Search

You may also like

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un
International Neiegkeeten

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un

E Mëttwoch huet Italien e kontroverséiert „Gesetz-Dekret“ ugeholl, mat deem

Opfuerderung zum Areeche vu Virschléi
International Neiegkeeten

Opfuerderung zum Areeche vu Virschléi

Zur Occasioun vum Internationalen Dag zur Opklärung vu Liewensmëttelverschwendung an Offall (IDAFLW),

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp
International Neiegkeeten

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle

An der Tierkei ass den Ausnamezoustand op en Enn gaangen

An der Tierkei ass den Ausnamezoustand op en Enn gaangen

Den Ausnamezoustand, deen an der Tierkei nom Putsch vum Juli 2016 agefouert gi war, an deen et dem President an den Autoritéiten erméiglecht hat, gréisser Pürgen am Land auszeféieren, ass um haidegen Donneschdeg eriwwer. Esou d‘Meldung vun der Staatspresseagentur Anadolu.

Ursprénglech war den Ausnamezoustand den 20. Juli 2016 fir eng Dauer vun dräi Méint agesat ginn. Ënnert dësem Regimm awer huet d‘Muecht voll a ganz an den Hänn vum President an de Sécherheetsorganer geleeën. Den Ausnamezoustand ass dann och stänneg nees „verlängert“ ginn.

Déi siwent a lescht Verlängerung vun dräi Méint war den 19. Abrëll a Kraaft getrueden, ass um haidegen Donneschdegmueren um 1 Auer op en Enn gaangen. Déi tierkesch Regierung hat dann och schonn déi lescht Woch ugekënnegt, datt et net zu enger weiderer Verlängerung komme wäert.

Ënnert dem Ausnamezoustand, hunn déi tierkesch Autoritéiten „ouni Récksiicht op Verloschter“ d‘Putschisten a Mënschen déi als „Ënnerstëtzer“ betruecht goufen, gejot. A well ee schonn derbäi war, ass sech kritesche Journalisten, ONGen an prokurdeschen Oppositionellen entleedegt ginn.

Begrënnt hat déi Tierkesch Regierung den Ausnamezoustand mam Argument, datt et déi eenzeg wierksam Mesure wier, fir géint all Bedreeung virzegoen. Mënscherechtsorganisatioune gesinn datt anescht, a behaapten, den Erdogan hätt dëse just benotzt fir kritesch Stëmmen ze eliminéieren.

Kritik un der Regierung bleift weiderhi geféierlech

An et ass och richteg, datt den Ausnamezoustand an der Tierkei mat de Pürgen associéiert gëtt. Et huet Gesetzer per Dekret ginn, déi meeschtens an der Nuecht verëffentlecht goufen, an déi bekannt ginn hunn, datt Beamten zu dausenden entlooss oder suspendéiert gi sinn.

D‘Ophiewe vum Ausnamezoustand kënnt elo e knappe Mount no de Walen, déi dem President Recep Tayyip Erdogan nach méi Muecht abruecht hunn. Esou brauch et keen Ausnamezoustand méi, well hien a ville Beräicher per Dekret regéiere kann.

D‘Ukënnegung, datt den Ausnamezoustand géif opgehuewe ginn, hat déi tierkesch Oppositioun net berouegt. Si beschëllegt d‘Regierung dësem seng Auswierkungen duerch en Antiterror-Gesetz, dat dës Woch am Parlament virgestallt ginn ass, ze verlängeren.

An dësem Text, deen d‘AFP konnt agesinn, si Mesuren enthalen, déi sech vum Ausnamezoustand inspiréiert hunn. Esou d‘Méiglechkeet fir d‘Autoritéiten, iwwert déi nächst dräi Joer, Beamten entloossen ze kënnen, déi am Verdacht stinn, mat terroristesche Banden a Kontakt ze stoen.

Eng weider Moossnam déi an der Kritik steet: d‘Ausdehnung vum Pouvoir vun de Provënz-Gouverneure, déi den Deplacement oder den Accès zu bestëmmten Zonë fir „bestëmmte“ Leit festleeë kann. Eng wichteg Mesure, fir am Kampf géint den Terror net nozeloossen?

De Spriecher vum tierkesche President, Ibrahim Kalin, huet déi lescht Woch, an dësem Kontext drop opmierksam gemaach, datt den Ausnamezoustand jidderzäit nees kann agefouert ginn. Mee dat géif d‘Regierung nëmmen am Kader vun enger ganz aussergewéinlecher Situatioun maachen.

mat AFP

Related topics Ausnamezoustand, Mënscherechter, Pressefräiheet, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post