Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum
which dating site is better eharmony or match https://moien.lu/bowes-lyons-dating/

https://moien.lu/difference-btw-dating-and-relationship/

Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn

dating a female widower
which dating site is better eharmony or match https://moien.lu/bowes-lyons-dating/

What the Fakt – déi éischt Webcam geet a Betrib a filmt…Kaffi?

Et huet just een Nomëtteg gedauert fir se ze entwéckelen.

D‘CGFP ass onzefridde mat den Äntwerte vun de Parteien op hir Fuerderungen
which dating site is better eharmony or match https://moien.lu/bowes-lyons-dating/

D‘CGFP ass onzefridde mat den Äntwerte vun de Parteien op hir Fuerderungen

Bei hirer grousser Maniff vum 27. November, hat d‘CGFP de

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Bei der Entrevue tëscht dem Emmanuel Macron an dem Recep Tayyip Erdogan, huet de franséische President sengem tierkeschen Homolog e Partenariat mat der EU ugebueden. Dat wier ënner den aktuellen Ëmstänn besser wéi en „Bäitrëtt“ deen es Ankara souwisou midd ass ze erwaarden.

Laut dem Elysée war den Entretien tëscht béide Staatscheffen éierlech. Et ass iwwert d’Divergenze bei der Situatioun vun de Mënscherechter an der Tierkei diskutéiert ginn, déi säit dem gescheiterte Putsch vun 2016, vum Regimm a Fro gestallt ginn. Op där aner Säit, huet ee sech géigesäiteg iwwer déi gutt Zesummenaarbecht am Kampf géint den Terrorismus gratuléiert.

Bei der gemeinsamer Pressekonferenz hu béid Presidenten sech zougestane, datt d’Perspektive vun engem „EU-Bäitrëtt“ net méi aktuell ass. Den Erdogan huet dann och gesot, datt „d’Tierkei es midd ass am Virzëmmer ze waarden“, dat säit 54 Joer. „Et kann een net stänneg biedele fir Member ze ginn“, bedauert den tierkesche President.

Als Äntwert huet de Macron gemengt, datt ugesicht dem Ëmgang mat de Mënscherechter an der Tierkei, Bäitrëttsverhandlungen ausgeschloss sinn. Dat festgestallt, huet de Macron agelueden, d’Relatioun mat der EU ze iwwerdenken. Méiglech wieren eng Kooperatioun bis hin zu enger Partnerschaft. Wichteg wier et d’Verankerung vun der Tierkei der EU ze erhalen.

Domatter stellt sech den Emmanuel Macron op d’Säit vun der däitscher Kanzlerin Angela Merkel, déi sech am September favorabel fir en Ofbroch vun de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ausgeschwat hat. Eng Prozedur déi souwisou zanter Joren agefruer ass. Hei huet den Erdogan dann och drun erënnert, datt 16 Verhandlungskapitel vu 35 opgeschloen, awer ni geschloss goufen.

„Ech mengen, datt d’EU sech net ëmmer gutt géintiwwer der Tierkei beholl huet, well se ëmmer den Androck hannerlooss huet, datt e Bäitrëtt méiglech wier“, esou de Macron. D’Positioun vum franséische President dierft awer e groussen Deel vun der politescher Gesellschaft a Frankräich zefriddestellen, notamment bei de Republikaner an dem Front National.

Rechtsstaat

Déi kuerz Visite vum Recep Tayyip Erdogan zu Paräis, war déi wichtegst an engem Land vun der EU säit dem geplatzte Putsch vun 2016, an der Well vu Repressioun déi deem gefollegt ass. Iwwer 140.000 Beamten haten uschléissend hir Aarbecht verluer an eng 55.000 Persoune sinn am Prisong gelant. Dorënner Journalisten, Universitairen a pro-kurdesch Militanten.

All déi Leit gi beschëllegt Propaganda vir den Terrorismus ze maachen oder eppes mam Reseau vum Fetthullah Gülen, dee fir de Putsch verantwortlech gemaach gëtt, ze dinn ze hunn. An dësem Kontext huet de franséische President säi Gaascht invitéiert de Rechtsstaat ze respektéieren. De Macron huet dann och eng Lëscht vun Eenzelfäll iwwerreecht wou „Handlungsbedarf“ besteet.

Mënscherechtsorganisatiounen hate vum Emmanuel Macron gefuerdert „haart ze bleiwen“ well déi „tierkesch Prisongen si voll vu Journalisten déi nëmmen hir Aarbecht gemaach hunn“, wéi et de Christophe Deloire, Generalsekretär vu Reporter ouni Grenzen ënnerstrach huet. D’Tierkei steet op Rang 155 (vun 180) am Klassement vun der Pressefräiheet.

Mee den Erdogan huet d’Onofhängegkeet vun der tierkescher Justiz verdeedegt an dës Persounen als „Gäertner vum Terrorismus“ bezeechent. Et wiere Leit „déi Waasser op d’Mille vun den Extremiste schëdden“ esou den tierkesche President. Eng gewoten Thees ugesicht der Zuel vu Journalisten déi agespaart gi sinn…

Engem Journalist deen et gewot huet nozefroen, wat dann elo un der Affär dru wier, bei där Ankara dem Islamesche Staat (IS) 2014 soll Waffe geliwwert hunn, huet den Erdogan geäntwert: „Du schwätz mat de Wieder vun der FETO (déi supposéiert terroristesch Organisatioun vum Fetthullah Gülen N.v.d.R.) net wéi e Journalist“.

Syrien

Béid Staatscheffen hunn och d’Situatioun a Syrien beschwat. Hei gëtt et Punkten op deenen een sech eens ass, awer och eng ganz Rei Saachen – d’Prozedur vun Astana a Sotchi dee vu Russland, dem Iran an der Tierkei initiéiert ass – wou et grouss „Differenze“ gëtt. Dat géif dem Fridden net entgéint kommen, well déi syresch Oppositioun zum Assad-Regimm net agebonnen ass.

Op bilateralem Niveau huet de Recep Tayyip Erdogan de Wonsch ausgedréckt, de wirtschaftlechen „Echange“ op 20 Milliarden US-Dollar ze héijen, géint aktuell 13,4 Milliarden. Paräis an Ankara, béid Member vun der NATO, hunn e Vertrag ënnerschriwwen, bei deem et ëm d’Etüden am Beräich vun der Loft- a Rakéitenofwier geet. En Dossier am Interessi vum Konsortium „Eurosam“.

mam Jérôme Rivet an dem Valérie Leroux/AFP

Foto: De franséische President Emmanuel Macron (l) zesumme mam tierkesche President Recep Tayyip Erdogan am Elysée. © Ludovic Marin/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, EU, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel