Search

You may also like

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen
Neiegkeeten

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen

Am Sudan stinn zanter Wochen d‘Zeechen op Stuerm, an d‘Vollek

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup
Neiegkeeten

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup

Hien huet Talent an ass entspriechend séier ënnerwee: den Dylan

dislike
D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer
Neiegkeeten

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et

Problemer verlageren ass keng Léisung a sech

„Den TICE muss senger Aufgab am ëffentlechen Transport och a Krisenzäite gerecht ginn“

Problemer verlageren ass keng Léisung a sech

Beim Syndikat ëffentlech Déngschter/Landesverband vum OGBL, ass ee saierlech bis deels entsat. De Grond: d‘Regierung ass beméit den Doleance vum Schoultransport Rechnung ze droen, bréngt domadder awer aner Déngschtleeschtungen an d‘Schleideren.

An esou stellt ee beim OGBL fest: „De Beschloss vum Educatiounsministère opgrond vun den Hygiènesmesuren am Zesummenhang mat der Covid19-Pandemie, de Schülertransport ëm 37 Busfaarten ze erweideren, féiert beim TICE zu Aschränkunge bei de Linnen. Op 5 Buslinne gëtt zäitweis den Véierelstonnentakt opgehuewen an nees den Hallefstonnentakt agefouert“.

Eng Moossnam déi dem TICE operzwonge gëtt, wëll een déi entspriechend Unzuel u Chauffere fir de Schoultransport fräistelle muss. Domadder gëtt wuel fir méi „Sécherheet“ am Schoultransport Suerg gedroen, anersäits verleet een de Risiko an aner Beräicher vum ëffentlechen Transport, esou de Fazit vun der Gewerkschaft. Woubäi déi domadder gerechent hunn, si kenne jo hir Leit.

Zanter Jore beklot de Syndikat ëffentlech Déngschter/Landesverband vum OGBL déi stänneg Ënnerbesetzung beim TICE. De Betrib kéint schonn an „normalen Zäiten“ nëmme mat Iwwerstonnen a Réckriff aus de Roudeeg bewältegt ginn, esou emol de grondsätzleche Virworf. Datt et stänneg zu Gestreits bei der Vergab vu Congésdeeg kënnt, ass zanter Joren ee Problem.

Ee Problem, deen och net domadder ze bewältegen ass, datt een de gesetzleche Congé an/oder Iwwerstonnen op den „Zäitspuerkont“ iwwerweist. Beim TICE feelt dann och un allem: u Busser an deenen déi se steiere sollen. Et kéint e mengen, et géif sech massiivst ugestrengt, dëse Service ze privatiséieren. Sengem gesellschaftlechen Optrag jiddefalls géif den TICE esou net méi gerecht.

Déi grondsätzlech Virwërf a Fuerderungen:

  • Jorelaang gouf beim TICE op der falscher Plaz gespuert, nämlech beim Personal an dem Material. Haut an Zäite vun der Nout feelen déi noutwenneg Reserven a Kapassitéiten;
  • et misste Léieren aus deem Ganze gezu ginn a et brauch dréngend Verhandlunge mat der Personaldelegatioun fir iwwer kuerzfristeg Astellungen ze beroden;
  • opgrond de besonnescher Belaaschtung vun de Chaufferen, dreet och no der Coronaviruskris den Enkpass. Eng Zounam vun Ausfäll, Usproch op Congé an de Refus Iwwerstonnen ze maachen, wäerten dat däitlech maachen. Et bréicht folgerichteg dréngend Verhandlungen iwwert eng strukturell Verstäerkung vum Personalbestand.

Op den Direktiounscomité, deen aus Lokalpolitiker zesummegestallt ass, e Besoin erkennt a sech op en Dialog mat der Gewerkschaft an der Personaldelegatioun aléist? Wuel éischter net. Déi hu fir den Ament ganz eege Problemer an hire Gemengen, an zousätzlech Personal beim TICE zouloosse, kéint zu weidere Fuerderunge féieren. An d‘Iddi vun der Privatiséierung steet och nach am Raum.

Illustratioun: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Buslinnen, Landesverband, OGBL, Personalmangel, Schülertransport, TICE
Next post Previous post