Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lidl stäipt sech géint Verschwendung vu Liewensmëttel
nigerian female soldier dating site

Lidl stäipt sech géint Verschwendung vu Liewensmëttel

Et ass gewosst – an och verständlech – datt d‘Entscheedung

speed dating ad
https://moien.lu/sumit-vats-dating/
nigerian female soldier dating site

https://moien.lu/oahu-dating-service/

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg
nigerian female soldier dating site

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg

Wie seng Geschicht net kennt, ka seng Zukunft net plangen.

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Nom holpreten Iron Fist kann dës Serie begeeschteren

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um The Punisher Stoff probéiert. An et ass keen onkomplizéierten Inhalt. E Söldner am Zentrum vun der Geschicht ze hunn mécht et kengem Realisateur einfach. Nodeems den éischte Film 1989 gefloppt war, gouf et nach eng zweeten an drëtte Kéier probéiert. Den 2004er Film huet net fäerdeg bruecht, eng eegen Serie ze starten, den 2008er Reboot war e Flop. Elo ass d’Serie erëm doheem bei Marvel an d’Figur gouf an der zweeter staffel vun Daredevil erëm nei an den Universum integréiert.

An et stellt sech eraus, datt den Tëleesformat besser zum Punisher passt, ewéi de Film. Hei huet net nëmmen d’Figur vill Plaz, fir sech ze entwéckelen – woubäi Daredevil do eng ganz gutt Viraarbecht geleescht huet. Mee och déi vill Niewefiguren kënnen sech etabléieren. Do hätte mer de Micro (Ebon Ross-Bachrach), de wuel mi intellektuelle Géigepart zum Punisher, deen sech méi mat Computeren auskennt, deem seng Backstory awer deem vum Frank Castle (Jon Bernthal) staark gläicht: Hien huet misse seng Famill gleewe loossen, datt en dout wier. Tatsächlech lieft en an engem Exil, vun deem aus en seng Famill iwwerwaacht. Mee e braucht dem Frank Castle seng Informatiounen, fir kënnen erëm zeréck an d’Welt vun de Liewegen ze kommen. D’Dinah Madani (Amber Rose Revah) dogéint ass eng Homeland Security Agentin, déi probéiert e Mord opzeklären, un deem de Frank Castle bedeelegt war.

The Punisher ass brutal. Mee ënnert dëser haarder Kusch geet et vill ëm Emotiounen an Trauma.

Trotz aller Action an effekträicher Brutalitéit kéint een The Punisher als eng Charakterstudie bezeechnen. Am Fokus stinn nämlech Zaldoten, déi am Krich am Afghanistan Saachen erlieft hunn, déi déif Spueren hannerlooss hunn. Mat hirem Hang zur Gewalt ginn si zu enger Gefor fir hir Ëmwelt. Vue datt de Frank Castle kee klassesche Superheld ass – en huet keng speziell Fäegkeeten a benotzt konventionell Waffen a säi militärescht Kënnen – passt dës Thematik exzellent zum Kontext vun der Figur. Mee och d’Erkonnen vum post traumatesche Stress vun dësen Zaldoten ass et, dat dës Serie kuckenswäert mécht.

Dobäi ass wichteg ze begräifen, datt The Punisher sech nëmme schwéier mat anere Superhelde vergläiche léisst. De Frank Castle ass net e sympathesen Held. En ass éischter en Antiheld, mat enger mënschlecher Vergaangenheet. Seng Famill huet e verluer, sozial Kontakter sinn ëm keng bliwwen an en huet Problemer, sech vu senger Krichsvergaangenheet ze léisen. Dëst ass de Kär vu ville Figuren an d‘Aart a Weis, wéi d‘Serie dës verschafft, mécht se spannend. Datt d‘Inszenéierung wéi och d‘schauspilleresch Leeschtungen duerch d‘Bänk ewech gutt sinn, hëlleft, dëse Stoff dem Publikum ze vermëttelen.

Et ass also Marvel an Netflix gelongen, eng weider Figur an hirem Universum uerdentlech ze etabléieren. Nom groteske Fiasko dat do den Iron Fist war, léisst dat erëm hoffen.

Ähnlech Sujeten Marvel, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel