Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an
International Kultur https://moien.lu/top-british-dating-apps/ https://moien.lu/can-i-hook-up-two-monitors-to-my-macbook-pro/

speed dating in fort myers

Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën,

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst
International Kultur https://moien.lu/top-british-dating-apps/ https://moien.lu/can-i-hook-up-two-monitors-to-my-macbook-pro/

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst

Et ass dee berühmtste Rallye am Motorsport: den Dakar. Dee

money
D‘EZB hält um aktuelle Kurs fest a priedegt Optimismus
International Kultur https://moien.lu/top-british-dating-apps/ https://moien.lu/can-i-hook-up-two-monitors-to-my-macbook-pro/

D‘EZB hält um aktuelle Kurs fest a priedegt Optimismus

Déi europäesch Zentralbank (EZB) soll haut déi nei Previsioune verëffentlechen,

Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen

Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen
© Martine de Lagardère/moien.lu
Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen
© Martine de Lagardère/moien.lu
Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen
© Martine de Lagardère/moien.lu
Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen
© Martine de Lagardère/moien.lu

Gëschter Owend hat d’Stad Thionville an de Puzzle geruff, fir zesummen op dat neit Joer an déi zukünftege Projeten unzestoussen. Iwwert 2.000 Leit hunn dem Buergermeeschter, dem Pierre Cuny, bei senger Ried nogelauschtert a gespaant op d’Presentatioun vun de grousse Projeten fir 2019 gewaart.

Och bei dësem Evenement hunn déi giel Gileten et sech net huele gelooss an zu Diddenuewen d’Invitée mat Gejäitz a Gepäifs iwweraus häerzlech ze empfänken. Ageluede waren déi verschiddenste Leit, déi hiren Deel zum Stadbild bäidroen, sou wéi beispillsweis de Colonel Branche, de President vun EPCI oder Leit aus dem Beräich vun der Santé, der Bildung oder der Kultur. Bei iwwert 2.000 geluedene Gäscht ass d’Begréissung laang ausgefall, an awer huet eng sentimental an angenehm Stëmmung all eenzel Persoun ageholl.

De Buergermeeschter Pierre Cuny huet sech un dësem Owend immens houfreg gewisen, dem Publique d’Resultater vun 2018 zesummen ze fassen, an awer och ee Bléck op d’Zukunft ze werfen. An dësem Sënn gouf et dann immens vill ze soen, well ee Mënsch dee vill leescht, sech engagéiert an hält wat e versprécht, huet natierlech vill Opweises, souwuel an der Retrospektiv, wéi och fir 2019.

Vir unzefänken huet hien nieft der Ernimmung vu senger Roll als President vum „Sillon Lorrain“ och seng wichtege Funktioun beim neie sougenannte „Pôle Métropolitain frontalier du Nord Lorraine“ opgezielt. Ronn 30 % vun de Grenzgänger, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, ginn elo duerch de PMF vertrueden. Dës Organisatioun funktionnéiert also als Stëmm vun ronn 340.000 Awunner vun Thionville.

Dem Buergermeeschter säin Engagement gëllt generell dem Respekt, der Beispillhaftegkeet an dem Wëllen, aus der Stad Thionville dat Bescht erauszehuelen an een Zentrum vun der Entfalung ze bidden. Seng Neijoerschwënsch sinn an dësem Sënn un d’Gesondheet, de perséinlechen individuellen Erfolleg an intern Harmonie ugeluecht. Och all deenen, déi sech momentan an enger schwéierer Situatioun befannen, déi sech ofgeleent an isoléiert fille vun der Republik. Nolauschteren ass d’Quell vun engem gudden Zesummeliewen an esou soll een Feeler aus der Vergaangenheet net widderhuelen.

De Réckbléck

Fir Thionville war 2018 een intensiivt Joer. Esou krut d’Stad finanziell Mëttel zur Verfügung gestalt, déi et erméiglecht hunn ee viraussiichtlechen Investissementsplang bis 2026 ze maachen. De Programm beleeft sech heibäi op 100 Milliounen Euro.

Am vergaangene Joer ass vill Leeschtung erbruecht ginn. Esou ass beispillsweis d’Spillschoul „Poincaré“ gebaut ginn oder de Périscolaire zu Elange.

Thionville

Poincaré © Ville de Thionville

Thionville

Périscolaire zu Elange © Ville de Thionville

De Pont Schumann an de Pont des Alliés gouf sanéiert an d’Stad Thionville ass mat der sougenannter 4e Fleur vum Label Marianne, an anere Präisser ausgezeechent ginn.

Thionville

Bréck Robert Schuman © Ville de Thionville

2018 hunn déi Blo an der Politik gewonnen, d’Fransousen an der Tour de France verluer. Den ATGRS huet super sportlech Resultater erzielt an och den NEST huet een immens kulturellt Joer erlieft. Nieft der Gewalt vu Säite vun de giele Gileten ass och nach emol un den Attentat zu Stroossbuerg geduecht ginn. Dat an nach villes méi huet d’Stad Thionville am vergaangene Joer geleescht an erlieft. An awer ass nach ëmmer genuch Motivatioun do, fir och 2019 nees Héchstleeschtungen ze bréngen.

