Search

You may also like

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch
Kultur Neiegkeeten

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch

D’Beamte vun der Police sinn an zwee Fäll op der

Schlëmmst Bëschbrandjoer säit dem Ufank vun den Opzeechnungen
Kultur Neiegkeeten

Schlëmmst Bëschbrandjoer säit dem Ufank vun den Opzeechnungen

Gëschter huet déi d’Fuerschungsekipp vun der europäescher Kommissioun de Joresrapport

Stad Lëtzebuerg: Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart
Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart

D’Stad Lëtzebuerg kënnegt déi éischt Editioun vum Floumaart um Knuedler

Théâtre Le 10: De Programm vum Januar 2020

Théâtre Le 10: De Programm vum Januar 2020

Den Théâtre Le 10 an der Stad ass eng Plaz vun den Emotiounen. Mat fantastesche Spektakelen, spannenden Improvisatiounen, wéi och léierräiche Coursen a Stagen am Beräich vun der dramatescher Konscht gëtt eng räichhalteg Offer fir all um Theater interesséiert Persoun gebueden.

  • GRAND CATCH IMPRO – Lëtzebuerg géint Frankräich
    Samschdes, den 11. Januar um 20:00 Auer
    Zënter 20 Joer luet den Théâtre Le 10 all Mount op säin Improvisatiounsspektakel mat de beschte Komediens an. Dës Kéier sinn Éieregäscht vun Nancy mat dobäi.
    Reservatioun ënnert www.theatre10.lu 
  • La Chanson Française mam Charles Suberville
    Samschdes, den 18. Januar um 20:00 Auer
    Den Théâtre Le 10 ass iwweraus houfreg op dësen Owend mam Charles Suberville, dee bekannt ass fir seng remarkabel Interpretatioune vun ënnert anerem dem Brel oder Léo Ferré.
    Reservatioun ënnert www.theatre10.lu 
  • Theaterstage fir erwuessen Ufänger, zesumme mam Pascal Durante
    Sonndes, den 19. Januar vun 9:00 bis 17:00 Auer
    Bei dësem Stage dréit sech alles ëm d’Kommunikatioun am Alldag an d’Spill duerch verschidden Techniken aus dem Theater an der Improvisatioun. Erméiglecht gëtt eng ideal Approche zum Theater, mee och zur mëndlecher Expressioun. D’Formatioun wennt sech un all Ufänger an Amateuren, déi op der Sich no Verännerung sinn.
    De Pascal Durante ass Professer un der Lëtzebuerger Theaterschoul. Donieft wierkt hien als professionelle Mediateur an entwéckelt Uwendungen am neuro-wëssenschaftleche Beräich. Seng Interventiounen sinn ëmmer nees spannend praktesch Erfarunge mat enger immenser Vermëttlung u Wëssen.
    D’Umeldung ass Flicht: www.theatre10.lu 
  • Les Improtoraures 2003-2020
    Samschdes, de 25. Januar
    17 Joer Spektakel!
    Weider Informatiounen ënnert www.theatre10.lu 
  • D’Muecht vum Magier, zesumme mam Manu Moliunero
    Sonndes, den 26. Januar um 15:00 Auer
    Hie wollt grad mat der Magie ufänken, do verloossen hie seng Fäegkeeten. Also wennt de Manu Moliunero sech u säi Meeschter, deen him de Wee nees weise soll. Virun allem d’Kanner erënneren de Magier nees u seng Qualitéite fir nees zum Groussen Zauberer ze erwächen. De Familljespektakel verlaangt dem Publikum seng Hëllef!
    Weider Informatiounen ënnert www.theatre10.lu 

Théâtre Le 10
595, rue de Neudorf
L-2220 Lëtzebuerg Kalchesbréck
Tel.: 26 20 36 20
www.theatre10.lu

Related topics Chanson, Charles Suberville, GRAND CATCH IMPRO, Improvisatioun, Januar 2020, Magie, Manu Moliunero, Pascale Durante, Programm, Stage, Theater, Theatre le 10, Zauberer
Next post Previous post