Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Alles Guddes un d’Stilikon Audrey Hepburn!
International Neiegkeeten

deepavali dating

Mat Sensibilitéit a rouegem Schauspill-Talent huet déi britesch-hollännesch Actrice Audrey

https://moien.lu/dating-old-photographs-family-history/
International Neiegkeeten

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Fir de Verkéiersfloss op den Autobunnen zu Stousszäiten ze optimiséieren,

Editorial: Lëtzebuerg besuergt sech säi Graas bei kanadeschem Dealer
International Neiegkeeten

Editorial: Lëtzebuerg besuergt sech säi Graas bei kanadeschem Dealer

Wéi ech gëschter Owend vun der Famill aus Kanada eng

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien

Ankara huet wéi versprach seng Truppen am syreschen Nordosten iwwert d‘Grenz geschéckt

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien

Et hat et laang a breet ugekënnegt, elo huet de Sultan seng Horden – an déi hinnen ugeschloss syresch Rebellen – iwwert Grenz beuerdert. Am fréien Nomëtteg huet d‘Tierkei säin Ugrëffskrich géint déi vun de Kurde kontrolléiert Regioun mat Loftschléi an Artilleriebeschoss agelaut. Um Owend sinn d‘Buedemtruppen „nogeréckelt“. Et gëtt éischt Affer, dorënner och Zivilisten…

TierkeiOb et den éischte Krich ass, dee via Twitter erkläert ginn ass, muss d‘Geschicht klären, gewosst ass datt d‘Tierkei hiren Ugrëff op Syrien mam „Kampf géint den Terror“ rechtfäerdegt. Hir Operatioun, esou den Tweet vun tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, géif sech géint déi kurdesch Terrororganisatioune PKK (Kurdesch Aarbechterpartei) an d‘YPG (Miliz) riichten.

TierkeiSënn an Zweck vun dësem Ugrëffskrich wier et, eng Sécherheetszon am Grenzgebitt anzeriichten, d‘Regioun vun den Terrorgruppe säuberen an dann déi syresch-arabesch Flüchtlingen aus der Tierkei hei unzesidelen. Dat eigentlecht Zil awer, do dierf ee sech näischt virmaachen, ass et hei eng ethnesch Säuberung virzehuelen. D‘Kurde solle verdriwwen oder ëmbruecht ginn, dat ass de Punkt.

Éischt Affer ënner den Zivilisten

De syreschen Observatoire fir Mënscherechter huet am spéiden Owend gemellt, datt et bei dëser éischter Offensiv op mannst 15 bestätegt Affer gëtt. Ënnert dëse wieren 8 Zivilisten, dorënner och Kanner. Bei deenen aneren Doudeger, handelt et sech ëm Combattante vun der kurdesch geleeter Allianz SDF (Syresch Demokratesch Kräften). Et géif och 40 Blesséierter, dovun 13 Zivilisten.

TierkeiAus dem tierkesche Krichsministère heescht et, datt insgesamt 181 Stellunge vun der Kurdemiliz aus der Loft a mat Artillerie ugegraff gi sinn. Net gesot huet de Krichsministère, datt si säit Januar, am Kader vun der „Sécherung“ mat den Amerikaner, déi ganz Géigend zimlech genau „analyséiere“ konnten. Mam Réckzuch vun den US-Zaldoten, ass der Tierkei d‘Attack eréischt erméiglecht ginn.

Vill Zivilisten hunn dann och schon d‘Flucht ergraff, déi meescht hu sech a Richtung Irak op de Wee an eng onsécher Zukunft gemaach. Anerer waarden of… an de leschte Jore war et hei roueg. Mam „Krich“ haten déi meescht ofgeschloss, et war – am verglach zum Rescht vu Syrien – verhältnesméisseg „roueg“. D‘Betounung läit op „war“, mat der Rou ass et elo definitiv eriwwer.

International Communautéit „veriergert“

Vill Regierungen, international Institutiounen an Organisatioune vun der Zivilgesellschaft hunn déi tierkesch Operatioun schaarf veruerteelt a fuerderen en direkte Stopp vun de Kampfhandlungen. D‘EU-Memberlänner hunn sech esouguer zu enger gemeinsamer Erklärung duerchgerongen an do heescht et:

„Erneit bewaffent Ausenanersetzungen am Nordoste wäerten d‘Stabilitéit an der ganzer Regioun weider ënnergruewen, d‘leide vun den Ziviliste verschlëmmeren an zousätzlech Verdreiwunge provozéieren“. D‘Tierkei géif zudeem d‘Erfolleger vun der internationaler Koalitioun géint den Islamesche Staat (IS) op d‘Spill setzen.

TierkeiE Statement ouni Bëss an esou „flaach“ dat se dovunner zu Ankara beschtefalls Notiz geholl hunn. Mee als NATO-Partner konnten sech d‘Europäer wuel keng méi däitlech „Ausso“ leeschten, an et dierf een net vergiessen, d‘Tierkei ass – am Géigesaz zu de Kurden – e wichtegen Handelspartner.

Hei sollt een allerdéngs e klengen Detail net iwwersinn: d‘Kurden si keng onbewaffent Armenier déi sech an d‘Wüst entféiere loosse fir do ze stierwen. Déi wäerten sech zur Wier setzen an där vun Ankara ugestriefter „Vernichtung vum kurdesche Vollek“ eppes entgéintsetzen.

US-President spënnt komplett

Datt den Donald Trump och aus dem „eegene Lager“ Kritik fir seng onséileg Decisioun, d‘Zaldoten – déi un der Säit vun de Kurde géint den IS gekämpft hunn – ofzezéien, muss astiechen, huet hie vu sech gewisen. Hien hätt der Tierkei schwéier „wirtschaftlech Konsequenzen“ ugedreet, sollten si a Syrien amarschéieren. Elo wou de Fall agetrueden ass, gëtt et nei Téin an dat kléngt dann esou:

„D‘Kurden hunn eis net am zweete Weltkrich gehollef, si eis net an der Normandie gehollef an hei kämpfen si fir hiert Land“, esou de Milliardär als Äntwert op wat hien elo gedenkt ze ënnerhuelen.

TierkeiAm Kongress awer forméiert sech elo de Widderstand an dat och nach Parteiiwwergräifend. D‘Senateure bereeden eng gemeinsam Resolutioun vir, mat där si Sanktioune géint Tierkei ergräife wëllen. De Republikaner Lindsay Graham huet via Twitter ugekënnegt, datt dës militäresch Operatioun den tierkesche President deier zu stoe kënnt. Wéi dat soll goe sot hien nach net.

An dësem Kontext ass et derwäert sech den „Graham-Van Hollen Turkey Sanctions Bill“ a Rou duerchzeliesen. Mee och wann dat esou ugeholl gëtt, et wäert net den Dout vun dausende Mënsche verhënneren. Et war an ass e Feeler et esouwäit kommen ze loossen, wou jo d‘Konsequenzen wäit am viraus bekannt waren…

De President awer verdeedegt seng Entscheedung: „D‘USA hunn de Kurde scho vill Hëllef zoukomme gelooss. Mir hunn onmoosseg vill Geld ausgi fir de Kurden ze hëllefen. Mat Munitioun, Waffen, Geld an Sold“, an hie bemierkt weider „Mir hunn d‘Kurde gären…“. Dat muss een net weider kommentéieren, esou e Statement schwätzt fir sech selwer.

UN-Sécherheetsrot siegéiert

Haut de Moie kënnt den UN-Sécherheetsrot op Demande vu Frankräich zesummen. Vun dëser Sëtzung sollt ee sech net allzevill erwaarden, och wann do – well et sech esou gehéiert – dee vun der Tierkei ageleeten Ugrëffskrich wäert veruerteelt ginn. Och am UN-Sécherheetsrot kann een dem Erdogan säin Entschloss net guttheeschen, mee wat sollen se da maachen?

Tierkei

D‘UN huet gëschter bekannt ginn, datt kee Goss méi do ass an net emol séchergestallt wier, datt si hire ronn 37.000 Salariéeën am November nach kéinten eng Pai ausbezuelen. Datt et ënner dësen Ëmstänn iwwerhaapt nach zu enger Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot komme kann… Woubäi de Virstouss vu Frankräich net der Vernichtung vun de Kurde selwer gëllt.

TierkeiAm Frankräich mécht ee sech virun allem Gedanken iwwer dat wat mat all den IS-Kämpfer geschitt déi vun de Kurden an Lager festgehale ginn. Paräis geet vu 450 franséischen Dschihadisten aus, déi d‘Kurde kéinte „lafe“ loossen. Dat géif dem IS neien Opwand ginn…

mat indymedia/tlv/bru/nyc

Ähnlech Sujeten Daes, islamesche Staat, Kurdemiliz YPG, SDF, Syrien, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel