et zu komësche Virfäll, d’Jugendlech si beonrouegt. Si si wierklech, déi eenzeg Bewunner op der Äerd? Wat kënnt nach op si duer?
Ech hu mech gefrot, ob eventuell nach ganz Stied, oder vereenzelt Haiser do stinn, mä dat geet de Lieser awer net esou richteg gewuer, do wieren nach vill Ausbauméiglechkeeten do gewierscht. Infoen zum drëtte Weltkrich, a wéi et esouwäit komm ass, fënnt ee leider och net.

Een Deel vun der Geschicht spillt sech och op der Ark of, de Sauerstoff geet de Bewunner lues awer sécher aus, och hinnen bleift just eng Rettung.
D’Äerd. Mä ginn et genuch Raumschëffer, fir d’Bewunner all z’evakuéieren? Wien entscheet iwwert Liewen an Dout?
Wäert dat Ganzt eskaléieren?

Ee schéine Start vun enger Geschicht, déi Loscht op déi aner Deeler, an och op d’Serie mécht.

Kass Morgan: The 100: Tag 21
Heyne

De Buchtitel seet et jo schonn, d’Jugendlech sinn elo 21 Deeg op der Äerd.
Seit se vun Äerdgebuerenen ugegraff goufen, huet sech d’Atmosphär däitlech verännert, déi meescht Jugendlecher sinn ugespaant an nervlech ugeschloen. Wiem ass nach ze trauen? D’Geschicht geet mat de Begriefnisser un vun deenen, déi dës hannerhälteg Attack net iwwerliewt hunn. Duerch verschidden Doudesfäll, an d’Erschéngen vun den Äerdbewunner, sinn se elo och net méi zu honnert. All Charakter erhält genuch Raum fir sech a seng Suergen ze presentéieren. D’Autorin huet sech fir dës Bicher och eng einfach a modern Sprooch erausgesicht.
D’Raumbewunner huelen d’Äerdemeedchen Sasha gefaangen, an der Hoffnung méi iwwert hier Pläng gewuer ze ginn. Mä bréngt dat iwwerhapt eppes? Gëtt et ee Krich? Op der Sich nom Octavia, wat entfouert ginn ass, entdeckt d’Clarke ee schrecklecht Geheimnis, hatt verseet d’Welt net méi.
Ass dat de Grond, firwat sou vill vun de Jugendlecher krank ginn?
Ass d’Äerd awer net esou sécher wéi geduecht?

Gëtt et nach Hoffnung fir d’Mënschheet, oder wäerten se alleguerten stierwen? Et ass een typeschen zweeten Deel, dee méi op d’Final virbereet, och wann et u Spannung a Rätsel net feelt.

Kass Morgan: The 100: Heimkehr
Heyne

D’Clarke an déi Jugendlech, hunn hiert Liewen elo eenegermoossen am Grëff, enges Dages lant ee vun hiren Transponder op der Äerd, déi aner sinn ukomm. Normalerweis hu si och Medikamenter an aner liewesnoutwenneg Saachen u Bord, mä dat ass awer net esou.
An dësem Buch spillt de Muechtwiessel eng grouss Roll …
Wéi ginn d’Jugendlech domat ëm, dass d’Autoritéiten vun der Ark elo och op der Äerd sinn, an d’Ruder u sech rappe wëllen? Gi se begnadegt, oder waren dat just eidel Sätz, well kee mat hirem Iwwerliewen gerechent huet?
Et si vill bewaffent Gardisten ukomm, de Jugendlechen drot Gefor aus den eegene Reien, och wa sech deem nach net bewosst sinn.
De Konflikt läit doduerch éischter bei eise Jugendlechen, déi d’Äerd scho kennegeléiert hunn, a bei deenen Neien, déi mengen se géifen alles besser wëssen.

Et wäerten der vill stierwen, kommen d’Parteien zu enger friddlecher Léisung, oder muss d’Äerd alt nees drënner leiden? Dëst Band ass definitiv dat Stäerkst, Froen déi an de lëschten zwee Bicher opkomm sinn, ginn elo endlech beäntwert. Wat mech allerdéngs un dëser Trilogie gestéiert huet, sinn d’Buchcoveren, et fënnt een nämlech Haaptpersonnagen vun der Serie drop, a menger Meenung no, huet d’Buch net wierklech vill, mat der filmescher Ëmsetzung ze dinn.

D’Serie am Iwwerbléck

Wiem dës Trilogie gefall huet, freet sech bestëmmt driwwer, dass d’Kass Morgan nach ee véierten Deel geschriwwen huet.
The 100: Rebellion
Op Englesch ass e schonn um Marché, bis dass déi däitsch Iwwersetzung do ass, wäert et Dezember ginn.

D’Bicher kënnen ab engem Alter vu véierzéng Joer gelies ginn, ech géif awer kengem uroden d’Serie an dësem Alter schonn ze kucken.
Et ass mir zwar bewosst, dass et net rotsam ass, literaresch Wierker a filmesch Adaptatiounen mateneen ze vergläichen, mä an dësem Fall ass et net aneschter gaangen. Et fält engem direkt op, dass d’Charakteren vum Original an der Adaptatioun zimlech ënnerschiddlech sinn. D’Nimm, a verschidden Deeler vun der Perséinlechkeet sinn d’selwescht, mä de Rescht ass vollkommen anescht. An der Serie feelt dem Glass säi Charakter komplett, am Buch ass dat awer ee vun deene gewiescht, déi mir am beschte gefall huet. Ech géif soen, dass d’Serie, nach een Tick méi iwwerzeegt, wéi d’Bicher.

Ähnlech Sujeten Gernsback-Woch 2017, Science Fiction, The 100
Nächsten Artikel Virrechten Artikel