Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Familljen déi illegal awandere ginn ausenanergerappt
https://moien.lu/creepy-guys-on-dating-apps/ Neiegkeeten

https://moien.lu/oxy-hookup/

Den US-Justizminister Jeff Sessions huet e Méindeg gewarnt, datt Kanner

kiis fm dating
https://moien.lu/creepy-guys-on-dating-apps/ Neiegkeeten

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg

No engem Joerzéngt vu relativem Fridden am Noen-Osten huet et

27. Oktober: FFW Coupe Alpina
https://moien.lu/creepy-guys-on-dating-apps/ Neiegkeeten

27. Oktober: FFW Coupe Alpina

Déi ganz Equipe an d‘Supporter vun der Fine Fléche Walfer,

The Holy um Siren’s Call 2019

The Holy um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s Call Festival statt. Och dëst Joer iwwerzeegt d’Event nees mat multidisziplinären Erliefnisser a verwandelt de Gronn an eng kulturell Attraktioun. An dësem Kader stelle mir elo Woch fir Woch een Akt fir, op den Dir Iech scho freeë kennt!

Gegrënnt huet sech „The Holy“ am Joer 2014, wou de Frontman Henrik ee Männerowend mat Fussball a sengem Living organiséiert huet. Bei der After-Party hunn e puer Gäscht sech an der Nuecht Demoen ugelauschtert an ee verlockenden Toun fonnt. An wéinege Stonne stoung der neier Band hire Line-Up scho fest a si hu just nach ee Bassist gebraucht.

Glécklecherweis huet hei een eent kannt, deen eent kannt huet a genau dat gesichtent Instrument spillt. Sou hunn si d’Meedchen direkt ugeschriwwen. Op der Party waren och zwee Batteuren, déi allen zwee an der Band matwierke wollten. Schlussendlech hu si zwee et an de Grupp gepackt.

The Holy huet bis elo méi wéi 100 Optrëtter an 10 verschiddene Länner gehat, an dat an den zwee éischte Joer no hirer Grënnung. D’Band aus Helsinki besteet aus dem Henrik (Vocals, Gittar), dem Laura (Bass, Synth), dem Mikko (Batterie) an dem Pyry (Gittar).

Siren's Call

Siren’s Call 2019

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons(LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Ähnlech Sujeten Band, Festival, Musék, Siren's Call 2019, The Holy
Nächsten Artikel Virrechten Artikel