Search

You may also like

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!

Et gëtt ënnert den europäesche Sozialiste ganz droleg Gesellen –

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger
International Kultur Neiegkeeten Stories

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger

Am Kontext vun der Protester an den Onrouen ass et

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20
International Kultur Neiegkeeten Stories

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20

Och wann de Programm vun der Saison 2018/2019 vun de städteschen

Heavy Metal aus der Mongolei – Traditioun trëfft op haart Musek

Heavy Metal aus der Mongolei – Traditioun trëfft op haart Musek

Ënnerhalb vu kuerzer Zäit hu si mat nëmmen zwee Videoen iwwer 7 Millioune Klicks op Youtube kritt. Domadder start déi mongolesch Heavy Metal Band The Hu esou richteg duerch a begeeschtert mat engem, fir eis éischter neie Stil, weltwäit d’Fans virum Ecran.

An hirem Heemechtsland ass d’Band scho bekannt. Dobäi probéieren d’Membere vun The Hu mat hirem neie Museksgenre „Hunnu Rock“ elo och an der ganzer Welt op sech opmierksam ze maachen. Wien sech mat der Geschicht auskennt, sollt erkannt hunn, datt den Numm vum ehemolege Räich an Zentral-Asien kennt, wou 210 viru Christus d’Hunne mam Atilla un der Muecht waren.

Generell kann een de Stil och als neie Folk Rock bezeechnen. The Hu verbënnt d’Traditioun vun der Mongolei mat modernen Heavy Metal Kläng, an dat héiert een net nëmmen, mee et gesäit een et och. D’Museker selwer ënnersträichen, datt si net einfach Elementer vun der westlecher Musek kopéieren, mee dorausser eppes Eegenes an Authentesches entwéckelt hunn. Donieft notzen si och mongolesch Instrumenter, wéi beispillsweis déi traditionell Gei mat Päerdskapp (morin khuur), eng jüddesch Harf (tumur khuur) oder mongolesch Gittaren (tovshuur).

Wärend dem Headbangen faszinéiert de Sänger och mam typesche Gesank, wou d’Téin haaptsächlech déif aus der Strass kommen. Mat engem Mix aus traditionelle Gewänner a Kombinatioun mat modernen Elementer, ergëtt et ee Ganzt, wou een weder ewech kucken nach ewech lauschtere kann.

The Hu

Mat der traditiouneller Gei morin khuur © The Hu

Geschwënn och bei eis?

Momentan schafft d’Band un hirem éischten Album, den warscheinlech Gereg heesche wäert. Den Numm kennt – wien hätt et geduecht – aus der mongolescher Geschicht, wou den diplomatesche Pass zur Zäit vum Genghis Khan de selwechten Numm hat. Et mierkt een un all Detail, datt The Hu sech immens vill mat der Geschicht, den Traditiounen an der Kultur vum Heemechtsland ausernaner setzt, fir esou dat Bescht eraus ze huelen an der Welt een neie Stil, a Kombinatioun mat Wäerter vun engem wäit entfernte Land, ze presentéieren.

Dat éischt Lidd „Yuve Yzve Yu“, wat iwwersat „Wat leeft?“ heescht, iwwerzeegt mat all de virdru genannte Stilelementer an informéier ganz niewebäi iwwert déi geschichtlech Vergaangenheet vum Land. Méi einfach kéint de Geschichtscours bal net sinn!

Et kann een also gespaant sinn, wat mir an Zukunft vun The Hu héiere wäerten. Méi Informatiounen zu der mongolescher Rock Band fënnt een op Facebook, wou si mat bal 28.000 Fans ee phenomenale Start hileeën, op Instagram, Youtube a Bandcamp.

Ralauschteren kënnt Dir natierlech hei:

Opmaacherbild: © The Hu – Facebook

Related topics Attila, Band, Heavy Metal, Mongolei, Musék, The Hu, Traditioun
Next post Previous post