Wat 2019 virgesinn ass

Ee grousse Projet ass d’Konstruktioun vun der Passerelle, déi den alen an den neien Deel vun der Stad verbanne wäert. Mat 1.300 neie Wunnengen, Bureauen an Hoteler gëtt Thionville elo zu enger moderner Stad vum 21. Joerhonnert. Bei dësem Projet konnt Demathie&Bard a Berthold iwwerzeegen a sech vir d’Realisatioun vum Projet qualifizéieren. Mëtt 2019 sollen d’Aarbechte lassgoen, nodeems den 6. Mee d’Place Simone Veil ageweit gëtt.

Wat de Sport ugeet sinn och eng Rei Verännerunge virgesinn. Esou gëtt d’Sportshal vum städtesche Lycée vun 2.800 op 4.000 m² vergréissert a moderniséiert. Nom Embau wäert d’Gebai eng idealt Location fir national an international Sportsevenementer bidden.

Thionville

Déi nei Sportshal © Ville de Thionville

Donieft wäert och eng iwwerdaachten Tennishal gebaut ginn, de Stade Jeanne d’Arc gëtt nei gestalt, de Stade vun Guentrange gëtt renovéiert an d’Schoul vu Guentrange gëtt restrukturéiert. An dës Projeten wäerten 1,6 Milliounen Euro fléissen.

Thionville

D’Tennishal © Ville de Thionville

2019 ass dann och dat Joer, wou de franséischen Theater NEST op der rietser Flosssäit reinstalléiert gëtt. Kultur gëtt hei grouss geschriwwen an esou dierf och den Theater als Ausdrock vun der Konscht, Treffpunkt vu Jonk an Aal a Plaz vun der Ënnerhalung net feelen.

14 Milliounen Euro investéiert de Staat fir den Ëmbau vum ale Spidol an zukünfteg Geschäfter, ee Parking a Restauranten. Mee och d’Spidol Ambroise Paré soll 2019 gebaut ginn.

Thionville

De Projet vun ANRU fir d’Transformatioun vum ale Spidol © Ville de Thionville

Ganz fortschrëttlech weist sech Thionville och a Saachen Demokratie via Applikatiounen. Esou erlaabt d’App Fluicity et alle Bierger un Diskussiounen an Ofstëmmungen deelzehuelen. Säit gëschter gëtt et da beispillsweis ee Voting, ob Thionville gratis Wi-Fi op ëffentleche Platzen zur Verfügung stelle soll.

Thionville

Fluicity © Ville de Thionville

Wien guddes leescht soll och belount ginn

Fir ofzeschléisse gouf dann eng ganz besonnesch Biergerin vun Thionville geéiert: d’Madamm Anita Fatis. Duerch hiren Asaz am Beräich Entwécklungshëllef an am Kampf géint Depressioune krut si vum Buergermeeschter eng Medaille iwwerreecht an als Éierebierger vun 2019 ernannt. Am Alter vu 26 Joer huet d’Anita Fatis d’Diagnos Skleros kritt a setzt säithir am Rollstull. No enger laanger Depressioun huet si de Sport, vir genau ze sinn, d’Schwamme gerett, an esou setzt si sech mëttlerweil vir Gläichgesënnter an.

Mee och am Ausland ass si immens aktiv. Esou schafft dës bewonnerenswäert Fra reegelméisseg u Projeten fir an Entwécklungslänner Wunnengen a Schoulen ze bauen, wéi och viru kuerzem an Nepal, wou viru Joren an engem klengen Duerf d’Schoul duerch een Äerdbiewen zerstéiert ginn ass. Mat hirer Hëllef soll elo hei een neit Gebai gebaut ginn, fir de Kanner nees d’Méiglechkeet op Bildung ze bidden.

No dëser emotionaler Geschicht huet de Buergermeeschter seng Ried ofgeschloss an esou konnten d’Invitéen zesummen ustoussen. Nieft Schampes, Wäin a Schnittercher hunn eng Rei Traiteuren immens lecker Klengegkeeten offréiert. U verschiddene Stänn ass vu klengen Dëppercher mat Vol au Vent bis hin zum Spargel-Trüffel-Risotto ee räichhaltegt Iessen ugebuede ginn an esou huet den Owend genau sou exzellent geend wéi en ugefaangen huet.

Et muss ee soen, datt d’Staat Thionville an allen Hisiichte weess, wéi een d’Leit begeeschtert a vir ee méiglechst klenge Budget dat meescht aus esou engem Evenement erauszehuelen. Dorun kéint ee sech och bei eis am Grand-Duché emol ee Beispill huelen.

Ähnlech Sujeten Anita Fatis, Neijoerschpatt, Pierre Cuny, Thionville
Nächsten Artikel Virrechten Artikel