Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Superjhemp Retörns – de groussen Held vu Lëtzebuerg!
International Neiegkeeten

De Superjhemp Retörns – de groussen Held vu Lëtzebuerg!

De Superjhemp ass eise grousse Superheld an Ikon vum Grand-Duché.

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem
International Neiegkeeten

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an

Brexit: Europa stellt seng Konditioune fir eng Transitiounsperiod
International Neiegkeeten

Brexit: Europa stellt seng Konditioune fir eng Transitiounsperiod

E Méindeg huet d‘EU fir d‘Transitiounsperiod nom Brexit seng „rout

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!

Et kléngt verréckt an dat ass och. Datt ee sech nach 2019 iwwert Therapie ënnerhale muss, déi angeblech Homosexualitéit heele sollen, ass krass. Woubäi jo och Mënsche gëtt, déi iwwerzeegt sinn datt d‘Äerd eng Scheif ass. An Däitschland wëll de Gesondheetsminister deem en Enn setzen.

Tatsächlech sinn bei eisen däitschen Nopere sougenannt „Behandlunge géing Homosexualitéit“ nach ëmmer erlaabt. Dëse „Konversiounstherapien“ huet den CDU-Politiker de Krich ugekënnegt. Géintiwwer de Medien, huet de Jens Spahn annoncéiert, datt een an Zesummenaarbecht mam Justizministère bis de Summer e Gesetzprojet virleeë wëll, mat deem dës Therapie verbuede ginn.

Homosexualitéit

Homosexualitéit, esou de Minister, ass keng Krankheet, firwat et och keng Therapie braucht. Déi wieren drop ausgeluecht, homosexuell Mënschen – egal ob Mann oder Fra – ëmzëerzéien. An de Politiker, dee selwer Homosexuell ass, hält näischt vun esou Behandlungen, an ass iwwerzeegt, datt sech „eiser Härgott schonn eppes wäert dobäi geduecht hunn“. Ass elo Gott dee schëllegen?

Etüde sinn ëmmer gutt

Och wann de Summer net méi esouwäit ewech ass, iert et zum Gesetzprojet kënnt, brauch et emol eng Etüd. Déi soll d‘Fondatioun „Magnus Hirschfeld“ maachen. Am Kär geet et drëms ze klären, wéi aner Länner mat dëse Konversiounstherapien ëmginn. Unhand vun dësen Informatioune kann ee sech dann op de Gesetzestext konzentréieren. Einfach esou Ofschafe geet dann awer net…

Interessant ass et trotzdeem, besonnesch wou den däitsche Gesondheetsminister verlaangt, datt d‘Beruffsrecht vum medezinesche Corps fir déi „Wäiss Schiertecher“, déi eng „Heelung“ ubidden oder verspriechen, Konsequenze virgesäit. Et soll och kee „Remboursement“ méi fir esou Therapie ginn. Beim Strofmooss wëll de Jens Spahn op Ofschreckung setzen, Detailer gëtt et nach keng.

Homosexualitéit

Am Ausland gëtt et schonn esou Gesetzer, wéi dat deem sech de Minister unhuele wëll. Vill US-Bundesstaaten hunn et integral Verbueden, an och Malta ass schonn „up to date“. 2013 hat de Weltdokteschdag mëttels Resolutioun dëse Verbuet scho gefuerdert, déi och vun der däitscher Dokteschkummer ënnerschriwwe ginn ass. Mat Widderstand muss awer gerechent ginn…

mat indymedia/fra

Ähnlech Sujeten Däitschland, Gesetz, Homosexualitéit, Jens Spahn, Konversiounstherapien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel