Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock
International Neiegkeeten WTF

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock

Wann sech d’Presidente vu Russland an den USA haut zu

Galerie: 24 Stonne Vëlo Wëntger – Arrivée a Präisiwwerreechung
International Neiegkeeten WTF

Galerie: 24 Stonne Vëlo Wëntger – Arrivée a Präisiwwerreechung

Um Samschdegowend haten d‘Coureure vum 24 Stonne Vëlo Wëntger eppes

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?
International Neiegkeeten WTF

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) leschte

surprise

Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen

Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen

Um Méindeg huet d‘Tierkei d‘USA dozou ermaant hir Entscheedung, tierkesche Bierger kee Visa méi auszestellen, réckgängeg ze maachen. D‘USA haten dës Mesure agefouert, nodeems e Mataarbechter vum US-Konsulat zu Istanbul ugeklot ginn ass.

Eng nei Convocatioun vun der tierkescher Justiz fir e weidere Mataarbechter vum US-Konsulat, déi e Méindeg zougestallt ginn ass, dierft d‘Stëmmung tëscht béide Länner net verbesseren. Alliéiert am Kader vun der NATO, stinn d‘Relatiounen tëscht der Tierkei an den USA op engem Joerhonnert Déifstand.

Nodeems déi läscht Woch en tierkesche Mataarbechter vum US-Konsulat zu Istanbul wéinst „Spionage“ ugeklot gi war, huet Washington e Sonndeg d‘Ausstelle vu Visae (ausgeholl Immigratioun) an der Tierkei ausgesat.

D‘Tierkei huet eng ähnlech Mesure agefouert, fuerdert awer gläichzäiteg vun den Amerikaner, hir Entscheedung nach emol ze iwwerdenken. D‘Tierkei gesäit an der amerikanescher Moossnam eng onnéideg Provokatioun. De President Recep Tayyip Erdogan huet sech „traureg“ gewisen.

Den US-Ambassadeur John Bass huet sengersäits an enger Video-Message verséchert, datt „d‘Entscheedung net op déi liicht Schëller geholl ginn ass“. „Mir hoffen datt et net unhält, mee am Moment ass net virauszesoe wéi laang et brauch dës Fro ze klären“, esou den Ambassadeur.

Net diplomatesch

De Visa-Krich ass d‘Resultat vu Méintelaangem Gestreits tëscht Ankara a Washington. Gestreits ënner anerem wéinst Syrien, der Verhaftung vun engem amerikanesche Paschtouer an verschidde Justizdossieren, déi tierkesch Regierungsmataarbechter an den USA implizéiert. Spannungen déi sech awer och generell an de politesche Kontext vun der Tierkei aschreiwen.

D‘Tierkei huet sech zanter dem vermasselte Putsch am Juli 2015, mat ville westleche Länner an d‘Hoer kritt. Deem entgéint schéngt de Kontakt mat Russland nees e ganz häerzlechen ze sinn. Béid Länner hu sech nach kierzlech op e konsequente Waffenhandel agelooss, a schéngen och am Dossier „Syrien“ ganz gutt virunzekommen.

Et besteet deemno keen Zweiwel, datt déi diplomatesch Relatiounen tëscht Tierkei an USA en historeschen Déifpunkt erreecht hunn. Fir de Soner Cagaptay, e Fuerscher um „Washington Institute of Near East Policy“ ass d‘Kris déi schlëmmst zanter 1974. Deemools war déi tierkesch Arméi an Nord-Zypern agefall.

Drastesch Entscheedung

Vun der amerikanescher Mesure betraff sinn all d‘Visae fir: Tourismus, Deplacementer fir medezinesch Behandlung, Geschäfter, Zäitaarbecht oder Studien. De Fonke gouf gezünt, wéi leschte Mëttwoch en tierkesche Mataarbechter vum US-Konsulat ugeklot ginn ass, mam Priedeger Fettulah Gülen a Verbindung ze stoen. Dee lieft am US-Exil a gëtt vun den tierkeschen Autoritéite fir de Putsch verantwortlech gemaach.

Ouni sech op dëse spezifesche Virfall ze stëtzen, huet d‘US-Ambassade matgedeelt, datt Amerika fir unzefänke muss eng Evaluatioun vun der Tierkei maachen, bezunn op d‘Sécherheet vun den Déngschter an dem Personal op den diplomatesche Missiounen.

An et kann net besser ginn. De Procureur vun Istanbul huet um Méindeg nach eng nogeluecht an e weideren Employé vun der Ambassade convoquéiert. Deem seng Fra an säi Bouf sëtzen an Ënnersichungshaft. Och si gi beschëllegt Verbindungen a Kontakter zu der Güllen-Bewegung ze hunn. Laut der tierkescher Dageszeitung Hürriyet, soll sech den Employé an der US-Ambassade zu Istanbul verschanzt hunn.

Verfuere Situatioun

Déi läscht Affären erënneren drun, datt am Mäerz e weideren tierkesche Mataarbechter vum Konsulat zu Adana verhaft gi war, well hien d‘Aarbechterpartei vum Kurdistan (PKK) soll ënnerstëtzen.

D‘Kris huet also e neien Héichpunkt erreecht, nodeems scho méintelaang op verschidden Niveaue gestridde gëtt. Fir unzefänken den Dossier Syrien, wou d‘Tierkei den USA virwerft kurdesch Milizen ze ënnerstëtzen, déi si als Terroristen ugesäit.

En anere Sträitpunkt: d‘Ausliwwerung vum Priedeger Gülen. Eng Fuerderung vun Ankara, déi awer vun den Amerikaner ëmmer nees ofgewise gëtt. Rezent huet den Erdogan virgeschloen, de Gülen géint en amerikanesche Paschtouer, deen an der Tierkei am Prisong sëtzt, auszetauschen.

Op amerikanescher Säit, wier do d‘Uklo déi sech géint dem Erdogan seng Persouneschützer riicht. Déi hate beim Besuch vum staarke Mann aus Ankara, zu Washington pro-kurdesch Manifestanten därmoossen zerschloen dat net ewechgekuckt konnt ginn.

Wirtschaftlech Onsécherheet

Elo muss een awer bedenken, datt vill Tierken sech iwwert d‘Wahl vum Donald Trump als US-President gefreet haten, an der Hoffnung elo kéim den Opschwong an de bilaterale Relatiounen. U sech net verkéiert, ëmmerhi sinn d‘USA an d‘Tierkei zwee strategesch Partner.

Datt d‘Situatioun sech awer elo esou drastesch verschlechtert, huet virun allem direkt wirtschaftlech Konsequenzen. An d‘Mäert si sensibel a reagéiere schnell: d‘Bourse zu Istanbul schléisst op neits mat enger Baisse vun 2,73% an och déi tierkesch Währung verléiert u Wäert. Um Freideg huet een 3,61 TRY fir 1 USD bezuelt, haut sinn et der schonn 3,74. Och d‘Turkish Airlines, eng vun de wirtschaftleche Visittekaarte muss mat engem Verloscht (-9%) eens ginn.

mam Gokan Gunes/AFP

Foto: D‘US-Ambassade zu Ankara dëse 9. Oktober. Bis op Weideres bleiwen hei d‘Visa-Stempel dréchen. De Sträit tëscht der Tierkei an den USA kann awer schlussendlech nëmmen um diplomatesche Parquet geschlicht ginn. © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten Justiz, Kurden, Tierkei, USA, Visa
Nächsten Artikel Virrechten Artikel