Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“
Neiegkeeten

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“

Mat „Brokeback Mountain“, der Verfilmung vun hirem Roman iwwer déi heemlech

Deplacement vum Busarrêt Quai 9/12 op der Stater Gare
Neiegkeeten

Deplacement vum Busarrêt Quai 9/12 op der Stater Gare

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch de Chantier vum Luxtram

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung
Neiegkeeten

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung

Zanter 1946 gëtt all Joer den nationale Commemoratiounsdag gefeiert, fir

Firwat et nach ëmmer Ticket Automate gëtt

Firwat et nach ëmmer Ticket Automate gëtt

Et ass, wann een en Ament driwwer nodenkt u sech ganz einfach, an awer stellen sech vill Leit am Land d‘Fro, firwat stinn nach ëmmer Ticket-Automate fir den ëffentlechen Transport Servicebereet – also ënner Stroum – an der Landschaft?

A well dës Fro zuweilen net aus de sozialen Netzwierker verschwanne wëll, schliisslech ass den ëffentlechen Transport jo gratis, muss drun erënnert ginn, datt een nach ëmmer fir d‘Benotze vun der 1. Klass am Zuch, en Opschlag bezuelt ginn. Et ass eng vun den Ausnamen, déi säitens dem Transportminister François Bausch (déi gréng) oft erkläert ginn ass.

Sécher kann een dat fir e Paradox halen, an et dierf een sech och froen, ob sech dës Apparater, also hire Stroumverbrauch, d‘Maintenance a wat esou eng Maschinn soss nach alles brauch, géintiwwer dem Akommes rechent. Dat dierft tatsächlech éischter net de Fall sinn, mee wat géif kaschten, déi ganz 1. Klass Kompartimenter op déi 2. Klass ëmzerëschten? Ganz dovunner ofgesinn, datt d‘CFL elo och net wierklech genuch Material huet esou eng Ramme op d‘Säit ze stelle fir se dann nei ze konfiguréieren.

An et gëtt jo och eng Demande fir dës 1. Klass. Si ass wuel éischter seelen ausgelaascht, an déi meeschte Clienten hunn och en Abonnement, firwat een dann och kaum ee Mënsch gesäit deen d‘Apparatur zwecks erwerb vun engem Ticket fir d‘éischt Klass benotzt. Déi éischt Klass am Zuch ofschafe wier eng Léisung, déi awer géif dann nees an de sozialen Netzwierker genotzt, fir dem Minister den Dicks ze béien. Egal wéi hien et géif maachen, et géif dovu profitéiert fir en ze schleefen. Et kann een net nu emol net jidderengem Recht maachen.

Laangfristeg awer wäerten och dës Ticket-Automate vun de Quaien, a wou se soss nach esou stinn, verschwannen. Den Abo, oder d‘APP vun der CFL wäert dofir Suerg droen, datt wien déi 1. Klass notzt, sech méi mat den neien Technologien ausenanersetze muss. Dat wäert en Ament brauche bis dat esou kann ëmgesat ginn, mee dat ass de Wee…

Illustratioun: En Ticket-Automat vun den CFL, deen nëmmen nach en Ticket fir déi éischt Klass erausgëtt.

Ähnlech Sujeten 1. Klass, CFL, Ëffentleche Transport, Opschlag, Ticket-Automat, Zouschlag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel