Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rosa Oktober 2019: Déi 17. Editioun vum Broschtkriibslaf
International Kultur Neiegkeeten

Rosa Oktober 2019: Déi 17. Editioun vum Broschtkriibslaf

Broschtkriibs ass eng vun de weltwäit am heefegsten diagnostizéiert Kriibsaarte

Ëmweltdesaster – Mauritius lieft den Albdram
International Kultur Neiegkeeten

Ëmweltdesaster – Mauritius lieft den Albdram

Vun der Katastroph an d‘Desaster ass et oft nëmmen ee

surprise
Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen
International Kultur Neiegkeeten

Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen

D’Stad Lëtzebuerg kennt e puer Evergreen-Themen. Bescht Beispill dierft do

Wierbel an Zockerschock duerch Baby-Yoda!

D'Disney+ Serie The Mandalorian huet ee richtegen Higucker ze bidden

Wierbel an Zockerschock duerch Baby-Yoda!

Gesäit een de klengen drollege Gesell um neie Streaming Déngscht Disney+, dann huet een direkt d’Bedierfnis viru lauter Séissheet an engem verdreemten „Owww“ ze verfalen. Riets ass vun der „Baby-Versioun“ vum Star Wars Held Yoda, eng Figur, déi elo an der Serie The Mandalorian ze gesinn ass.

Zënter enger knapper Woch offréiert den neien On-Demand Streaming Service Disney+ Filmer a Serië ronderëm den Disney-, Pixar-, Marvel- a Star Wars Universum. Fir d’Fans vum George Lucas senger epescher Weltall-Saga ass elo mat The Mandalorian een neit Puzzlestéck dobäi komm. D’Geschicht spillt dobäi ronn 5 Joer no der 4. Episode vu Star Wars a gutt 25 Joer, ier d’Muecht emol wakereg gëtt.

Dobäi dréint d’Handlung ronderëm déi sougenannt First Order, déi d’Muecht u sech rappe wëll. De Mandalorian gëtt beoptraagt, fir „d’Baby-Versioun“ vum Yoda ze fannen. Zu dëser Bezeechnung vum grousse Jedi Meeschter ginn et awer elo sou munch spannend Theorien.

Baby-Yoda

Wat, wann et guer net de Yoda ass?

Bei sengem Dout war de Yoda ronn 900 Joer al. Dozou sot déi kleng gréng Kreatur selwer: „Wann 900 Joer al du kriss, gutt ausgesinn, du wäerts net!“ Elo gëtt et da bëssi méi komplizéiert: D’Serie vum Mandalorian spillt ëm 9 Joer nom Kampf vum Yavin. De „Baby-Yoda“ soll hei 50 Joer jonk sinn, wouduerch hien am Joer 41 VKY gebuer muss sinn. Zitt een elo d’Episod 5 vun der Saga mat dobäi a kuckt dem Yoda säin deemolegen Alter, misst de Jedi Meeschter scho vill méi al bei der neier Serie sinn.

Op der anerer Säit wier et awer och méiglech, datt de klenge Gréngen dem Yoda säin eegene Baby ass. Nieft der bekannter Figur gëtt et nämlech och nach d’Yaddle, eng Jedi Meeschtesch, déi um Jedi Rot deelhëlt. Kéint et net sinn, datt do béid Geschëpfer eng immens Loscht iwwerfalen huet an d’Yoda-Mini-Versioun d’Resultat vun hirer Fortplanzung ass? Domat wier de grénge Gesell allerdéngs géint de Jedi-Schwur gaangen an hätt säin eegent Kand reegelrecht verstouss. Hätte Yaddle a Yoda awer eng um Lafe gehat, esou wier déi extrem staark Kraaft an déi speziell Fäegkeete vum „Baby-Yoda“ einfach ze erklären.

Baby-Yoda

Eng lescht Theorie dréint sech ëm d’Klone vum Jedi Meeschter. Duerch déi fortschrëttlech Technologie am Weltall wier dëse Schrëtt net onwahrscheinlech. Do bleift just nach ze klären, ob de Yoda sech selwer vervillfältegt huet, ob eng aner Persoun d’Patten am Spill huet a wisou een dëse Wee agaangen ass?

Nujee, kuckt een d’Serie aus Interessi an aus Freed, da genéisst een einfach d’Existenz vun der séisser neier Kreatur. A kuckt ee sech déi riseg Kulleraen, déi iwwerdimensional laang Oueren an den häerzleche, bëssi zerknujelte Bléck un, da kann een net anescht, wéi all Kéiers ze schmëlzen, wann de „Baby-Yoda“ opdaucht.

Ähnlech Sujeten Baby-Yoda, Disney, Filmer, George Lucas, Serie, Star Wars, Streaming, The Mandalorian, Theorie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel