Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muechtwiessel a Griicheland
Neiegkeeten

Muechtwiessel a Griicheland

Bei de virgezunne Parlamentswahlen a Griicheland ass déi lénks Regierung

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“
Neiegkeeten

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“

(Intro: Well d‘Gefor grouss ass dat et onbemierkt bleift, de

Ungaresche Ministerpresident vu Kritik aus EVP onbeandrockt
Neiegkeeten

Ungaresche Ministerpresident vu Kritik aus EVP onbeandrockt

Iwwert dem Viktor Orban seng „Campagne géint Europa“ ass ee

#thinkpositivelu: Keen ass eleng!

#thinkpositivelu: Keen ass eleng!

T’ass net einfach solidaresch, respektvoll, a just am Geescht vereent ze sinn. D’Isolatioun féiert zu Konflikter Doheem, Gefiller vun Onsécherheet kommen erop an eng Aart Verzweiwlung mécht sech breet. Mat der Initiative FMPO fir iech do bitt d’Fondation Maison de la Porte Ouverte een oppent Ouer a suergt mat senge Psychologen a sozio-edukative Professionellen, datt et Iech psychesch gutt goe soll.

Duerch déi aussergewéinlech Situatioun komme ganz nei Gefiller erop, mat deenen Dir net eleng stoe musst. Esou kombinéiert een d’Initiativ FMPO fir iech do an d’Aktioun #thinkpositivelu fir all Bevëlkerungsgrupp déi noutwenneg Ënnerstëtzung schenken ze kënnen.

  • D’Telefonsnummer fir Fraen an Nout: 40 60 01 – 310
  • D’Telefonsnummer fir Elteren: 40 60 01 – 313

#thinkpositivelu

Natierlech kann och gären all interesséiert Persoun bei der Aktioun mathëllefen. Dës weideren gëtt all Dag ee positive Message mam Hashtag #thinkpositivelu verbreet. Och Dir kënnt Är positiv Gedanken esou op Instagram deelen. Weider Informatioune ginn et op thinkpositive.lu.

Opmaacherbild: © J W / Unsplash

Ähnlech Sujeten #thinkpositivelu, FMPO fir iech do, Fondation Maison de la Porte Ouverte, Psychologesch Hëllef, Telefonsnummer, Verzweiwlung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel