Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof
Uncategorized

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof

Bei Schéissereie sinn de Weekend an den USA 30 Mënschen

dislike
E Schoss no hannen
Uncategorized

E Schoss no hannen

Eng richteg Glanzleeschtung: Nodeems Jore laang doriwwer diskutéiert ginn ass,

Forever young … Leider net!
Uncategorized

Forever young … Leider net!

Virun e puer Deeg si mir akafe gefuer, mäi Meedche

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft

Tëscht Ankara a Bréissel herrscht grousst Mësstrauen. De Protokoll vun engem Diplomategespréich mat engem héijen AKP-Politiker mécht däitlech, datt een aussepolitesch kaum nach Gemeinsames huet. D’Gespréich selwer wier awer betount frëndlech gewiescht.

Wéi schlecht et ëm d’Bezéiung EU-Tierkei steet, hat sech dann och schonn um klenge Sommet zu Varna ofgezeechent. De Bericht vun engem EU-Diplomat, iwwert d’Gespréich mam Volkan Bozkir, engem AKP-Parlamentarier a President vun der auswäerteger Kommissioun, léisst erkennen, datt déi ënnerschiddlech Standpunkte bei aussepolitesche Froen immens sinn.

De Volkan Bozkir, hat Enn Mäerz mat Diplomate vu verschiddenen EU-Länner zu Mëtteg giess, an am der AFP virleiende Protokoll, gëtt dës „Entrevue“ als „betount frëndlech a verbindlech“ beschriwwen. Festgehale gëtt awer och, datt de Parlamentarier am wesentleche bekannt Positioune vertrueden huet, a sech geleeëntlech mat drolege Verschwierungstheorien ervirgedoen huet.

Zwar huet de Bozkir, deen emol Minister fir EU-Ugeleeënheeten am tierkesche Cabinet war, de Sommet vu Varna als positiv ëmschriwwen. Et wier gelongen den Dialog ze stäerken, an och d’Erwaardungen, déi un de Sommet geriicht waren, wieren erfëllt ginn. Dat hat den Donald Tusk, EU-Rotspresident, sengerzäit anescht gesinn.

Nom EU-Tierkei Sommet zu Varna, hat den EU-Rotspresident wéineg Positives ze beriichten. Hien huet de Sommet an engem Saz zesummegefaasst: „wann der mech frot ob mir Léisungen oder Kompromësser fonnt hunn, dann ass meng Äntwert nee“. E kuerze Statement deen déif blécke léisst an ënnersträicht, datt et méi Ënnerscheeder wéi Gemeinsamkeete gëtt.

Affinitéite mam Islamesche Staat?

Beim Mëttegiesse soll de Volkan Bozkir op déi bestänneg Kritik a Virwërf vu westleche Politiker agaange sinn, laut deenen d’Tierkei d’Bedreeung duerch den Islamesche Staat (IS) net géif eescht huelen. „Datt d’Tierkei tëscht 2012 an 2015 net decidéiert géint den IS virgaangen ass, wier eng infam Propagandaligen“, esou den AKP-Parlamentarier.

Et muss dann drun erënnert ginn, datt et och Grënn ginn huet, déi sengerzäit derzou gefouert hunn, datt der Tierkei de Virworf gemaach gouf, den IS ze ënnerstëtzen. Dat andeems den Dschihadisten erméiglecht ginn ass, vun der Tierkei no Syrien ze „reesen“. Et gëllt och als Erwisen, datt blesséiert IS-Kämpfer an tierkesche Spidäler behandelt goufen an uschléissend nees ausreesen duerften.

Laut Protokoll, soll de Volkan Bozkir och behaapt hunn, datt d’Tierkei dat éischt Land war, datt mat der Militäroperatioun am August 2016, dem IS zu Jarablus eng „empfindlech Néierlag“ zougefouert hat. Woubäi een hei muss drop hiweisen, datt déi international Koalitioun géint den IS, déi vun den USA geleet gëtt, schonn 2014 géint den IS a Syrien virgaangen ass.

Wann d’Tierkei als NATO-Member automatesch zur „Allianz“ gehéiert, esou dierf een net vergiessen, datt d’Tierkei zolidd Problemer mam syresche Regimm huet. Et waren dann och virun allem d’Kurden, déi der internationaler Koalitioun um Terrain gehollef hunn, sech dem IS ze entleedegen. Ankara betruecht d’Kurdemiliz YPG awer als terroristesch Organisatioun.

Ethnesch Villfalt no tierkeschem Muster?

An de Volkan Bozkir ass dann och beim Thema Syrien bliwwen. Elo wou den IS geschloe wier, an d’Tierkei op eng erfollegräich Militäroperatioun zu Afrine zréckblécke kann, géif een d’Kaarten nei mëschen. Zil vun der tierkescher Interventioun a Syrien, wier d’Hierstelle vun der ethnescher Villfalt. Eng hallef Millioun Syrer géifen elo nees zréckkommen.

Dozou notéiert den Diplomat: „Dës Opnam ass opgrond der Hierkonft vun de Flüchtlingen an de Kapassitéiten zu Afrine absolut onrealistesch“. Afrine ass kurdesch gepräägt, an d’Suerg ass grouss, datt den Erdogan déi demographesch Gegebenheeten zu Afrine verännert. Et solle sunnitesch Araber an der Regioun ugesidelt ginn, déi wéinst dem Biergerkrich an d’Tierkei geflücht waren.

En weidere Sujet beim Mëttegiessen: de saudesche Krounprënz Mohammed Bin Salman. Vun deem behaapt de Volkan Bozkir, datt hien erpresste Geld fir verschidde politesch Projete kéint asetzen. Dozou notéiert den Diplomat: „hei ass et elo Bizar ginn“.

Alles verstanen?

De Krounprënz, esou dem Bozkir seng Theorie, wëll „Palestinenser aus Palestina op d’Sinai-Hallefinsel ëmsidelen. Libyen soll a veschidden Eenzelstaaten opgedeelt ginn. Zu Mekka a Medina soll eng Aart Vatikanstaat entstoen“. Wou den AKP-Politiker un déi Informatioune wëll komm sinn, dat huet hien den Diplomaten dann awer, wei et schéngt, net gesot.

Hale mir hei dann awer fest, datt de Krounprënz Mohammed Bin Salman ganz rezent, wann och iwwerraschend, erkläert huet, datt d’Israelien e Recht op en eegent Land hunn. Deem entgéint gestallt dem Recep Tayyip Erdogan seng Ausso, datt den israelesche Premierminister Benjamin Netanyahu en „Terrorist ass“.

An dem Volkan Bozkir seng Wierder hunn dann och d’Diplomate schwéier irritéiert. Hätt et sech ëm eng vun den zougespëtzte Riede vum tierkesche President gehandelt, wier et nach méiglech gewiescht dovunner auszegoen, datt et eng populistesch, op déi tierkesch Innepolitik ausgeriichten, Ausso war. Datt hätt um Inhalt wuel näischt verännert, de Kontext awer schonn.

Mee well et sech bei dësem Mëttegiessen (eigentlech) ëm e ganzt eescht Format handelt, bei deem engem Krees vun auserwielten Experten, déi tierkesch Aussepolitik soll verständlech gemaach ginn, hunn dem Volkan Bozkir seng Aussoe méi Froen opgeworf wéi Äntwerte geliwwert. Verständlech deemno, datt vill Diplomaten nom Iessen nach just de Kapp gerëselt hunn.

mat AFP

Foto: De Volkan Bozkir (hei en Archivbild aus dem Mee 2016) war den tierkesche Minister fir europäesch Ugeleeënheeten a soll dem Recep Tayyip Erdogan nostoen. Seng Aussoe bei engem diplomatesche Mëttegiessen, hunn awer méi Froen opgeworf wéi Äntwerte geliwwert. © Patrick Hertzog/AFP

Nächsten Artikel Virrechten Artikel