Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli
free uk online dating site singles

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

dating in poland
free uk online dating site singles

dating the gospels

Dat vill Leit déi op Facebook an aner sozialen Netzwierker

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn
free uk online dating site singles

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!

Do stécht och vill Courage dohannert

The Last Jedi ass e Film deen oppe refuséiert, der d’Äntwerten ze ginn, déi s de gäre vun him häss. A grad dofir muss ech de Film respektéieren, well e weist, wou déi grouss Fal vun der Star Wars Serie louch an sech decidéiert, ebe grad net an dës ze falen.

D’Fal heescht Previsibilitéit. An déi Fal ass The Force Awakens bal getrëppelt, wier do net déi gesamt Prequel-Trilogie gewiescht, déi wuel als Paradigmewiessel – wann och net zum besseren – gedeit ka ginn. Well d‘Kritike waren sech dann dach eens, datt The Force Awakens relativ no un A New Hope géing kommen. Ugesiichts der Qualitéit vu béide Filmer war dat awer sécher kee Feeler.

The Last Jedi dogéint demontéiert vill typesch Elementer vun der Serie. Oft gëtt e keng Äntwerten op Froe vun de Fans, a wann dach, da sinn d‘Äntwerte sécher net déi, déi ee gären héiere wëll. Dat weist Courage! En plus ass et erfrëschend, well d‘Serie sech vun alem Ballast befreit: Et ass net méi jidderee mat jidderengem Famill a net jidderee braucht eng Hannergrondgeschicht, mat där een e ganze Film ausschaffe kéint. Besser nach, Personnage gewannen hei eng moralesch Ambiguitéit, déi seelen an der Serie ze fannen ass.

Eng Verfolgungsjuegd hält vill verschidden Handlungssträng zesummen a suergt dofir, datt alles a Beweegung bleift

Dobäi ass de Plot selwer schnell erzielt: D‘Resistenz ass op der Flucht virum First Order. Hir lescht Schëffer probéiere vun hire Verfolleger ewech ze kommen. Mee d‘Situatioun ass aussiichtslos, well hinnen de Sprit ausgeet. Dat setzt all d‘Personnagen ënner Drock: D‘Rey muss onbedéngt iergendwéi de Luke Skywalker iwwerrieden, eppes ze ënnerhuelen an hat ze trainéieren, de Finn wëll mat Hëllef vun engem Hacker den First Order infiltréieren an d‘Generolin Leia muss iergendwéi déi lescht Rechter vun der Resistenz zesummen halen. All dës Handlungssträng si spannend, well se och mat der Zäitlimit kombinéiert ginn.

The Last Jedi ass e gréisstendeels düstere Film, ganz an der Traditioun vun engem Empire Strickes Back.

Et seet vill aus, wa verschidden Ënnerhuelungen zum Scheitere veruerteelt sinn. The Last Jedi ass e gréisstendeels düstere Film, ganz an der Traditioun vun engem Empire Strickes Back. De Verglach kënnt ganz vum selwen op, ass dëst och d‘Mëttelstéck vun enger Trilogie. Déi hunn et bekanntlech am schwéiersten, sinn se dach domat beschäftegt, d‘Final ze preparéieren. Mee The Last Jedi steet ganz zolidd op eegene Been. D‘Action ass gutt, den Humor fonctionnéiert, och wann en deelweis ontypesch fir d‘Serie ass an all Figur ass a sengem Handeln novollzéibar. Nei Figure kréie genuch Loft zum Ootmen, al Figure gi konsequent weider entwéckelt. En iwwerlaangen zweeten Akt mécht sech ganz zum Schluss dach nach bezuelt, och well en zur Ambiguitéit bäidréit.

Eng oppe Rechnung mat der Vergaangenheet féiert zu engem Neistart fir d‘Serie

Wéi den Trailer schonn undeit, beschäftegt sech hei Star Wars mat senger eegener Vergaangenheet. Wann de Kylo Ren seet, et misst een seng eege Vergaangenheet zerstéieren, dann ass dat hei wuel Programm. Al Legende ginn demontéiert – reegelrecht vun hirem Podest gerappt! Momenter, déi een direkt u méi al Filmer aus der Serie erënneren, verlafen op eemol ganz anescht. Dat féiert zu engem neien Opbroch fir déi ganz Serie, an et kann ee scho bal net gleewen, wat hei net alles ëmgerappt gëtt.

Wann The Force Awakens eng Nostalgiekeul ausgepaakt huet, esou weist The Last Jedi, wéi brutal d‘Erwäche ka sinn.

Et ass awer och ze verstoen, datt vill Fans vum Film enttäuscht sinn. D‘Grënn dofir si ganz verschidden: Vir muenchereen ass de Film dann dach ze anescht. Anerer stoussen sech um elle laangen zweeten Akt, nach anerer um komeschen Humor oder u Logik-Lücken, déi ee mengt ze gesinn. Dat sinn alles méi oder manner berechtegt Kritikpunkten, déi een och deele kann. Mee ech mengen, mat e bësschen zäitlecher Distanz wäert sech dann dach och ënnert de Fans de Gedanke fest setzen, datt ee Star Wars net ad nauseam nom ëmmer gläiche Schema ka weider féieren. Wann The Force Awakens eng Nostalgiekeul ausgepaakt huet, esou weist The Last Jedi, wéi brutal d‘Erwäche ka sinn.

Dat muss engem net gefalen. Ween déi al Star Wars Filmer gären huet, dee kann ech berouegen: Déi sinn ëmmer nach do. Trotz alle Beméiunge vum George Lucas, se ëmmer méi ze verschandelen. Mee nei Zäite brauchen en neie Star Wars, soss gëtt d‘Serie kulturell irrelevant. An dat hätt dës Space Opera awer elo wierklech net verdéngt.

Fotoen: Lucasfilm Ltd.

Ähnlech Sujeten Film, Kultur, Science Fiction, Star Wars, The Last Jedi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel