Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg begréisst 12 Flüchtlingskanner aus Griicheland
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg begréisst 12 Flüchtlingskanner aus Griicheland

Lëtzebuerg weist sech solidaresch: Haut de Moien sinn 12 Flüchtlingskanner

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht
Kultur Neiegkeeten

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht

Bei der Entrevue vu gëschter, tëscht dem LCGB an dem

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist
Kultur Neiegkeeten

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist

Gëschter war de weltwäiten Dag vum Autismus, woubäi d’Opmierksamkeet fir

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung

Si sinn nees do: den Django, en homosexuelle Känguru, a seng animalesch Frënn Pascha a Lucky. Dëst Theaterstéck ass net onëmstridden, firwat den Deputéierte Fernand Kartheiser (ADR) am Dezember den Hutt héich gaange war, an dem Educatiounsminister zolidd d‘Lewitte gelies huet.

Dëst Theaterstéck, datt eigentlech Schoulklasse virbehalen ass, gëtt den 10. Februar um 16 Auer an der Abtei Neimënster ëffentlech opgefouert. Do ka sech da jidderee selwer e Bild dovunner maachen, op dës Opféierung fir déi Krapperten, déi et sech am Kader vum Schoulprogramm dierfen oder mussen (hänkt eppes vun der Siichtweis of) ukucken, gëeegent ass. D‘Plazen si begrenzt.

An egal wéi een doriwwer denkt, an engem Punkt sollt ee sech eens sinn: eng oppe Gesellschaft zeechent sech doduercher aus, wéi se mat hire Minoritéiten ëmgeet, wéi dat „anescht sinn“ toleréiert gëtt. Demokratie funktionéiert nëmmen dann, wa kee wéinst ideellen, spirituellen, kulturellen, oder sexuelle Virléiften ausgegrenzt gëtt. Et ass erlaabt ze froen, wéi vill Demokratie erwënscht ass…

„Call 4 Action“

De Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Claude Meisch (DP) hat den Opruff vun der UNESCO „Call 4 Action“ ënnerschriwwen, an huet Lëtzebuerg domatter verflicht, eng inklusiv an gerecht Bildung fir all d‘Schüler sécherzestellen. Eng Bildung déi fräi vun Diskriminatiounen ass, d‘Recht op e séchert Schoul-Ëmfeld garantéiert an all Form vu Gewalt bekämpft. War dat bis elo net esou?

Ma wann ee sech déi sëlleche Kommentaren an de soziale Medien zu Gemitt gefouert huet, muss ee mengen datt deem bis ewell net esou war, an et och net soll esouwäit kommen. Dofir ass et wichteg a richteg, datt „E Känguru wéi du“, wou Viruerteeler an Dommheet blouss gestallt ginn, och de Kanner aus den Zyklen 3 bis 4 zougänglech gemaach ginn. En Zwang ass awer de falsche Wee…

Zur Vollstännegkeet muss drop higewise ginn, datt d‘Kanner déi dëst Theaterstéck am Kontext vun hirer schoulescher Formatioun kucke ginn, am Virfeld drop „virbereet“ ginn, an och duerno, de Sujet edukativ nobehandelt gëtt. Den Eltere kann een och nëmme roden, sech d‘Begleetheft zum Theaterstéck duerchzeliesen. Wien duerno säi Kand „schütze“ wëll, sollt et maachen dierfen.

Opféierunge vir d‘Schoulen si vum 11. bis den 13. Dezember jeeweils um 10 Auer virgesinn. Alles an der Abtei Neimënster.

Ähnlech Sujeten Abtei Neumünster, Homosexualitéit, Känguru, Schoulkanner, Theaterstéck, Toleranz. Educatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel