Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!
International Neiegkeeten

Beata Szalwinska: Eng renomméiert Pianistin begeeschtert Europa!

D’Beata Szalwinska, eng renomméiert Pianistin déi zu Lëtzebuerg wunnt, huet

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!

Et ass schonn eng Zäitchen hir, fir genau ze sinn

Lëtzebuerger Kino am Trauer: den Nick Rollinger ass dout!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Kino am Trauer: den Nick Rollinger ass dout!

Am jonken Alter vu 57 Joer ass de Lëtzebuerger Produzent

Thomas Cook faillite, an elo?

Den eelsten Tour-Operator vun der Welt weess net wéi een all déi Leit soll zréckbréngen

Thomas Cook faillite, an elo?

Wéi krass ass dat dann? De briteschen Tour-Operator Thomas Cook huet haut de Moien erkläert, datt et weder dem Management, dem Verwaltungsrot an den Aktionäre gelongen ass, déi 227 Milliounen Euro opzedreiwen, déi d‘Entreprise – eng mat déi eelst op der Welt – hätte rette kënnen.

Fir eng ronn 600.000 Touristen, déi uechtert d‘Welt verstreet sinn, sinn dat net déi bescht Nouvellen op engem Méindegmueren. Eleng déi britesch Autoritéite mussen sech elo beméien 150.000 vun hire Bierger heemzehuelen. Aus dem briteschen Transportministère heescht et dozou: „D‘Regierung an d‘Autoritéit vun der Aviatioun starten déi gréisst Rapatriement-Aktioun fir Zivilisten an dat a Friddenszäiten“.

Cook

Säitens der Entreprise heescht et, datt ee sech iwwert de Weekend mobiliséiert huet, et leider bei den Diskussiounen tëscht de verschiddenen Acteuren am Grupp an der Sich no neiem Geld net zu engem zefriddestellende Resultat komm ass. De Verwaltungsrot huet dat zur Kenntnis geholl an d‘Entscheedung getraff sech mat soforteger Wierkung an d‘Faillite ze geheien.

Dat gëtt esou och vun der CAA (britesch Autoritéit vun der Fligerei) bestätegt. An engem kuerze Communiqué heescht et do: „Thomas Cook, Tour-Operator a Fluchgesellschaft huet seng Aktivitéiten agestallt. All Thomas Cook Reservatiounen – Flich an Openthalt – sinn domadder annuléiert“.

An elo?

Et heescht, datt d‘Finanzjongleure KPMG an de Cabinet-Conseil AlixPartners als Administrateure fir déi verschidde Filiale vum Grupp sollen agesat ginn. De grousse Chef vun Thomas Cook, Peter Frankhauser, huet de Moien nach emol betount, datt et wuel verschidden Accorden iwwert de Weekend ginn huet, mee sech oniwwerwannbar Schwieregkeeten opgedoen hunn, déi zu dëser Entscheedung, sech faillite ze erklären, gefouert hunn.

Datt sech alles an e puer Deeg ofgespillt huet, huet an éischter Linn domadder ze dinn, datt d‘Lescht d‘Creanciere vun Thomas Cook 200 Milliounen englesch Pond gefuerdert hate fir e Rettungsplang vun 900 Millioune Pond – dee vum éischten Aktionär „Fosun“, China – ze validéieren. Wéi elo gewosst ass, hunn d‘Verhandlunge vum Weekend net zum gewënschte Resultat gefouert.

CookWat et bedeit? Ma eigentlech näischt anescht, wéi datt déi beim 1841 gegrënnten Tour-Operator beschäftegt Mataarbechter vun haut un am Chômage sinn. Rieds ass vu ronn 22.000 Salariéen, dovunner 9.000 eleng a Groussbritannien. Den „Ënnergang“ vun Thomas Cook geet zulaaschte vun der grousser Konkurrenz, esou eng Erklärung. Tatsächlech hunn déi „Bëlleg-Ubidder“ am Internet, mee sécherlech och de Brexit hiert derzou bäigedroen. Am éischte Semester 2019 huet Thomas Cook – Joresëmsaz ronn 10 Milliarden – eng Perte vun 1,5 Milliarden Euro opgewisen.

Drénglechkeetsplang

Déi britesch Autoritéiten hunn en Drénglechkeetsplang, genannt: Operatioun Matterhorn aktivéiert. Dësen Numm bezitt sech op eng Bombardement-Campagne vun den Amerikaner am 2. Weltkrich. An esou heescht et elo:

„Déi Cliente vun Thomas Cook, déi sech Ausland ophalen, mussen den Internetsite vum Tour-Operator (www.thomascook.caa.co.uk) consultéieren an och nëmmen op de Fluchhafe goen, wann hinnen en alternative Fluch bestätegt ginn ass“, heescht et formell vun der CAA, déi nach preziséiert, datt et och Telefonsnummere gëtt, un déi sech déi gestrandet Touriste wenne kënnen: 0300 303 2800 fir Groussbritannien an Irland, +44 1753 330 330 fir d‘Ausland.

CookSi huet och confirméiert, datt zwee Fliger fir dës Operatioun reservéiert goufen, déi sécherlech bis mindestens de 6. Oktober leeft. Si erënnert zudeem, datt all „organiséiert Rees“ duerch d‘Garantie ATOL, déi enger EU-Direktiv geschëlt ass, ofgedeckt ass. Hei awer muss ee vun iwwer dausend Flich ausgoen, wat fir eppes Chaos suergen dierft. D‘CAA verséchert alles ze maache wat néideg, fir d‘Leit nees Heem ze kréien, egal ob d‘Leit vun ATOL-Garantie gedeckt sinn oder net.

Wien eng Rees gebucht a bezuelt, awer nach net ugetrueden huet, soll seng Ausgabe rembourséiert kréien. Dat gëllt fir all d‘Clienten an der EU. Wien am Ausland festsëtzt sollt och seng Méikäschten op der Plaz rembourséiert kréien, wann hire Retour „zäitlech versat“ ass.

mat indymedia/lon

Foto: Thomas Braxmeier/Pixabay

Ähnlech Sujeten AlixPartners, ATOL, Faillitte, KPMG, Thomas Cook
Nächsten Artikel Virrechten Artikel