Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!
Neiegkeeten Stories

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!

Säit elo méi wéi 35 Joer, organiséiert de Sportdéngscht vun

Buchpresentatioun vun der Dystopie „Das Tor“
Neiegkeeten Stories

Buchpresentatioun vun der Dystopie „Das Tor“

Dem Auteur Basma Abdel Aziz säi Buch „Das Tor“ (Heyne)

Keen Techtelmechtel bei McDonalds
Neiegkeeten Stories

Keen Techtelmechtel bei McDonalds

Datt déi amerikanesch Konzerner zanter dem „#MeToo“ sech nei Reegelen

Hannert senger donkeler Séil verstoppt sech e waarme Charakter

Hannert senger donkeler Séil verstoppt sech e waarme Charakter

Et ass e sëffegen donkele Béier, dee sech hannert der Bezeechnung „The Fool“ verstoppt, an et sollt een sech net vu senger däischterer Séil hannert d‘Liicht féiere loossen. Bei dësem leckere Gedrénks steet eendeiteg de Malz am Mëttelpunkt, deen eng Hochzäit mat beschten däitschen Traditioun-Happ agaangen ass.

Mat sengen 5,2% Alkoholgehalt ass „The Fool“ vun der Brauerei Schaul, kee Staarkbéier och wann een dat op den éischte Bléck unhuele kéint. Nee elei huet een en douce Patt virun sech stoen, deen sech a Gesellschaft gutt genéisse léisst. Wien dëse wierklech remarkabele Béier och beim iesse wëll genéissen, deem sief gesot, datt e ganz gutt zu Wëld passt, wat grad zu dëser Joreszäit ugesot ass.

Fir den „The Fool“ an senger ganzer Bandbreet schätzen ze kënnen, sollt een hien net ze kal zerwéieren. Ideal ass e Beräich tëscht 6° an 8°C, an et dierf ee him, wann e bis am Glas ass, och gären en Ament Rou gënnen, fir dat sech seng Aromae gutt entfale kënnen. Mat dësem Béier, huet een dann och e Lëtzebuerger artisanaalt Spëtzeprodukt an der Hand.

Fool

Den Olivier Schaul, mat senger eegener Kreatioun, dem donkele Béier „The Fool“. Am Béier huet den Olivier sech eng Passioun entdeckt, déi hien am eegene Betrib, dem Craftcorner, zu Bouneweg ausliewe kann. D‘Clienten déi dann och emol do waren, kommen ëmmer nees gären zréck. Hei gëtt et vill Guddes ze entdecken. © Martine de Lagardère/moien.lu

En erstaunlecht Gedrénks

Gebraut gëtt „The Fool“ vum Olivier Schaul an dem Eric Thibor, déi de Craftcorner zu Bouneweg bedreiwen. Den Olivier, dee virun elo gutt véier Joer „hobbyméisseg“ mat Brauen ugefaangen hat, huet e bëssche missen tüftelen, fir dësen erstaunlech gelongene Béier op d‘Ben ze stellen. Et ass den éischte Béier vun der Adventszäit, an eigentlech muss ee sech nach just de Schnéi virstellen…

Erhältlech ass den „The Fool“ zur Zäit nëmmen am Craftcorner, 112 Bouneweger-Strooss an der Stad. Hei kann een och all déi aner Zorten entdecken, déi den Olivier an den Eric an hirer Braukichen hierstellen. Si bidden nieft eegenem Béier och aner Marken un, maachen op Wonsch e Maufel z‘iessen (Fingerfood) an sinn ënnert der Woch (ausser Sonndes) all Dag op.

Foto: „The Fool“, de sëffege Béier mat donkeler Séil vun der Brauerei Schaul. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten artisanale Béier, Bouneweg, Brauerei Schaul, Craftcorner, Olivier Schaul, The Fool
Nächsten Artikel Virrechten Artikel