Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019

Och an dësem Joer proposéiert d’Theaterschoul an der Stad Lëtzebuerg nees Stagë fir Erwuessener an Ufänger an der Period vu Januar bis Mee. Et ass déi ideal Méiglechkeet, fir mat Professionellen aus der Zeen an d’Welt vum Theater anzedauchen an Erfarungen ze sammelen.

Am Joer 1999 ass d’Theaterschoul gegrënnt ginn. Zesumme mam Conservatoire ass et zu Lëtzebuerg déi eenzeg professionell Struktur fir u Formatiounen am Beräich Theater deel ze huelen.

Stage fir Erwuessener – Aféierung an Decouverte

13. Januar 2019: Theater an Improvisatioun
10. Februar 2019: Theater an Improvisatioun
10. Mäerz 2019: Theater an Improvisatioun
14. Abrëll 2019: Theater an Improvisatioun

D’Coursë si vun 9:00 bis 17:00 Auer. Geleet gëtt de Stage vum Monsieur Pascal Durante.

Zu de Stagen

Generell sinn dës Formatioune jiddwerengem zougänglech, den sech initiéiere well, oppe fir Neies ass an d’Technique vum Schauspill a vun der Bühn kenneléiere well. Dozou geéiert och den Text, Liesen an Dekodéieren, Rollespill, Emotiounen an Improvisatioun.

D’Stagen adresséiere sech u Jonker, Ufänger an/oder déijéineg mat e bëssen Erfarung am Theater. Folgend Aspekter ginn an de Coursë behandelt: de Raum, Preparatiounen an Opwiermen, d’Personnagen (Wien sinn si? Wat ass hiert Ziel?), schauspillen, Emotiounen, Texter liesen, léieren a verstoen, Improvisatioun, Kreativitéit,…

Weider Informatioune ginn et op www.ecoletheatre.lu.