Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Teleconsultatioun an Tele-Suivi: D’Technik mécht et méiglech
Meenung

Teleconsultatioun an Tele-Suivi: D’Technik mécht et méiglech

Am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie huet d’Regierung d’Teleconsultatiounen agefouert, fir esou

Super equipéiert mat der ECOBOX – Méi laang genéissen
Meenung

Super equipéiert mat der ECOBOX – Méi laang genéissen

Sponsored Story – De Projet ECOBOX – Méi laang genéissen,

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!
Meenung

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Enn leschter Woch huet déi englesch Police vu Plymouth ee

Thema verfeelt

Thema verfeelt

All Kéiers – et kéint ee bal Wetten drop ofschléisse – wann iwwert rietsextrem Gewalt bericht gëtt, kritt een eng Géiebeweegung ze spieren. Lieser beschwéiere sech, datt een ze wéineg oder guer net iwwert lénksextrem Gewalt schreiwe géif. Dobäi geet et deene Leit net ëm eng Aart Balance oder eng vermeintlech neutral Berichterstattung. Nee, et geet em d’Rouegstellung vun der Berichterstattung géint Riets.

Datt sech d‘Press gäre mat Rietsextremismus ausernee setzt, huet vill, och historesch, Grënn. Dee wuel passendste – a kierzesten – hunn ech dëser Deeg op Twitter gesinn: Bei lénken Extremismus brennen Autoen, bei rietsem Extremismus d’Asylantenheem. An ech muss mech driwwer wonneren, datt Leit sech iwwert e Mangel un Artikelen iwwert d’Antifa beschwéieren, wann se grad en Artikel iwwert eng Fra gelies hunn, déi beim Opmarsch vun den Neo-Nazien zu Charlottesville ëm d’Liewe komm ass.

Am Engleschen gëtt et, wéi sou oft, e gudde Begrëff fir Remarken dëser Aart: Whataboutism. Deen, deen de Kommentar schreift, wëll sech net mam Sujet beschäftegen, mee mat engem aneren oflenken. Et ass eng Variatioun vun „Hu mer da keng aner Problemer?“, eng Ofso un den Thema vun engem Artikel oder eng Diskussioun. An natierlech ginn et aner Problemer, mee esou kann een ni eng Diskussioun féieren.

Firwat? Ganz einfach: Ech bräicht mech jo ni méi mat engem Thema ze befaassen, well an Afrika erhéngere grad kleng Kanner. Den Trump? Afrika, kleng Kanner. Den Tram? Afrika, kleng Kanner. Gläich Rechter fir jiddereen? Afrika. Kleng. Kanner.

Datt weder de Kommentator nach deen, deen d’Diskussioun ugefaangen huet, sech dorops hin an de Fliger setzt an eppes un der Situatioun ännert, ass kloer. An domatter hu mer eng komplett onproduktiv Patt-Situatioun.

Sou ähnlech gesäit et deen Ament och beim sech Ausschwätze géint Rietsextremismus: Wien do reflexarteg rifft „Jo, mee lénken Extremismus ass grad esou schlëmm!“, deen ass schlicht un der falscher Adress an huet de falsche Moment gewielt, fir de Mond op ze maachen.

Ähnlech Sujeten AfD, Alt-Right, Donald Trum, Faschismus, Neo Nazi, Whataboutism
Nächsten Artikel Virrechten Artikel