Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp
International Neiegkeeten

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp

„Wann een dem Pierre Gramegna gleewe soll, sinn d’Staatsfinanze kärgesond.

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…
International Neiegkeeten

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…

Gutt Nouvelle vun der Bildungsfront: zum 1. Januar lancéieren déi

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen

Déi kuerz politesch Allianz vun de Liberalen, de Konservativen an de Faschisten, féiert zu éischte Konsequenzen an déi sinn net lokal begrenzt

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen

Fir den Thomas Kemmerich vun der FDP war et erwisenermoossen e Feeler, sech mat de Stëmme vun der als ideologesch faschistoid ausgeriichter AfD zum Ministerpresident wielen ze loossen. Et huet wuel en Ament gedauert bis de Liberalen dat och verstanen huet, mee d‘Landtagsfraktioun vun der FDP huet e Samschdeg säi Récktrëtt bestätegt. D‘GroKo zu Berlin huet Neiwahle gefuerdert…

ThüringenD‘FDP gesäit et batter Zäiten entgéint, mee och bei der CDU falen d‘Käpp. E Samschdeg huet den „Ost-Beoptraagten“ vun der Regierung, Christian Hirte – och stellvertriedende Chef vun der CDU an Thüringen – op Drock vun der Bundeskanzlerin säi Récktrëtt annoncéiert. Hien hat dem Thomas Kemmerich zur „Wahl als Kandidat vun der Mëtt“ per Twitter „zimmlech offiziell“ gratuléiert.

ThüringenOch de Christian Hirte huet säi Récktrëtt via Twitter bekannt gemaach. D‘Angela Merkel soll him an engem klärende Gespréich ze verstoe ginn hunn, datt hien ënnert dësen Ëmstänn net weider als Ost-Beoptraagte vun der Regierung ze halen ass. Der Staatsministesch fir Digitales, Dorothee Bär (CSU), ass et besser ergaangen. Si hat wuel och via Twitter „gratuléiert“ den Tweet awer geläscht.

Et brauch dréngend kloer Verhältnisser

Den Eclat an Thüringen an déi ominéis Tweets – déi zudeem wäit blécke loossen – stellen dann och déi grouss Koalitioun (GroKo) a Fro. De Koalitiounspartner SPD huet mat der Oppositioun dem Christian Hirte säi Kapp gefuerdert, wëll dësen d‘Wahlgemeinschaft vu CDU, FDP an AfD als Mëtt vun der Gesellschaft bezeechent huet an esou net méi am Optrag vun der Koalitioun schwätze kann.

ThüringenE Samschdeg huet et dann och eng Drénglechkeetssëtzung vum Koalitiounsausschoss ginn. Hei hunn CDU/CSU an SPD nach emol betount datt zäitno en neie Ministerpresident am Landtag muss gewielt ginn. Onofhängeg dovunner soll et och zu Neiwahle kommen. Dat aus „Grënn vun der politescher Legitimatioun“, esou den allgemenge Credo. Mee et geet natierlech och ëm d‘Muecht.

Muecht ass awer eppes Volatilles an och wann sech d‘Koalitiounspartner an der Regierung net esou wierklech gären hunn, ouni stabil a kloer politesch Verhältnisser an Thüringen ka si sech net halen. Si hunn dat politescht Ränkespill an Thüringen dann och als „onverzeileche Virgank bezeechent:

Thüringen„Regierungsbildung a politesch Majoritéite mat Stëmme vun der AfD schléisse mir aus. Dat ass a bleift d‘Beschlosslag vun der d‘Koalitioun droend Parteie fir all Niveauen“. Esou gouf dat héchst offiziell no der Sëtzung vum Koalitiounsausschoss an enger Erklärung festgehalen. Ob a wéini et elo zu Neiwahle kënnt, ass nach net gewosst. Virum Ausgang sollt ee sech awer an Uecht huelen.

mat indymedia/ber

Ähnlech Sujeten AfD, Bernd Höcke, Bodo Ramelow, Faschisten, Neiwahlen, Thomas Kemmerich, Thüringen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel