Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt
Kultur Neiegkeeten

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt

Fir Leit déi näischt mat Technik um Hutt hunn, sinn et villäicht

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
Kultur Neiegkeeten

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

Den Trump an de Juncker entschäerfen d‘Kris tëscht Washington a Bréissel
Kultur Neiegkeeten

Den Trump an de Juncker entschäerfen d‘Kris tëscht Washington a Bréissel

Den US-President Donald Trump an de Chef vun der europäescher

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20

D’Theatere vun der Stad Lëtzebuerg stellen hire Programm fir d’Saison 2019/2020 vir!

Theatere vun der Stad Lëtzebuerg: Programm 19/20

Och wann de Programm vun der Saison 2018/2019 vun de städteschen Theateren nach net ganz eriwwer ass, esou huet de Stater Schäfferot dëse Méindeg op d’Presentatioun vun der neier Saison am Kapuzinertheater agelueden. Am Bäisinn vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet den Tom Leick, säit 2015 Direkter vun de Stater Theateren, en Ausbléck op d’Saison 2019/2020 ginn.

Ob Theater, Danz oder Oper – d’Stater Theateren, dat sinn de Kapuzinertheater an de “Grand Théâtre”, hunn ab September 2019 e volle Kulturprogramm mat iwwer 50 Evenementer ze bidden.

Liicht nostalgesch erënnert den Tom Leick sech drun, wéi en 1999 fir d’éischte Kéier op därselwechter Plaz am Kapuzinertheater bei der Opféierung vum Stéck “Kasimir und Karoline” als Acteur op der Bühn stoung. Dat sinn elo 20 Joer hir an elo steet hien als Direkter do. “Näischt geet vun haut op muer”, esou den Här Leick a weist drop hin, datt d’Lëtzebuerger Kulturzeen sech an de leschte Joren e grousst Netzwierk opgebaut hätt an ee mat ville renomméierten Institutiounen op der ganzer Welt am Austausch wier. Dëst ass awer nëmmen duerch den onermiddlechen Asaz vun der ganzer Ekipp während deene ganze Jore méiglech gewiescht.

Ënnert den Opféierunge wieren awer och eng Rei Eegeproduktiounen dobäi, sou ënner anerem D’Mäerche vum “Rabonzel”. Bei dësem Wierk, wat an enkem Zesummespill tëschent dem Lëtzebuerger Auteur Jeff Schinker an dem Regisseur Charles Muller entstanen ass, geet et drëms, eng klassesch Geschicht nei ze erzielen an esou Grouss a Kleng ze begeeschteren. An dëser neier Versioun vum “Rabonzel” wäert de Schwéierpunkt op der Musek an dem Verdreemte leien. Nei Kompositiounen a Lidder vum Gast Waltzing ënnermolen d’Thema vun der Jugend, hire Wënsch an Idealer a wéi se oft vun Erwuessenen ausgenotzt ginn.

Beim Volet vum Theater wäerten eng Rei Stécker zu zwou verschiddenen Thematike gehéieren: Den éischten Zyklus beinhalt d’Thema vun der Gewalt a senge verschiddene Facetten (“cycle sur la violence”), woubäi den zweeten Zyklus sech der momentaner politescher Situatioun an Europa unhëlt (“Focus Europe”). Weider Detailer dozou solle spéider am Joer kommen.

Startschoss fir d’Saison 2019/2020 ass de 25. September 2019 mat der Koproduktioun “Vivaldi Variations” tëscht dem Spellbound Contemporary Ballet an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg.

Praktesch Informatiounen

Tickete kritt ee beim Grand Théâtre
1, Rond-point Schuman L-2525 Lëtzebuerg
Tel.: 47 08 95 1
E-Mail: info@luxembourgtickets.lu
Vu Méindeg bis Freideg vun 10:00 bis 18:30 Auer
Oweskeess eng Stonn éier d’Virstellung ugeet.
www.luxembourgticket.lu

Hei e kuerzen Iwwerbléck vum Programm vun der Saison 2019/2020. Weider Informatioune fënnt een op theatres.lu.

Oper

Der Freischütz – Carla Maria von Weber

Macbeth – Giuseppe Verdi

Abstract Pieces – Manos Tsangaris

Cabaret – presentéiert vum Bill Kenwright

The Sleeping Thousand – Adam Maor

Pygmalion – Jean-Philippe Rameau

L’Amour et Psyché – Jean-Joseph Cassanéa de Mondonville

Rusalka – Antonin Dvorak

Le Silence des ombres – Benjamin Attahir

Danz

Spellbound Contemporary Ballet & Orchestre de Chambre du Luxembourg – Vivaldi Variations

Bruno Beltrao / Grupo de Rua – Inoah

Akram Khan Company – XENOS

Simone Mousset – The Passion of Andrea 2

Acosta Danza – Evolution

Blanca Li – Elektrik

Marlene Monteiro Freitas – Paraiso – colecçao privada

Colin Dunne & Sidi Larbi Cherkaoui – Sessions

Wim Vandekeybus – TrapTown

Michael Clark Company – New York (2020)

Patricia Guerrero  -Distopia

Enter Achiles – A Work by Lloyd Newson (DV8 Physical Theatre)

Message in a Bottle –  Choreography by Kate Prince, based on the songs of Sting

Serge Aimé Coulibaly, Rokia Traoré / Faso Danse Théâtre – Kirina

R.E.F.E.X.E.S (projet blanContact) – Annick Pütz & Thierry Raymond

Nederlands Dans Theater – Marco Goecke, Alexander Ekman & Andere

Anne Teresa De Keersmaeker, Louis Nam Le Van Ho, Alain Franco, Rosas – Zeitigung

Cie AWA As We Are / Baptiste Hilbert & Catarina Barbosa – Shoot the cameraman

(LA)HORDE – Marry Me In Bassiani

Theater

Le jeu de l’amour et du hasard – Marivaux

Petit frère, la grande histoire Aznavour – D’après le récit d’Aïda Aznavour-Garvarentz

Ionesco Suite – Eugène Ionesco / Emmanuel Demarcy-Mota

Weibereien – Betsy Dentzer & Toneclash

Joueurs – Don DeLillo / Julien Gosselin

Mao II – Don DeLillo / Julien Gosselin

Les Noms – Don DeLillo / Julien Gosselin

Dealing with Chair – Martin Crimp

Ruy Blas – Victor Hugo

In die Poesie gehört die Ökonomie – Thomas Bernhard & Siegfried Unseld

Rabonzel – Jeff Schinker / Bridder Grimm

The Strange Tale of Charlie Chaplin and Stan Laurel – Told by an Idiot

Un ennemi du peuple – Henrik Ibsen

Süden – Julien Green

Arctique – Anne-Cécile Vandalem

Das letzte Feuer – Dea Loher

Ivanov – Anton P. Tchekhov

La Dame aux camélias – Alexandre Dumas Fils

Im Herzen der Gewalt – Édouard Louis

Mentez-moi – Librement inspiré de Carlo Collodi

Die Physiker – Friedrich Dürrenmatt

Seasonal Affective – Disorder Lola Molina

The Quest Cédric Eeckhout

I Am Europe – Falk Richter

Identität Europa – Aacht Auteuren aus aacht europäesche Länner

Demokratie – vum Michael Frayn

A Love Suprême – Xavier Durringer

What if they went to Moscow? – Christiane Jatahy

Opmaacherfoto: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Capucins, Kapuzinertheater, Theater, théâtres de la ville de Luxembourg, Tom Leick
Nächsten Artikel Virrechten Artikel